Radioen

On air

Al Schanken  |  Doyle Bramhall - I Can See Clearly Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiele goen oder net?

Bundestagswahlen 2017

Wiele goen oder net?

Ronn 61,5 Millioune Leit sinn an Däitschland wahlberechtegt. Dorënner dräi Milliounen Éischtwieler. Rezenten Ëmfroen no ass allerdéngs bal all Drëtten nach ondecidéiert. Donieft ginn et awer och Leit, déi guer net wiele wëllen. Mir hunn eis zu Berlin op d'Sich no den "Net-Wieler" gemaach.

auto_stories

2 min

Bei den zwou leschte Bundestagswahlen loung d'Wahlbedeelegung bei knapp iwwert 70 Prozent. Dat ass deen nidderegsten Taux an der Geschicht vun der Bundesrepublik. Kritiker ginn dovun aus, datt duerch d'Flüchtlingsdebatt de Wahlbedeelegungstaux dëst Joer kéint klammen.

Net-Wieler aus Iwwerzeegung?

Sécher ass allerdéngs, datt och dëst Joer eenzel Leit net vun hirem Wahlrecht gebrauch maache wäerten. De Noel zum Beispill. De 19 Joer ale Berliner geet muer net wielen, well hie "keng Ahnung dovun huet". Hie géif sech net mat der Wahl beschäftegen. "Meng Eltere vläicht, mee ech guer net."

Datt hien net géif wiele goen, wier éischter onwahrscheinlech, seet sengersäits de Wolfram. Hien ass nach net décidéiert, well e "vum System net méi iwwerzeegt ass". Et géif keng Partei ginn, déi d'Interessi vun engem Indépendant géif verdeedegen.

"Ongëlteg Wahlziedel misste Konsequenzen hunn"

De Wahlziedel ongëlteg maache wier eng Optioun, seet de Wolfram. "Fir datt net eng Partei, déi mir net gefällt, meng Stëmm kritt".

Och de Rüdiger ass nach net decidéiert, ob hie wiele wäert goen. Net wiele goen oder een ongültege Stëmmziedel ofginn, mécht dem 58 Joer ale Mann no allerdéngs ee groussen Ënnerscheed. Een ongültege Wahlziedel géif Interessi beleeën awer och weisen, "datt ech um Schluss keng Partei fonnt hunn, déi ech wiele géif."

Rüdiger, 58 Joer

De Rüdiger géif sech wënschen, datt bei der Auswäertung vun de Wielerstëmmen och een ongültege Stëmmziedel een Effekt hätt. Fir datt een um Wahlowend "och den Undeel vun ongültege Stëmmzeidel gewuer géif ginn. An dat dann a Relatioun mat der Sëtz-Verdeelung vun de Parteien."

Dat misst och Konsequenzen hunn: "Nämlech, datt am Parlament déi Sëtz eidel bleiwen, déi op ongëlteg Stëmmziedelen zeréck ze féiere sinn."