Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Performance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wënzer si laangfristeg op Bewässerung ugewisen

Drauwelies

Wënzer si laangfristeg op Bewässerung ugewisen

Zu Lörzweiler bei Mainz an Däitschland huet d'Wäilies gëschter offiziell ugefaangen. Och hei zu Lëtzebuerg fänkt d'Wäilies ronn zwou Wochen éischter un: Fir Ufank September gëtt mat der Recolte ugefaangen, well Drauwe bei dësem waarme Wieder éischter konnte räifen, seet de Serge Fischer, Leeder vum Institut viti-vinicole vu Réimech am Interview mam Armanda Scheuer.

auto_stories

2 min

Armanda Scheuer: Wisou ass d'Wäilies dëst Joer scho sou fréi?

Serge Fischer: Wien elo scho laanscht d'Musel gefuer ass, dee gesäit dat. D'Pinot Noire sinn zum Beispill schonn am gaangen zeideg ze ginn, esou datt een elo praktesch zwou Wochen Avance an der Vegetatioun huet. D'Nuance ass awer, datt wéinst der Dréchent, eng Rei vu jonke Parzellen ënner dem Dréchestress leiden. D'Entwécklung vun där Drauf ass doduerch zeréckgesat ginn. Dat heescht et gëtt net alles op ee Punkt zeideg. Et kann natierlech sinn, datt deen een oder anere schonn Enn August geet, e Frühburgunder zum Beispill. De Gros vun den Zorte wéi Auxerrois a Rivaner wäert uganks September gelies ginn.

A.S: Rechent Dir mat Abéissen dëst Joer?

S.F: Ech ka keng Prognos maachen, de Summer ass nach net eriwwer. Mir wëssen awer aus vergaangene Joren, datt d'Dréchenheet e relativ staarken Afloss op den Ertrag kann hunn. 2003 war zum Beispill sou ee Joer.

A.S: Leit d'Qualitéit vun de Wäiner ënner dësem Wieder?

S.F: Grondsätzlech mierke mir de Klimawandel ganz gutt. Dee leschte Joergang, dee mir net zeideg krute war 1987. Fréier hate mir op der Musel de Problem, datt all véier oder fënnef Joer d'Drauwen net zeideg gi sinn. Dee Problem hu mir elo net méi, fir eis ass dat positiv. Dat eenzegt, wat mir elo nach fäerten, ass, datt d'Drauwen Enn August zeideg ginn, an datt et dann iwwer eng länger Zäit reent. An deem Fall géife mir Problemer mat der Fäulnis kréien, wat dann och erëm Ertragsverloschter bedeite géif.

A.S: Gëtt et momentan Méiglechkeete fir d'Wéngerten ze bewässeren?

S.F: 2003 koum déi éischt Kéier d'Fro vun enger Bewässerung fir d'Wéngerten op. Et gëtt de System vun der Tröpfchenbewässerung. Jonk Planze ginn awer einfach mam Schlauch genat. Bei dëser Diskussioun muss ee sech och d'Fro stellen, wou d'Waasser hierkënnt. Drénkwaasser kann een net bezuelen, wann een eng ganz Anlag muss bewässeren. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob net éierens Opfangbecke kënne gebaut ginn, fir d'Reewaasser opzefänken. Wann d'Wieder an den nächste Jore weider esou waarm an dréchen ass, wäerte mir wahrscheinlech net laanscht déi Diskussioun kommen.