Radioen

On air

Tockcity  |  Elbow - The Picture

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie gi mir wielen?

Fräie Mikro

Wie gi mir wielen?

Mat Bléck op d'Superwaljoer 2023 freet de Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum sech, wie mir dann am Juni an am Oktober wiele ginn. Well et ass alles wéi net kloer, ob déi Kandidat:innen, déi fir d'Gemengewalen optrieden och fir d'Chamberwalen a Fro kommen oder ëmgedréit.

auto_stories

4 min

De Michel Pauly ass Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum. Foto: Archiv

Well d'Chamberwalen all fënnef Joer an d'Gemengewalen all sechs Joer sinn, sinn all 30 Joer déi zwou Walen am selwechte Joer. Mee dëst Joer ass et anescht wéi soss.

En aneren Timing wéi soss

Well mer 2013 no der Regierungskris am Oktober wiele goungen, sinn 2023 fir d'éischt an der Geschicht d'Gemengewale kuerz virun de Chamberwalen. Well Regierung a Majoritéitsparteien hunn decidéiert, de Gemengepäpp hiert Mandat ëm sechs Méint ze kierzen an hir Walen am Juni ze organiséieren, amplaz wéi soss ëmmer am Oktober.

Firwat se net hiert eegent Mandat ëm dräi Méint gekierzt hunn an d'Chamberwalen nees wéi fréier an de Juni verluecht hunn, bleift hiert Geheimnis, dat awer net grad fir Fairness vis-à-vis vun de Gemengepolitiker schwätzt.

forum huet bei de Parteien nogefrot

Well dee Kalenner also eng Première ass, huet d'Redaktioun vun der Zäitschrëft forum an hirem Januar-Heft d'Parteie gefrot, wéi se mat där Situatioun ëmginn. Als Wieler géif ee jo gär wëssen, ob de Serge Wilmes nach als Spëtzekandidat fir d'Chamber a Fro kënnt, wann e senger Liewen net Buergermeeschter an der Stad gëtt.

Wann en dat Walzil erreecht, kënnt e jo warscheinlech souwisou net a Fro fir e Ministeschposten. An dat selwecht gëllt fir d'Corinne Cahen, wann et net an de Gemengerot gewielt gëtt: huet et dann nach eng Chance, nees an d'Chamber respektiv an d'Regierung ze kommen?

Ënnerschiddlech Äntwerte vun de Parteien

D'Äntwerte vun de Parteie sinn awer alles wéi eendeiteg. Déi eenzeg déi eng kloer Linn hu sinn déi Lénk: Bei hinnen ass en duebelt Mandat verbueden. Kéim also ee vun hinnen an e Schäfferot, dierft e net méi op enger Lëscht fir d'Chamber kandidéieren.

Déi Gréng, CSV an LSAP soen ëmmerhin, si géifen hir Kandidat:inne fir d'Chamber eréischt no de Gemengewale bestëmmen. Gëllt dat och fir d'Spëtzekandidaten? D'DP schwätzt sech wéi gewinnt als eenzeg Partei kloer fir Duebelmandater aus. Mee wien dann elo wat fir ee Mandat unhëlt, bleift ontransparent.

Mat de Wierder vun der CSV: "Eng allgemeng gülteg Äntwert op d'forum-Fro ass net méiglech. Mir gesinn no de Walen vu Fall zu Fall, wéi mir et maachen."

Änlech de Piraten hir Ausso. De Wieler gëtt also net am viraus gewuer, ob dee Kandidat, deem e seng Stëmm gëtt, och tatsächlech am Gemengerot bleift oder ob en an d'Chamber wiesselt an da villäicht Minister gëtt.

Aner Propose fir d'Gemengewalen

Am forum-Dossier gi nach aner interessant Froen opgehäit: Den Alex Bodry, zéng Joer laang Buergermeeschter vun Diddeleng, erzielt, wat fir e Gewurschtels dat war. Hie war op kenger Plaz, weder an der Gemeng, nach an der Chamber zefridde mat senger Leeschtung a plädéiert fir d'Ofschafe vum Duebelmandat.

An de Pierre Lorang freet sech, ob et net besser wier, wéi a ville Länner, de Buergermeeschter direkt wielen ze loossen, fir dat Stammdëschgemauschels ze verhënneren, dat scho méi wéi eng Kéier derzou gefouert huet, datt zwou Parteien, déi d'Wale verluer haten, sech zesummegedoen hunn, fir de Walgewënner ze iwwerdubberen.

Mee leschten Enns misst dat onduerchsichtegt Persounekarussell egal sinn. Op d'Inhalter kënnt et un. An dozou mécht de Serge Kollwelter am forum eng Suggestioun: All Wieler:in misst d'Kandidat:inne froen, wéi vill sozial Wunnenge se Wëlles hunn an den nächste sechs Joer an der Gemeng ze bauen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.