Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Omikron: Upassunge vun den Anti-Covidmesuren néideg

Coronavirus

Wéinst Omikron: Upassunge vun den Anti-Covidmesuren néideg

Ee Mount no Länner wéi Südafrika oder Dänemark ass och Lëtzebuerg an enger Well vun der neier Coronavariant Omikron ukomm. Vertrieder vun der Santé soten haut an diversen Interviewen, datt déi méi ustiechend Variant mëttlerweil och zu Lëtzebuerg d'Hallschent oder méi vun de Fäll ausmécht. Déi offiziell Zuele vum nationale Gesondheetslaboratoire leien nach däitlech méi niddereg, mee hunn awer och Retard. Et ass kloer, datt d'Regierung Ufank Januar nei Mesuren decidéiert. Wéi eng, ass awer nach net kloer.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

De Kontext schéngt kloer: D'Santé rechent an den nächsten Deeg mat weidere Rekordzuele bei de Neiinfektiounen. Dat sot den Thomas Dentzer vun der Santé de Moien hei op der Antenn. De Virolog féiert déi héich Zuelen op d'Verbreede vun der méi ustiechender Omikron-Variant zréck. Am Moment wier Lëtzebuerg nach um Ufank vun der Omikron-Well, esou den Thomas Dentzer. Hie geet dovun aus, datt um Héichpunkt vun der Well mat iwwer 5.000 Neiinfektioune pro Dag muss gerechent ginn. An dem Fall misst een dann driwwer nodenken och hei am Land d'Isolatiounsdauer fir Infizéierter erofzesetzen.

Den Thomas Dentzer mengt dofir et wier net dovun auszegoen, datt d'Isolatiounsdauer hei am Land scho bannent de nächsten Deeg wäert erofgesat ginn. Dat wier eréischt eng Optioun, wann esou vill Leit infizéiert wieren, datt de Fonctionement vun der Gesellschaft a Fro gestallt gëtt.

Omikron mécht zënter Chrëschtdag d'Hallschent vun den Infektiounen aus

Omikron géif zënter Chrëschtdag d'Hallschent oder souguer méi vun de Fäll zu Lëtzebuerg ausmaachen, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert am Tageblatt an de Santés-Mataarbechter Joel Mossong bei RTL.

De Joel Mossong sot, besonnesch 20-40 järeger wiere betraff, an haaptsächlech Leit, déi nach net geboostert wieren. Och Donnéeën aus Dänemark géife weisen, datt just d'Booster-Dosis vun der Coronaimpfung e gudde Schutz géint déi nei Variant wieren.

Upassunge bei der Teststrategie a beim Contact Tracing

Wéi däitlech d'Mesuren zu Lëtzebuerg wäerte verschäerft ginn, hänkt nach vun den nächsten Deeg of, krute mir gesot a ginn och d'Santésvertrieder an den Interviewen ze verstoen. Et gi staark Unzeechen dofir, datt de Krankheetsverlaf bei der Omikron-Variant manner schlëmm ass. Dänemark huet am Moment méi wéi sechs mol méi Infektioune wéi virun engem Joer, mee awer zwee bis dräi mol manner Covid-Stierffäll. An awer: well et vill méi Infektioune wäerte ginn, riskéiert de Fonctionnement vun der Gesellschaft och zu Lëtzebuerg op d'Prouf gestallt ze ginn.

Kloer ass elo schonn, datt d'Test-Strategie an de Contact Tracing vun der Santé mussen ugepasst ginn. D'Kontaktverfollegung an d'Hotline vun der Santé sinn déi lescht Woche bei den héijen Infektiounszuele schonn net méi nokomm. Mat iwwer dausend Fäll den Dag kann den aktuelle System sécher net bäigehale ginn, a wäert dofir ugepasst ginn.