Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - Deep Space

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie setzt sech als neie Chef vun der CDU duerch?

Parteidag

Wie setzt sech als neie Chef vun der CDU duerch?

Dëse Weekend wielt déi däitsch CDU en neie Chef an domadder och potentiell e Kanzlerkandidat fir d'Bundestagswal am September. Et ass eng richtungsweisend Wal, déi d'Ausriichtung vun der CDU no der Ära Merkel wäert festleeën. Besonnesch ee Kandidat kéint hei fir vill intern Tensioune suergen, mengt eise Korrespondent zu Berlin, de Max Tholl.

auto_stories

3 min

Den Etabléierten, den Anti-Merkel-Kandidat oder awer den Aussesäiter? Um CDU-Parteidag, deen haut den Owend ufänkt, wäert muer een neie Chef gewielt ginn, dee sech och Hoffnungen op d'Kanzlerkandidatur fir d'Bundestagswal am September dierf maachen.

Dräi Kandidate stelle sech um digitale Parteidag den 1.001 Delegéierten, déi muer online ofstëmme wäerten: et sinn den Armin Laschet, de Friedrich Merz an den Norbert Röttgen. Bal ee Joer Walkampf läit hanner hinnen, an deem kloer gouf, datt et bei dëser Ofstëmmung och ëm d'zukünfteg politesch Ausriichtung vun der Partei geet.

Hei presentéiere sech dräi Politiker mat deels ganz ënnerschiddleche Virstellungen dovun, wéi d'Regierungspartei CDU sech am Bundestagswalkampf soll opstellen.

Armin Laschet: de Konsenskandidat

Den Armin Laschet, Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, gëllt als Favorit vun der Parteiféierung. Hien ass een Ënnerstëtzer vun der Kanzlerin Merkel hirer Politik an et geet een dovun aus, datt hien als Kanzlerkandidat dës géif weiderféieren.

De Laschet ass liberal, an awer konservativ genuch, fir als Konsenskandidat d'Partei hanner sech ze versammelen. Mee besonnesch duerch seng Fuerderungen no fréizäitege Lockerunge vun de Corona-Restriktiounen huet hien am leschte Joer vill Support verluer.

Friedrich Merz: de Favorit

Dat huet sengem direkte Konkurrent, dem Friedrich Merz, an d'Kaarte gespillt, dee Sondagen no als Favorit an d'Renne geet. Allerdéngs ass de Merz alles anescht wéi e Konsenskandidat, hien ass villen an der Partei ze konservativ a wirtschaftsliberal an huet ëmmer nees mat kontroversen Aussoen negativ op sech opmierksam gemaach.

Besonnesch bei de Wielerinnen ass de fréiere Fraktiounschef enorm onbeléift. Hien ass och e vehemente Kritiker vun der Kanzlerin Merkel a géif d'Parteilinn sécherlech am stäerkste changéiere wëllen.

Norbert Röttgen: den Underdog

Anescht wéi den Ex-Ëmweltminister Norbert Röttgen, deen als Underdog am Dräiergespann gëllt. Hie probéiert sech änlech wéi den Laschet als Kandidat vun der Mëtt ze presentéieren a sot am Walkampf kloer: "Ich bin kein Lager".

Genee esou kloer war hien awer och bei der Fro no eventuelle Koalitiounspartner no der Bundestagswal: mat de Grénge ganz gär, mee mat der FDP léiwer net. Dat koum awer net bei alle Parteimembere gutt un.

Kee konnt bis elo wierklech bei Wieler punkten

20 Prozent vun den Delegéierte sinn nach ondecidéiert, wie si wiele wäerten, Chancen hunn deemno nach allen dräi Kandidaten. Datt een et am éischte Walgang iwwer déi néideg 50 Prozent packt ass onwarscheinlech. Well de Laschet an de Röttgen eng änlech Supporterbasis hunn, ass dovun auszegoen, datt nëmmen ee vun hinnen et muer an d'Stéchwal packt an hei op de Friedrich Merz trëfft.

Ob muer dann och den nächste Kanzlerkandidat vun der Unioun feststeet ass allerdéngs net sécher, well esou richteg bei de Wielerinnen a Wieler punkte konnt bis elo kee vun den dräi Kandidaten. A Sondagë leien den CSU-Chef Markus Söder an de Gesondheetsminister Jens Spahn wäit virum CDU-Trio.

Et ass awer nëmme schwéier virstellbar, datt besonnesch de Friedrich Merz am Fall vun engem Erfolleg muer, dem Söder oder Spahn de Virtrëtt géing loossen. De Muechtkampf an der Unioun dierft deemno och no der Entscheedung vu muer weidergoen.