Mobilitéit an der Stad Wéinst net-konformen Zebrasträifen: ASBL "ZUG" wëllt géint VDL op d'Geriicht

De Sträit tëscht der ASBL "Zentrum fir urban Gerechtegkeet" - kuerz ZUG - an der Stad Lëtzebuerg iwwer presüméiert net-konform Zebrasträife geet weider. D'ASBL gesäit eegenen Aussoen no keng aner Méiglechkeet, wéi d'Stad Lëtzebuerg op d'Geriicht ze huelen.

Marlène Clement / cbi

Zebrasträif
Foto: Bigstock / rarrarorro

Der ASBL no wiere 475 Foussgängersträifen an der Haaptstad net konform, der Stad Lëtzebuerg no wieren et der 37. Aus Dateschutzgrënn wéilt een dës Analysen awer net erausginn, sou d'Argument vun der Stad Lëtzebuerg.

Well och bei engem Treffe mat Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg Enn Abrëll näischt Konkretes erauskomm wier, hätt ee keng aner Optioun méi gehat, wéi de legale Wee anzeschloen, esou den Thorben Grosser vum ZUG.

D'Stad Lëtzebuerg hätt elo eng gewëssen Zäit fir dorop ze reagéieren, an am September wéilt den ZUG den Text vum Recours verëffentlechen.

Iwwer 7.000 Euro goufe scho gesammelt

Fir d'Geriichtskäschten ze decken hat d'ASBL am Juli eng Crowdfunding-Campagne lancéiert. Nach feelen 3.000 Euro fir op déi geplangt 10.000 Euro ze kommen.

D'Geriichtskäschte wiere variabel an et kéint deemno och sinn, datt méi wéi 10.000€ néideg sinn, seet den Thorben Grosser. Et wier ee bereet och eege Suen an d'Hand ze huelen, oder nach aner Spender ze mobiliséieren, betount hien.

"Déi 7.114 Euro, déi mer hunn, ass natierlech ee risege Succès. Also mir hunn ëm déi 100 Leit, déi eis Sue ginn hunn. Souguer wa mer net un déi 10.000 Euro kommen, kënne mir déi Leit onméiglech am Stach loossen."

De Ministère fir Mobilitéit seet iwwerdeems op Nofro hin, datt ee bis elo nach kee Kontakt mam ZUG iwwer d'Konformitéit vun den Zebrasträifen an der Stad hat.

Méi zum Thema

Patrick Goldschmidt
Transport

Vill vun de Vel'OH-Maschinnen an der Stad si futti, den Exploitant JC Decaux kritt se net séier genuch gefléckt - eng Erausfuerderung fir d'Stad Lëtzebuerg, seet den zoustännege Schäffen Patrick Goldschmit.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen