Waasserwirtschaftsamt Wieder an Närstoffer beaflosse Wuesstem vu Bloalgen

Dëst Joer goufen an de Lëtzebuerger Gewässer manner Bloalge nogewisen. Wiederkonditiounen, Närstoffer a rouegt d'Gewässer favoriséieren d'Verbreede vun deene Cyanobakterien, erkläert de Luc Zwank, Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt.

Carole Schimmer / cbi

Luc Zwank

De ganzen Interview lauschteren


Am Baggerweier vu Rëmersche goufe Bloalgen nogewisen, déi toxesch fir Mënsch an Déier sinn. Déi Bloalge sinn eigentlech keng Algen, mee et si Cyanobakterien. Leit, déi a Kontakt komme mat deene Bakterien, kënnen Daarm- a Moprooblemer oder Kappwéi kréien an d'Haut gëtt gereizt. D'Waasserwirtschaftsamt huet d'Rommwiss um Stauséi a Prealerte gesat.

Dëst Joer goufen awer vill manner Bloalgen an de Lëtzebuerger Badegewässer nogewisen, preziséiert de Luc Zwank. Vu Joer zu Joer wier d'Situatioun ënnerschiddlech, erkläert den Directeur adjoint vum Waasserwirtschaftsamt.

"Et ass een Zesummespill vu Meteo, Närstoffbedingungen an de Gewässer. Et ass wouer: déi Jore virdrun hate mer zimmlech fréi an zimmlech iwwerall Virkomme vun de Bloalgebléien. Dëst Joer huet et elo zu Rëmerschen ugefaangen. Et ass awer elo esou, datt zanter en Donneschdeg um Stauséi d'Rommwiss op d'mannst an der Prealerte ass. Dat heescht, do gëtt och ee méi enke Monitoring gemaach an et kann och sinn, datt do och muss gespaart ginn. Et muss ee kucke wéi dat evoluéiert, respektiv ob do och Presenz vun toxinbildenden Aarte kann nogewise ginn. Dat behale mer elo am A."

Afloss vu Wieder a Närstoffer

Bloalgen entwéckele sech virun Allem bei waarmen Temperaturen, bei relativ héijer Sonnenastralung a rouegem Waasser, erkläert de Luc Zwank:

"Dat sinn d'Startbedingunge fir datt d'Bloalgen sech kënne verbreeden. Dëst Joer war et jo esou, datt mer ëmmer nees Reen, oder zum Deel staarke Reen haten. Dat huet dozou gefouert, datt d'Waasseruewerfläch ëmmer nees gestéiert gouf, sou datt sech d'Bléien net esou séier konnten ausbilden. Op där anerer Säit huet et awer och dozou geféiert, datt och iwwerflächlech méi Närstoffer ofgeschwemmt gi sinn an och an d'Weiere gerode sinn, sou datt déi Konditioune méi favorabel ware fir de Wuesstem vun de Bloalgen. Den Zäitpunkt, wéini se d'Iwwerhand huelen, ass vu Joer zu Joer ënnerschiddlech."

Stéckstoff a Phosphor

Stéckstoff a Phosphor sinn déi gängeg Närstoffer, déi Planzen notze fir ze wuessen, dat ass bei de Bloalgen d'selwecht, esou de Luc Zwank:

"Wann déi am Waasser sinn, da sinn d'Bloalgen ugepasst fir séier ze wuessen a sech ze multiplizéieren. Deen Ament iwwerhuelen déi Bakterien d'Iwwerhand. Si hunn och ganz wéineg Friessfeinden, sou datt sech ganz séier Algenteppecher kënnen entwéckelen."

Manner Närstoffer am Kampf géint Bloalgen

Et kéint ee just iwwer eng Reduzéierung vun de Närstoffer am Gewässer dogéint kämpfen, erkläert de Luc Zwank:

"Dat heescht, datt een diffus Anträg reduzéiert, ewéi zum Beispill mam Planze vu Bléisträife laanscht d'Gewässer déi net behandelt ginn an doduerch och kënnen Närstoffer ophuelen. Weider kann een och Moossnamen ergräife fir eng Erosioun vum Buedem ze verhënneren."

Méi zum Thema

Stauséi
Ëmwelt

Joreszäit, Dünger, Pestiziden a Klimawandel droen zur staarker Entwécklung vun de Bloalgen am Stauséi bei. Nei Waasserschutzzone géinge Bloalge reduzéieren, seet den Ëmweltmikrobiolog Christian Penny.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen