Bei den zwou leschte Bundestagswahlen loung d'Wahlbedeelegung mat knapp iwwert 70 Prozent op engem Rekorddéif. Am Verglach: Bei de franséische Presidente-Wahlen am Mee dëst Joer louch d'Wahlbedeelegung am zweeten Tour zum Beispill bei knapp iwwert 65 Prozent.
Trotzdem mécht sech d'Frankfurter Allgemeine Zeitung mat der "80 Prozent Challenge" staark dofir, datt méi Wahlberechtegt an Däitschland vun hirem Stëmmrecht Gebrauch maachen. Ënnerstëtzter vun der Challenge, wéi de Journalist a Moderator Dirk Steffens oder de Sänger Andreas Burani, wëlle mat Wett-Asätz d'Wahlbedeelegung fir d'Bundestagswahl ukierpen.
Gemeinsam knacken wir die #80prozent bei der #btw17. @bourani unterstützt uns mit seinem persönlichen Wetteinsatz. ♫ https://t.co/BLBnFrTT0N pic.twitter.com/i0vfSZji0P
- FAZ.NET (@faznet) 12 mai 2017
Dirk Steffens unterstützt Erstwähler-Initiative der F.A.Z. https://t.co/gj8PqRyWSZ
- dirk steffens (@steffens_dirk) 23 mai 2017
Jonk Wieler mobiliséieren
D'Initiativ vun der Frankfurter Allgemeine Zeitung riicht sech virun allem u Jonker. D'Zil ass et, datt 80 Prozent vun de Wahlberechtegte hir Stëmmen ofginn. Bei de leschte Bundestagswahle viru véier Joer hunn nämlech just knapp iwwert 64 Prozent vun den Éischtwieler hir Stëmmen ofginn.
Op d'Initiativ ugeschwat wossten déi meescht Leit zu Berlin zwar net, wat den "80-Prozent-Challenge" wier. Datt méiglechst vill Leit solle wiele goen, hu si awer begréisst. Zum Beispill de Fabian, ee Berliner Student.
"Well ech et wichteg fannen, datt ee sech d'Méi mécht Stëmmen ofzeginn, wann ee kann. Well et an anere Länner net selbstverständlech ass, datt ee wiele goen dierf. An, datt een en Afloss dorop huet, wien an der Regierung sëtzt."
Wahlflicht - oder Wahlführerschäin?
Aneschtes wéi zu Lëtzebuerg mussen d'Wahlberechtegt an Däitschland. Vun der Wahlflicht halen eng Parti Leit zu Berlin allerdéngs näischt. "Wann ee sech guer keng Gedanken doriwwer mécht, da soll een net einfach iergend eppes wielen", seet eng Fra. Et gehéiert zu der Demokratie dozou, datt ee selwer entscheede kann, ob ee wiele geet oder net", seet d'Stephanie, 30.
D'Wahlobligation bereet dem Jörg, 50, Kappzerbrieches. Engersäits misst jidderee fräi sinn ze wielen oder net. Anerersäits géifen déi Leit dacks net wiele goen, déi duerch hir Stëmm eppes un hirer Situatioun verbessere kéinten. "Wa se gezwonge gi wielen ze goen, géif sech vläicht eppes verbesseren."
Den Daniel, 36, plädéiert sengersäits fir d'Aféiere vun engem "Wahlführerschäin". D'Leit wieren net genuch iwwert d'Wahlen informéiert, mengt hien. "Wiele goen ass ee Privileg a wien dee Privileg net appreciéiert, dee sollt och net wiele goen."