Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëllkomm zu Lëtzebuerg!

Fräie Mikro

Wëllkomm zu Lëtzebuerg!

Eng bezuelbar Wunneng ze fannen ass fir Leit oder Famille mat wéineg Akommes schwéier, dofir ass d'Nofro no Sozialwunnenge grouss. Mee fir esou eng Wunneng ze kréien, sinn d'Krittäre fir Famillje mat vill Kanner alles anescht wéi gënschteg, seet d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen an hirem Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen a fréier Presidentin vun der ASTI. Foto: Archiv

Enn 2021 louch hei am Land den Duerchschnëttspräis pro Metercarré an der Locatioun hei bei 31,5 Euro. Fir eng Wunneng vun 80 Quadratmeter läit de Loyer deemno bei 2.520 Euro de Mount.

Zuelen, déi een dronke maachen, wann ee weess, wei schwéier et ass fir Leit oder Famillje mat wéineg Akommes, mat esou Loyeren eng Wunneng ze fannen.

Sozial mannerbemëttelt Familljen oder Mënsche kënne sech, wann iwwerhaapt, also nëmmen eng Lokatioun leeschten. Och Migranten, déi frësch an d'Land kommen, wëlle fir d'éischt emol lounen. Mee ouni festen Aarbechtskontrakt gëtt een dacks net emol als méigleche Lokatär betruecht. A fir eng Sozialwunneng ze kréien, muss een dräi Joer am Land schonns gewunnt hunn.

Eligibilitéit fir Sozialwunnengen: Kontraproduktiv Mesuren

De Règlement grand-ducal vum 16 November 1998, deen d'Konditioune festleet fir d'Eligibilitéit fir eng Sozialwunneng, schreift eng Kummer pro Koppel oder Persoun vun 12 Joer u vir, respektiv eng Kummer fir maximal zwee Kanner ënner 12 Joer.

Eng handicapéiert Persoun muss onofhängeg vun hirem Alter en Eenzelzëmmer kréien. Dat heescht, datt eng Famill mat dräi Kanner, vun deenen eent méi ewéi 12 Joer huet, eng Sozialwunneng mat dräi Schlofkummere muss ugebuede kréien.

Mesuren, déi zum Schluss vum leschte Joerhonnert ouni Zweiwel am Interêt vum Confort vun de Locataire waren, sinn an der haiteger Zäit kontraproduktiv, well se et Famillje mat ville Kanner quasi onméiglech maachen, fir eng Sozialwunneng ze fannen. Grouss Wunnenge sinn haut souwisou rar an deier.

D'Konditioune maachen et de Leit schwéier

Dëst erkläert zum Deel firwat esou vill Familljen, déi de Statut vum Flüchtling hunn, weiderhin an den Foyere fir Refugiéë vum Staat hänke bleiwen. Wien de Flüchtlingsstatut zu Lëtzebuerg huet, muss zu Lëtzebuerg wunnen! Déi aner kënne sech alt eng méi bëlleg Wunneng op där anerer Säit vun der Grenz sichen.

All dës Konditioune maachen et fir Flüchtlingen, mee och fir vill aner Mënschen, immens schwéier, eng Sozialwunneng ze kréien. Dobäi kënnt, datt Mënschen aus aner Deeler vun der Welt um Wunnengsmaart dacks opgrond vun hirer Origine oder hirer Hautfaarf diskriminéiert ginn - en Ëmstand, dee rezent duerch d'Etüd vun CEFIS a LISER iwwer de Rassismus zu Lëtzebuerg bestätegt gouf.

A wann een dann z.B. vun der Agence Immobilière Sociale endlech eng Wunneng kritt, dierf een héchstens dräi Joer dra wunnen. Déi mannst fannen an der kuerzer Zäit um Lëtzebuerger Marché eng Alternativ, déi se sech leeschte kënnen.

De Staat awer hält u sengen Zëmmerkonditioune fest. Sozial schwaach Famillje mat méi Kanner liewe weiderhin op enkem Raum a wunnen an onwierdege Verhältnisser. Firwat ginn dës Konditiounen net revidéiert?

Alternativ Wunnmodeller

Dobäi leie konkret Proposen um Dësch, z.B. Wunngemeinschaften oder intergenerationell Wunnmodeller. Vill eeler Leit wunnen eleng a groussen Haiser. Jonker oder Famillje kéinte bei hinnen ënner Dag kommen, am Haushalt hëllefen, de Gaart maachen oder soss kleng Déngschter leeschten, am Echange vun engem erschwéngleche Loyer.

Leider erlaben awer verschidde Gemengen net, datt a Wunnengen, déi als unifamilial agedroe sinn, zousätzlech Persounen ugemellt kënne ginn. Vill grouss Haiser bleiwe weider ënnerbenotzt, soziale Wunnraum bleift eng Raritéit an d'Foyere bleiwen iwwerfëllt. Brénge mer et wierklech net fäerdeg, nei Modeller vum Zesummeliewen ze entwéckelen?

Fir Mënschen aus Drëttlänner besteet iwwregens bei der Familljenzesummeféierung d'Konditioun, datt d'Wunneng, an der d'Famill herno lieft, mindestens 12 Quadratmeter fir den Haaptbewunner an 9 Quadratmeter fir all weider Persoun muss hunn. Wann ee just de Mindestloun verdéngt, gëtt et schwéier, seng Famill hei am Land erëm ze vereenen. Mee vläicht ass dat jo och esou geduecht...


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.