Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Widderspréchlech Aussoe vum Finanzminister?

Enquête Panama Papers

Widderspréchlech Aussoe vum Finanzminister?

Den Europadeputéierte Werner Langen zweiwelt drun, datt de Pierre Gramegna der europäescher Enquêtekommissioun d'Wourecht sot. An der Chamber huet de Minister confirméiert, datt een Affekot vum Finanzministère ofgerode krut mat der Kommissioun ze schwätzen.

auto_stories

3 min

Werner Langen (European Union 2017 - Source : EP / Alexis Haulot)

D'Enquêtekommissioun vum Europaparlament, déi an der Suite vun de Revelatiounen iwwert déi sougenannt "Panama Papers" enquêtéiert, war den 2. an 3. Mäerz zu Lëtzebuerg. Ënnert anerem hunn d'Europadeputéiert mat Regierungsvertrieder geschwat.

De Finanzminister wier gefrot ginn, ob et stëmmt, datt ee Beamte vum Finanzministère geroden hätt net der Enquêtekommissioun zur Verfügung ze stoen: "Dorobber huet de Finanzminister Pierre Gramegna 'Nee' geäntwert. Offensichtlech ass et him awer agefall, oder hie krut nach Dokumenter, datt dat awer de Fall war", seet de Werner Langen.

Well virun der zoustänneger Kommissioun vum nationale Parlament hätt de Pierre Gramegna elo jo de Géigendeel gesot. De Minister hat den 8. Mäerz an der Chamber confirméiert, datt de Finanzministère engem Geschäftsaffekot geroden huet, net virun der Enquetekommissioun auszesoen. Hie seet awer, hie selwer hätt net doriwwer Bescheed gewosst.

Weidere Boykott vun Enquêtekomissioun?

Den EVP-Europadeputéierten Werner Langen zweiwelt dorunner, datt et sech ëm een Eenzelfall handelt an datt de Minister dovunner näischt wousst: "Ech si mir net sécher, wéi vill Affekoten a Banken déi Recommandatioun kritt hunn. An ech si mir haut och net sécher, nodeems fest behaapt gouf et hätt ee keng Kenntnis dovunner, ob de Finanzminister net selwer involvéiert war."

Den Optrag vun der Enquêtekommissioun wier et, fir d'Verhale vun de Memberstaaten a vun der EU-Kommissioun a Froe vun der Geldwäsch, der Steiervermeidung an der Steierhannerzéiung opzeklären. "An och wa mir am eigentleche Sënn kee Recht hu Leit ze convoquéieren, ginn ech dervun aus, datt de Finanzminister d'Uleies vun dësem Parlament eescht hëlt. Lëtzebuerg ass ëmmerhin ee Grënnungsmember vun der EU. An ech ka mir net virstellen, datt déi politesch Decisioun ass, fir d'Enquêtekommissioun weider ze boykottéieren. Wéi dat jo geschitt ass am Fall vun engem Staatssekretär vun der Lëtzebuerger Regierung, dee fréier als Affekot aktiv war an net an d'Kommissioun komm ass. Ech ka mir net virstellen, datt dat kann duerchgehale ginn." Hie géif dervun ausgoen, datt een Guy Arendt géif invitéieren an datt hien op Bréissel kéim.

D'Feeler vun der Vergaangenheet

De Werner Langen hält et och fir onwahrscheinlech, datt de fréiere Vize-President vun Eurojust Carlos Zeyen "op eemol verschwonn" soll sinn an net z'errreeche wier. Als Affekot wier de Carlos Zeyen Gréant vun enger Rei Bréifkëschteformen am Panama gewiescht. "Ech ka mir net virstellen, datt déi Lëtzebuerger Regierung am Eescht dorunner interesséiert ass, d'Feeler vun der Vergaangenheet einfach ënnert den Dësch ze kieren. Dat wäert d'Enquêtekommissioun net duerch goe loossen."

Wéini d'Europadeputéiert nach d'Vertrieder aus Lëtzebuerg nach emol wéilten invitéieren, géif e Méindeg decidéiert ginn, sou de Werner Langen.