Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie regéiert dëst Land?

Fräie Mikro

Wie regéiert dëst Land?

Jiddwereen ass mëttlerweil fir d'Erhalen an d'Ëmnotze vun der Gebléishal zu Belval. Jiddwereen, ausser de Fonds Belval an den Direkter vu Sites et monuments. Dat bréngt den Denis Scuto zu senger Fro am Fräie Mikro: Wie regéiert dëst Land? Baufongen, héich Fonctionnairen a Promoteuren oder déi, déi en demokratescht Mandat vum Wieler kruten.

auto_stories

7 min

Den Denis Scuto kritiséiert d'Salamitaktik vum Patrick Sanavia. Foto: Archiv

Et war ze schéin. E Bauteminister, eng Kulturministesch, eng Gemeng Esch schwätze sech aus fir d'Erhale vun der Gebléishal an hiert Ëmnotzen. Eng Direktioun vun Esch 2022 wëllt se gär zu enger zentraler Plaz vum Kulturjoer maachen. En héichwäertegen internationalen Urbanismusconcours ronderëm den neie Quartier op der Friche vun Esch-Schëffleng weist, datt Stadplangung am Ausland längst eppes anescht heescht wéi Bëtongs- an Autoswüsten entwerfen a bauen.

De Killtuerm als wichtegt Element vum Quartier

D'Urbanisten aus Kopenhagen, Mailand, Lyon a London hunn d'Ignoranz an d'Inkompetenz vun all deene bloussgestallt, déi hei wéi bei all aner Industriebrooch schonn am Virfeld gesot hunn: "Mee do ass dach bal näischt ëmnotzbar." "Rappt dat dach nëmmen of." De Killtuerm zu Esch-Schëffleng, dee si wéi d'Killtierm zu Terre rouge an zu Déifferdeng wollten dynamiséieren, hunn all d'Planer am Géigendeel als wichtegt Element vum zukünftege Quartier virgesinn, matzen op enger grousser ëffentlecher Plaz.

Während eis Lëtzebuerger Bëtongskäpp gelaacht hunn iwwer déi grouss Produktiounshalen, mat der Fro: "Wat solle mir da mat deene risegen Hale maachen?", hunn d'Planer souwuel temporär wéi definitiv Ëmnotze vun de Walzwierker vun 1913 entworf. Fir dës Kathedrale vun der Aarbecht, déi si begeeschteren.

D'Gebléishal géint anonym Këschten

Et war esou schéin, datt mir vergiess hunn, datt anerer trotzdem hiert Zerstéierungswierk zu Lëtzebuerg wëlle fortsetzen. Si krauchen zu Belval nees aus hire Lächer a versichen d'Gebléishal platt ze maachen. Vu datt zu Lëtzebuerg mëttlerweil Industriekultur als wäertvoll urbanistesch Ressource ugesi gëtt, ginn hinnen awer d'Argumenter aus.

A punkto Gebléishal spillt de Fonds Belval elo seng lescht Kaart. An dat mam Argument vun der Sécherheet. D'Zil vum Fonds Belval ass zanter 15 Joer d'Zerstéierung vun der Gebléishal, fir do nees puer vu sengen anonymme Këschten ze bauen. An natierlech niewebäi Opträg un Entreprisen ze ginn, déi ofrappen an dono un Entreprisen a Promoteuren, déi déi nees opbauen.

Eng Salamitaktik

Well de Fonds Belval scho méi wéi eemol d'politesch Decideure mat Falschinformatiounen ausgetrickst huet - dat bekanntste Beispill ass den Highway, iwwer dee joerzéngtelaang Camione gefuer sinn, an deen op eemol sollt baufälleg sinn - hoffen ech, datt d'Sam Tanson an de François Bausch dat maachen, wat ech als Privatmann maachen, wann ech mäin Haus wëll an d'Rei setzen: an zwar méi wéi eng Etüd oder een Devis ufroen. De Fonds Belval ass bekannt fir aner Studien zu Sécherheet a Restauratiounskäschtepunkt vun Industriemonumenter, déi vun internationalen Experte kontestéiert goufen.

Geneesou schlëmm ass awer am Dossier Gebléishal, datt d'Salamitaktik hei matgedroe gëtt vun där Persoun, déi eigentlech vum Staat chargéiert ass, Industriekultur ze beschützen, an zwar vum Direkter vu Sites et monuments Patrick Sanavia. Salamitaktik heescht

  1. D'Ëffentlechkeet jorelaang an der Ongewëssheet loossen, ob e Gebai erhale bleift oder net;
  2. Déi néideg Renovatiounsaarbechten iwwer Joren net maachen an
  3. Joren dono, wa méiglech am Summerlach, vollendet Tatsaache schafen an ofrappen.

Wat ass mat de Sue geschitt?

Wou de Kulturministère 2007 d'Gebléishal a Locatioun krut, krut den Här Sanavia an engems a säi Budget fënnef Milliounen Euro fir Renovatiounen. Well hien, wahrscheinlech als eenzegen Direkter vu Sites et monuments op der Welt, sech ëffentlech fir den Ofrëss amplaz d'Erhale vun dëser Kathedral vun der Aarbecht asetzt, huet hien net nëmmen déi Suen net agesat fir d'Hal viru méi wéi zéng Joer an d'Rei ze setzen. Hien huet en plus, am Kader vu Spuermoossnamen, déi fënnef Milliounen fir d'Gebléishal carrement aus dem pluriannuelle Budget vum Staat sträiche looss.

