Radioen

On air

Tockcity  |  Mavi Phoenix - World's End

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie gëtt neien CSV-President?

Parteipolitik

Wie gëtt neien CSV-President?

De Frank Engel a Serge Wilmes kandidéiere fir de Poste vum CSV-Parteipresident. Eng 700 Delegéierter sinn um Kongress wahlberechtegt. Wie gëtt neie President a wéi een Oppositiounsstil wäert et vun elo u ginn?

auto_stories

4 min

Um CSV-Kongress wäerte personell Entscheedunge getraff ginn. Foto: Archiv.

Véier Hearinge goufen et am Virfeld vun dësem Nationalkongress, wou d'Kandidate sech den Delegéierte konnte virstellen an op Froen äntweren. Dës Ronne wieren eng ganz gutt Saach gewiescht, well een am Kontakt an an der Diskussioun mat de Membere war, fënnt de Kandidat Serge Wilmes.

D'Membere vun der Partei wieren der CSV hir Stäerkt an et sollt ee sech an Zukunft och méi déi d'Membere stäipen, fënnt de Serge Wilmes. Hie weist sech optimistesch: "Mir stinn op engem gudde Fundament". Och wann een d'Chamberwahlen net gewonnen hätt, bräicht een de Kapp net an de Sand ze stiechen. D'Gemengewahlen hätt een haushéich gewonnen.

D'CSV erëm an d'Regierung bréngen

Zimlech dynamesch, esou beschreift deen anere Kandidat Frank Engel den aktuellen Zoustand vu senger Partei. D'Stëmmung wier eigentlech ganz gutt, an d'Leit an der CSV wiere bereet fir een neien Opbroch.

D'Partei hätt Potential sech erëm an eng Positioun ze bréngen, datt déi aner Parteien net méi dolaanscht kéimen, fir mat der CSV eng Koalitioun anzegoen. "Mir wëllen dat awer net maachen aus Verbruetheet, mir wëllen dat maache well mir Proposen, Themen, Iddien, Inhalter wäerten op den Dësch leeën, déi och d'Wieler wäerten dovun iwwerzeegen, datt et besser mat CSV ass, wéi ouni."

Ee Prozess, deen et an där Form nach net gouf

Et wier net um CSV-President fir elo schonn op alles Äntwerte vir ze ginn, ënnersträicht den Deputéierten a Stater Schäffe Serge Wilmes. Et géif een awer net den nächste Spëtzekandidat wielen, mee den nächste Parteipresident.

Hie géif dee Prozess an der CSV, deen an där Form eigentlech nach ni do war, gäre begleeden: dowéinst wéilt hien neie Parteipresident ginn, seet de Frank Engel zu senger Motivatioun. Hie wéilt a kéint dat awer net eleng maachen, "mee ech hu Loscht deen dote Prozess ze inspiréieren an u senger Spëtzt ze stoen."

Wéi een Oppositiounsstil?

D'Oppositiounspolitik an den nächste Jore wäert virop vun der CSV-Fraktioun gemaach ginn, erkläert de Serge Wilmes. Hien hätt net wëlles fir een zweete Fraktiounschef ze ginn.

"Et ass eng Oppositiounspolitik, déi intelligent muss sinn, déi kloer Konturen huet, kloer Positiounen, mee déi awer och respektvoll ass, well mir brauchen herno e Partner. Den Interêt vum Land soll iwwer dee vun der Partei gestallt ginn, dat mengen ech ass déi Politik, fir déi mir och an Zukunft als CSV wäerte stoen."

Bei der Fro nom Oppositiounsstil fir d'Zukunft, verweist de Frank Engel op seng Gewunnecht, fir "d'Saache gäre mam Numm ze nennen". Dat géif an nächster Zäit dann och "resolut" geschéien, och wa vun der Majoritéit "déi üblech Äntwerte kommen".

Thematesch Defiziter vun der CSV

Wat déi geplangten inhaltlech Erneierung bei der CSV ugeet, gëtt de Kandidat Serge Wilmes zou, datt et Theme ginn, bei deenen d'Partei bis elo net no genuch bei der Liewensrealitéit vun de Leit war. Et misst een nieft der Digitaliséierung an dem Klimawandel och aner Sujeten traitéiere wéi Famill, Soziales, Logement oder Mobilitéit. "Mir mussen eben déi ganz Ressourcen, déi an deenen 10.000 Membere stiechen dofir mobiliséiert kréien."

Déi thematesch Defiziter vu senger Partei beschreift dem Serge Wilmes säi Géigekandidat Frank Engel ganz ähnlech. "Mir hunn Defiziter a Politiken", gëtt hien zou, besonnesch digital Theme wéi kënschtlech Intelligenz, mee och Nohaltegkeet an Ekologie nennt de Frank Engel als Beispill. "Déi musse mir an de Virdergrond bréngen". Hie wéilt bei dësen Themen awer den anere Parteien näischt nomaachen, mee "eppes anescht" maachen.

Wat d'Chancen ugeet, fir muer Samschdeg als CSV-President gewielt ze ginn, seet de Frank Engel, datt hien zouversiichtlech wier. De Serge Wilmes hätt vu Leit héieren, datt si hie géifen ënnerstëtzen, mee ob dat duergeet fir d'Majoritéit ze kréien, dat géif sech eréischt e Samschdeg weisen.