Radioen

On air

Notturno  |  Jaakko Eino Kalevi - Galactic Romance Feat. Yu-Ching Huang

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie weess am Beschten, wat am Interessi vun der Gesondheet ass?

Tiers payant

Wie weess am Beschten, wat am Interessi vun der Gesondheet ass?

D'Iddi vun der Aféierung vun engem generaliséierten System vum Tiers payant bei den Doktere schléit am Moment héich Wellen zu Lëtzebuerg. Dobäi gëtt d'Verantwortung vun deenen eenzelen Acteure kaum thematiséiert, mengt de Laurent Moyse am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

Eng Petitioun, déi d'Aféierung vum Tiers payant bei den Doktere fuerdert, huet et dëser Deeg an d'Parlament gepackt an d'politesch Landschaft gezwongen, dozou Stellung ze huelen. Mat Ausnahm vun enger Partei hunn déi aner eng gewëss Sympathie fir dee Virstouss gewisen. D'AMMD, d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, wiert sech awer mat Kräfte géint dës Propos. An dat mat Argumenter, déi nëmmen deelweis nozevollzéie sinn. Een zentrale Punkt an hirer Oflehnung ass d'Angscht, datt d'Dokteren an d'Patienten hir therapeutesch Fräiheet verléiere géifen. Déi géif der AMMD hirer Meenung no elo schonn ënnert dem Diktat vun der Krankekeess agëengt ginn.

Déi feindlech Haltung vun der AMMD ass duerchaus verständlech: D'Dokteren üben e Beruff aus, dee sech zu engem groussen Deel selwer reguléiert, wéi dat dacks bei liberale Beruffer de Fall ass. Deemno kann een novollzéien, datt d'Dokteren et net gär gesinn, wann eppes soll geännert ginn, wou si net Här a Meeschter bleiwen. De Problem ass awer, datt eise Gesondheetssystem sech op dräi grouss Acteure stäipt - de Patient, den Dokter an de Staat. An, datt nëmmen an der Interaktioun vun deenen dräi, de System richteg funktionéiere kann.

Keng definitiv Äntwert

Et stellt sech d'Fro: Wie weess am Beschten, wat am Interessi vun eiser Gesondheet gutt ass? Et gëtt keng definitiv Äntwert, well bei deenen dräi Acteure virun allem d'Eegeverantwortung eng zentral Bedeitung huet. Dat ass eng wichteg Viraussetzung, schonn eleng aus deem Grond, datt d'Abusen an engem kollektive Gesondheetssystem, wéi mir e kennen, begrenzt bleiwe sollen. De Patient huet grad sou eng grouss Verantwortung, wéi hie seng Gesondheet am Grëff behält, wéi den Dokter, dee wësse muss, wéi wäit hien dem Patient hëllefen kann, wéi och de Staat, dee kucke muss, datt de System käschteméisseg nach ze finanzéieren ass. Eng absolut Fräiheet huet deemno kee vun den dräi Acteuren.

Ideologie huet an der Debatt wéineg ze sichen

Et stelle sech nach aner Froen, déi eis medezinesch Zukunft staark beaflosse wäerten. Wéi zum Beispill, den technesche Fortschrëtt, deen de ganze medezinesche Beräich grëndlech verännert an déi dräi Acteure virun nei Erausfuerderunge stellt. Entscheedend ass dobäi de Kenntnisstand, dee si an d'Diskussioun matbrénge kënnen. Woubäi ee weess, datt d'Verhale vum Patient a muenchmol vun deem de fleegt net ëmmer ganz rationell ass.

De System vum Tiers payant ass jo näischt ganz Neies. Dee gëtt bei den Apdikter an den Kinéen applizéiert, an zënter 2013 gëtt et och den Tiers payant social fir manner-bemëttelt Patienten. Wann et ëm Sue geet, kachen d'Gemidder ëmmer séier héich. Déi ideologesch Komponent huet an där Diskussioun am Fong wéineg ze sichen, well et virun allem eng verwaltungstechnesch Fro ass, déi mat all hire Konsequenze muss duerchduecht ginn. An där Debatt gesäit et awer aus, wéi wann et grad sou ëm e Muechtgeplänkel geet, wéi ëm d'Wuel vun eiser Gesellschaft.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.