D'Wieler hätten hire Choix reegelrecht a leschter Minutt geholl, sou de Fuerscher. D'Hallschent vun den Notzer vu smartwielen hätten eréischt den Dag virun de Wahlen no Informatioune op smartwielen.lu gesicht. Dat géif weisen, datt d'Wieler ëmmer manner géife wëssen, fir wéi eng Partei oder Kandidate si wéilte wielen, doduerch géife Pronosticken a Sondagen nach méi schwéier. Vu 50.000 Persounen, déi de Service smartwiele benotzt hätten, hätten der ronn 20.000 eréischt de 25. Mee de Site consultéiert.
Smartwielen ass eng Plattform déi weise kann, wéi ee Kandidat a wéi eng Partei am nooste beim Wieler senge politeschen Iwwerzeegunge läit.