Radioen

On air

Notturno  |  Friendship - Ugly Little Victory

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech weess net, wéi ech dat kompenséiert kréien."

Wéngerten ouni Glyphosat

"Ech weess net, wéi ech dat kompenséiert kréien."

An noer Zukunft wëllt déi Europäesch Unioun d'Planzeschutzmëttel Glyphosat verbidden. Als Virreider wëllt Lëtzebuerg schonn ufanks nächst Joer komplett Glyphosat-fräi sinn. De Lëtzebuerger Wäibau verzicht dëst Joer scho fräiwëlleg dorop. Wéi schwéier ass déi Ëmstellung fir d'Wënzer hei am Land? Wéi eng Alternative ginn et zum Glyphosat? A wéi gesäit d'Situatioun den Ament aus? D'Maxi Pesch ass bis op d'Musel an d'Wéngerte gefuer.

auto_stories

5 min

Mir sinn zu Wellesteen mam President vun der Cooperative Domaines Vinsmoselle, Josy Gloden.

"Hei ass elo e Wéngert wou Dir gesitt, wou de Buedem beschafft ginn ass. Ech fuere mat Rollhacken den Ament. Mee ech wäert mir och eng aner Maschinn kafe mat Schnéier. Well d'Rollhacke kommen net iwwerall drun."

20 bis 25 Prozent vun de Wënzer bei Domaines Vinsmoselle géifen den Ament ouni Glyphosat schaffen, erkläert den Josy Gloden, President vun der Cooperative bei där eng 200 Famille Member sinn. Si bréngen hir Drauwen an d'Cooperative, déi se da verschafft. Schonn dëst Joer sollen d'Wënzer alleguer fräiwëlleg op de sougenannten Roundup verzichten.

D'Theema wier net vun haut op muer opkomm, mee hätt sech iwwer dräi bis véier Joer erausgezunn, sou de Josy Gloden. Am Ufank hätten nach net vill Wënzer matgemaach.

De Josy Gloden an de Bernd Karl

De gesellschaftlechen Drock hätt eng grouss Roll beim Ëmdenke gespillt, erkläert den techneschen Direkter vu Vinsmoselle, de Bernd Karl.

"Ech mengen och all Wënzer kuckt Tëlee a liest Zeitung. An dat betrëfft net just de Client, mee och de Wënzer a seng Famill. Do gëtt diskutéiert. An do denken d'Leit natierlech och ëm. Wann een do all déi doudkrank Leit gesäit."

Déi ganz Dynamik hätt och d'Alternativen zum Glyphosat gefërdert. Niewent Fuerschungen zu neien Herbiziden géif de Marché vun de Maschinnen, déi ganz Herbizid-fräi schaffen, ëmmer méi grouss ginn.

Den technesche Fortschrëtt bei de spezialiséierte Maschinne wier immens séier, sou datt se quasi all dräi Joer missten ersat ginn.

"Hei ass lo meng Maschinn, Dat gëtt vir un den Trakter opgebaut. An déi ass da verstellbar, an da ginn déi Rollhacken an de Buedem eran, an dat lockert dann de Buedem."

Tëschent 10.000 an 20.000 Euro muss e Wënzer fir eng Maschinn op den Dësch leeën. E groussen Investissement, zemools fir kleng Betriber, erkläert den Ern Schumacher, laangjärege President vun de Privatwënzer. Et misst ee kucken, wat ënner dem Stréch Rescht bleift.

"Ech verstinn och déi Leit, déi ganz vill Wéngerte maachen, a fir déi dat einfach beschafe war mam Glyphosat. A wann s de lo dorop verzichts, éischtens gëtt et méi deier, an et ginn och Präisser hei op der Musel, déi net ganz glécklech sinn a Wënzer, déi just dat pro Hektar kréie fir ze iwwerliewen. Wa jiddweree géif belount gi fir seng Aarbecht, déi e géif maachen, da wiere mir frou."

Wéi vill Euro d'Kooperativ Domaines Vinsmoselle hire Wënzer pro Kilo Drauwe bezilt, krute mir op Nofro hin net gesot. Mee och fir Privatwënzer, bei deene scho 50 Prozent Glyphosat-fräi fueren, wéi zum Beispill de Max, ass et finanziell net evident fir op mechanesch Methoden ëmzeklammen. "Et ass natierlech vill méi zäitopwändeg an d'Maschinn kascht natierlech 15.000 Euro. Ech weess net, wéi ech dat kompenséiert kréien."

De Max a seng Maschinn

Groussen Investissement fir kleng Wënzer

Niewent der Maschinn géifen d'Mazoutskäschten, den Aarbechtsopwand an d'Trakterskäschten dobäi kommen. A jee no Terrain géifen d'Maschinnen och guer net op alleguer d'Plaze kommen, wéi de Josy Gloden erkläert.

"Hei si mir elo an den Terrassen. Do muss ech déi eng Säit mat der Hand beschafen. Dat ass natierlech vill méi schwéier. Ech mengen de Rampli muss propper gehale ginn. Soss wuessen hei Weidestäck. An dat ass dann den Nodeel, wou da sou Maschinnen un hir Limitte kommen. An dann ass et entweder 100 Prozent Handaarbecht, oder et muss ee mat engem aneren Herbizid schaffen. Do muss de Wënzer da kuckeN, wéi en Deal e maache kann.

Fir d'Wënzer finanziell ze ënnerstëtze gëtt de Staat Subventiounen. Eemol 20 Prozent op e plafonéierte Montant vun enger neier Maschinn an eng Primm vu 50 Euro pro Hektar, wann de Wënzer elo schonn op Glyphosat verzicht. Dat wier net déi richteg Approche a géif och souwisou net wäit genuch goen, erkläert den Ern Schumacher, "dat ass méi oder wéineger d'TVA, déi dir do spuert".

An der Landschaftsflegeprime géif een neierdéngs 50 Euro pro Hektar bäikréien, sou de Wënzer. "An do sinn der dann déi hunn am Hannerkapp domadder en aneren Herbizid ze kafen. Dat ass jo net de Sënn dovun."

Ern Schumacher

Keng Motivatioun fir Biowënzer

Dobäi kéim, datt d'Biowënzer, déi souwisou scho ganz ouni Herbizide schaffen, net vun den neie Primme profitéieren, kritiséiert de Bio Wënzer Nicolas Schmit. D'Regierung wéilt jo eigentlech an den nächste Jore just nach Biowäibau hunn, seet hien.

"An elo läit d'Differenz vun de Subsiden vun engem Biobetrib op e konventionellen Betrib just nach bei 15 Prozent. Virdrun louch d'Differenz bei 48 Prozent. Elo ass keng Motivatioun do fir Bio ze maschen, ausser fir sech selwer."

Op laang Dauer wier et Zil vum ganze Wäibau, fir net just ouni Glyphosat mee souwäit et geet, ganz ouni Herbizide schaffen ze kënnen, erkläert de Josy Gloden vum Domaines Vinsmoselle. Et wéilt een e "fairen an nohaltege" Wäibau maachen, ouni zu 100 Prozent op Bio ëmzestellen. "Wou mir och kënne soen, datt mir och Betriber hunn, déi 100 Prozent op Herbizid verzichten."

D'Privatwënzer wënsche sech souguer een 100 prozentegen Herbizid-fräie Wäibau. Dem Ern Schumacher no misst dat och machbar sinn. D'Konsumente wieren awer och gefuerdert, gëtt hien ze bedenken.

"Wann ech an de Wéngert schaffe ginn, an ech investéier méi fir Natur-gerecht e Produkt hierzestellen, da vertraut de Konsument eis jo och. An ech mengen, datt deen och bereet ass, e puer Euro fir en Herbizid-fräie Wäin ze bezuelen."

E weidert Verbuet, wéi beim Glyphosat, wënscht sech awer keen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.