Ech hunn et mat Aneren hei op der Antenne scho gesot. Op der Héichuewenterrass zu Belval geet et net nëmmen ëm Urbanismus, et geet ëm d'Demokratie an et geet ëm d'Gouvernance vum Lëtzebuerger Staat. Dat spëtzt sech elo zou. Wéi ass et méiglech, datt de Fonds Belval an den Direkter vu Sites et monuments d'Ëmsetze vum Regierungsprogramm vun 2013 a vun 2018 behënneren a vläicht souguer verhënneren? Programmer, déi allebéid d'Erhalen an d'Ëmnotze vun der Gebléishal virgesinn? Wie regéiert de Staat an am Staat?

Ech wier frou als Wieler, an dat e puer Wochen viru Wahlen, e Wieler, dee sech net kann erënneren, seng Stëmmen jee u Fongdirekteren, Bauentrepreneuren a Promoteuren verginn ze hunn, datt d'Chamber an d'Regierung hir Verantwortung iwwerhuelen an d'Interessen net vun engem Fong, engem héije Fonctionnaire oder engem Promoteur, mee vun der Allgemengheet, zu Belval wéi op anere Plazen, duerchsetzen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.


Notiz vun der Redaktioun:

D'Gebléishal zu Esch-Belval kann net fir de Projet vun Esch2022 genotzt ginn. Dat confirméiert déi gréng Kulturministesch Sam Tanson an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. Eng déifgrënneg Analys hätt gewisen, datt vill Aarbechten néideg wiere fir d'Hal sécher ze maachen. Dat wier bis 2022 net méiglech.

Et géif awer weider analyséiert ginn, ob d'Gebléishal vu Belval spéider kéint fir aner Zwecker revaloriséiert ginn, sou wéi de Koalitiounsaccord vun der blo-rout-grénger Regierung dat virgesäit. D'Reflexioune wiere voll am Gaangen.

Fir de Projet Esch2022 géif no anere Sitten um Belval gesicht ginn. Et wier awer nach keng Decisioun geholl, an et wier och net gewosst, ob déi géif bis an engem Mount virleien, wann d'EU-Kommissioun den nächste Monitoring vum Dossier fir d'Escher Kulturhaaptstad mécht.


Update vum 8. Mee um 15:26:

Reaktioun vun der Kulturministesch, Sam Tanson, op de fräie Mikro vum Denis Scuto (7. Mee 2019 um radio 100,7)

De groussen Interessi, mat deem d'Gebléishal vum Belval an de leschte Méint thematiséiert ginn ass, weist, datt de Sujet vum Patrimoine culturel eis Gesellschaft net kal léisst, an e wichtege Bestanddeel vun eiser Mémoire collective duerstellt.

D'Gebléishal vum Belval, soll net ofgerappt ginn, ma en neit Liewe kréien. Esou huet dës Regierung et an hirem Koalitiounsaccord festgehalen, an esou wëll dëse Ministère dat och duerchsetzen. An deem Kontext kann a soll selbstverständlech all envisagéiert Decisioun kommentéiert an och kontestéiert ginn.

Den Denis Scuto huet dat a sengem fräie Mikro vum 7. Mee gemaach a ganz richteg ënnerstrach, datt sech nieft der Fro vun der Valorisatioun vum Patrimoine culturel och déi vun der Gouvernance stellt. All Kritik an deem Kontext ass wëllkomm a gëtt seriö geholl. Ech hunn net wëlles, mech menger Responsabilitéit ze entzéien.

Allerdéngs soll d'Kritik dann och un déi tatsächlech kompetent Autoritéit adresséiert ginn.

De Patrick Sanavia huet als Direkter vum Service des sites et monuments nationaux e wichtege Rôle am Schutz vum Patrimoine culturel a begleet, a senger Qualitéit als Expert, och de Ministère an den Decisiounen déi geholl ginn.

D'Decisioun, d'Gebléishal aus Sécherheetsgrënn net fir de Projet Esch 2022 ze notzen ass allerdéngs dem Kulturminister seng. Dës Decisioun implizéiert kengesfalls e Wëllen d'Hal ofzerappen, mee representéiert, au contraire, d'Volontéit eng permanent an nohalteg Affektatioun fir d'Gebléishal ze fannen. Domat soll e Bäitrag zum kulturellen Developpement vun der Regioun geleescht ginn, dëst och an der Iddi, d'Recommandatioune vum Kulturentwécklungsplang an d'Ziler vum Koalitiounsaccord duerchzesetzen.

Et kann een déi Approche kontestéieren, ewéi all politesch Decisioun muss kënne kontestéiert ginn. Manner pertinent schéngt et an deem Kader, Beamten Ënnerstellungen ze maachen, op déi se wéinst hirem devoir de réserve net kënnen äntweren. Et ass d'Persoun vum Kulturminister, an net déi vum Direkter vum Service des sites et monuments nationaux, déi a Froen déi den Erhalt an d'Notze vum Patrimoine uginn, d'Decisiounen trëfft an d'Responsabilitéit dréit. Kritiken, Froen oder Doleancen déi d'Decisiounen zum Erhalt vun eisem Patrimoine betreffen, sinn dohier am Prinzip un déi kompetent Autoritéit ze droen, déi sech engagéiert se ze berücksichtegen.