Radioen

On air

Al Schanken  |  Russell, Calvin - All We Got Is Rock 'n' Roll

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie si "mir"?

Fräie Mikro

Wie si "mir"?

Nom Nationalfeierdag mécht den Historiker Denis Scuto sech Gedanken iwwer Migratioun, Diversitéit, Medien an national Identitéit. Hie stellt sech Fro, wat fir eng Fro mir missten haut stellen.

auto_stories

4 min

Denis Scuto

"E Land, vill Facetten". "Lëtzebuerg um Nationalfeierdag, sou villfälteg wéi seng Bevëlkerung". "Multikulti am Schiet vun der Buerg". Dat sinn e puer vun de Schlagzeilen an der geschriwwener Press, nom Weekend vum Nationalfeierdag. D'Betounung vun der Diversitéit, Migratioun als Räichtum op der enger Säit.

A Leitartikelen zum Asylsträit an der EU, Migratioun als Problem op der anerer Säit. Am Wort d'Warnung virun enger Orbaniséierung vun der EU-Migratiounspolitik, virun engem Europa, dat sech zoumécht. Am Tageblatt d'Warnung, datt ouni gemeinsam Asylpolitik Flüchtlinge Spillball vun den Extremiste bleiwen.

E widderspréchleche Weekend hu mir hanner eis, wa mir d'Aktualitéit analyséieren. En ass eigentlech schonn donneschdes ugaange fir mech, zu Köln, op der 18. Internationaler Migratiounskonferenz, mam Thema: Migratioun - Medien - Ëffentlechkeet. Direkt a senger Begréissung huet den Aladin El-Mafaalani, Wëssenschaftler, dee kierzlech an de Famillieministär vun Nordrhein-Westfalen gewiesselt ass, fir do de Ressort fir Flüchtlingen an Integratioun ze leeden, eis erzielt, wat fir ee Widdersproch hien interpelléiert. Op der enger Säit eng Integratiounspolitik, déi an Däitschland zanter Joren erfollegräich ass. De Succès huet en ernimmt an der Sproochbeherrschung, de Réckgang vun der Kriminalitéit, de Fait och datt et eigentlech wat Demokratie a Fräiheeten betrëfft eis hei an Europa nach ni besser gaangen ass. Datt demokratesch Gesellschafte vill méi partizipativ si wéi souguer déi utopisteschst Virdenker vun der Demokratie sech dat am 18. an 19. Joerhonnert hätte kéinte virstellen.

Eng Ëffentlechkeet, déi ëmmer méi beonrouegt ass

An op där anerer Säit Medien, déi Covere mat Bedroungsszeenarien um lafende Band produzéieren. Beispiller vu Spiegel-Couverturen vun de leschte Wochen: "Endzeit" dës Woch, "Die deutsche Frage" d'lescht Woch mat engem Flüchtlingsboot op enger grousser Well an däitsche Faarwen oder, virun e puer Wochen, "Ist das noch mein Land? Berechtigte Sorge, übertriebene Angst - die Fakten zur Debatte um Islam und Heimat". An eng Ëffentlechkeet, déi ëmmer méi beonrouegt ass.

D'Theme sinn net nei

Am éischte Virtrag huet de Politolog Thomas Kunz do gewisen, grad mat Spiegel-Coveren, datt déi Themen absolut net nei sinn, mee zanter den 1970er ëmmer nees mobiliséiert ginn, ob dat Naturkatastrophen- a Krichsmetapher vun dem "Flut" resp. dem "Ansturm", oder d'"Boot-ass-voll"-Argument vun der sougenannter Belaaschtungsgrenz, oder, ronderëm d'Trennung tëscht "mir" an "sie", d'Angscht "mir" wiere gläich eng Minoritéit am eegene Land, oder d'Delegitiméierung vu Flüchtlingen, déi keng richteg Flüchtlinge wieren asw. An dohannert natierlech d'Wonschvirstellung vun enger völkescher - haut soe mir identitärer - Homogeneitéit.

Rietspopulistesch Theme ginn als Meenungen aus der politescher Mëtt duergestallt

Wat ëmmer nees ännert, sinn d'Gruppen, déi als Bedrohung duergestallt ginn: Gaaschtaarbechter an de 70er Joren, Flüchtlingen haut. Wat wierklech nei ass, ass, datt rietspopulistesch Gruppen, datt die Neue Rechte et fäerdeg bruecht huet, datt déi Themen net méi als rietspopulistesch gëllen, mee als Meenungen duergestallt ginn, déi - d'Konzept ass och hei zu Lëtzebuerg ukomm - aus der politescher Mëtt komme géifen.

Wierklechen Defi

Wat bleift no dësem widderspréchleche Weekend? Den indesche Wirtschaftsnobelpräisträger Amartya Sen huet fir mech d'Erausfuerderung, virun där eis demokratesch a pluralistesch Gesellschafte stinn, am beschte formuléiert: "Kulturell Diversität ass do fir ze bleiwen a weider ze gedeien. (...) Individuen kënnen a wäerten zéch Identitéiten hunn, déi sech ergänzen - Ethnizitéit, Sprooch, Relioun a Rass souwéi Nationalitéit. (...) D'Staate musse Weeër fannen an dëser Diversitéit eng national Eenheet ze schafen."

Déi national Eenheet an d'national Identitéit waren och e wichtegt Thema op dësem Nationalfeierdagsweekend. Grad vis-à-vis vum nationalen an internationale Rietspopulismus, dee mir momentan erliewen, misste mir dofir vläicht vill méi oppen an offensiv iwwer d'Fro diskutéieren: Wie si "mir"? Wéi definéiere mir "mir", wéi definéiere mir d'Lëtzebuerger Natioun, d'Lëtzebuerger Identitéit, wuelwëssend datt d'kulturell Diversitéit do ass, bleift a weider zouhëlt?


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.