Radioen

On air

De Moien  |  Fest vum Buch ze Beetebuerg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wiem seng Geschicht?

Fräie Mikro

Wiem seng Geschicht?

Gëschter, op Nationalfeierdag, hu mir eis Natioun, déi ouni Zweiwel duerch seng Vilfalt gepräägt ass, gefeiert. An deem Zesummenhang werft d'Antónia Ganeto vun der Associatioun Finkapé, déi sech fir d'Rechter vun den Afro-Descendanten asetzt, d'Fro op, a wéiwäit d'Lëtzebuerger Geschicht eng Geschicht vun eiser Géigend oder vun de Leit vun hei ass, a plädéiert dofir, datt d'Migratiounsgeschicht, als essentiellen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht, ee méi héije Stellewäert kritt.

auto_stories

4 min

Lëtzebuerg ass mëttlerweil zënter Joren als Awanderungsland bekannt a stécht duerch seng enorm Diversitéit ervir. Dëst trëfft op d'Residenten zou, wou mëttlerweil bal d'Hallschent en auslännesche Pass hunn. Awer och op vill Leit mat lëtzebuergeschem Pass, wou d'Famill méi oder manner rezent aus engem anere Land op Lëtzebuerg komm ass.

Migratiounsgeschicht spillt eng primordial Roll

Well d'Biergerinnen an d'Bierger vu Lëtzebuerg aus deene verschiddensten Ecker vun dëser Welt kommen, misst och d'Lëtzebuerger Geschicht dës Charakteristik erëmspigelen. Fir eis Gesellschaft ze verstoen, muss een net nëmme wëssen, wat op onsem Territoire geschitt ass, mee et brauch een och Hannergrondinformatiounen iwwer Evenementer an anere Länner a Géigenden. Deemno souwuel eng regional, ewéi eng kontinental a global Approch.

Déi Lëtzebuerger Migratiounsgeschicht spillt do eng primordial Roll. Leider gëtt de Begrëff Migrant, Awanderer oder Auslänner vill ze oft negativ behafft. Dobäi si "Migratiounen esou natierlech ewéi ootmen, iessen a schlofen. Et ass en Deel vum Liewen, en Deel vun der Natur", seet de Gaël Garcia Bernal.

Tatsächlech ass eis haiteg weltwäit Gemeinschaft d'Resultat vun onzielege Migratiounen. Et kéint ee jo mengen, datt mat esou vill kultureller Diversitéit, d'Nationalitéit, d'Hierkonft oder d'Hautfaarwe keng Roll méi spillen dierften, an awer...?

Op der Sich no enger besserer Zukunft

Der jonker Generatioun d'Migratiounsgeschicht ze vermëttele ka bei der Identitéitsbildung hëllefen, d'Zougehéiregkeetsgefill stäerken a verbënnt, well esouwuel Auswanderungs-, ewéi Awanderungs-Parkoure beliicht a valoriséiert ginn.

Fir déi Leit, wou d'Famill iwwer Generatiounen zu Lëtzebuerg gelieft huet, ass et wichteg sech z'erënneren, datt d'Awunner am 19. Joerhonnert ausgewandert sinn a wärend dem 2. Weltkrich geflücht sinn. Trotz der Nout an den Erausfuerderungen, konnten déi Lëtzebuerger Auswanderer a Flüchtlinge sech mat Hëllef vun de lokale Populatioune behaapten, an et huet sech als eng Chance fir jiddereen erausgestallt.

Kommt mir vergiessen dat net. Sou wéi d'Lëtzebuerger deemools op der Sich no enger besserer Zukunft, am 19. Joerhonnert an d'USA ausgewandert sinn, déi lokal Kultur dohanne mat Lëtzebuerger Traditioune beräichert hunn, sou beräicheren déi Leit, déi op Lëtzebuerg kommen, d'Kultur vun eiser Gesellschaft.

Tëscht zwou Kulture gefaangen

Besonnesch eise jonke Matbiergerinnen a Matbierger, déi zu Lëtzebuerg gebuer sinn, mee wou d'Elteren oder d'Grousselteren entscheet hunn, op Lëtzebuerg ze kommen, hëlleft et fir eng Plaz hei ze fannen. Oft si si tëschent zwou Kulture gefaangen.

Wa si wëssen, firwat déi Generatioune virun hinnen dee Schratt gemaach hunn, hëlleft dat hinnen d'Familljegeschicht besser ze verstoen, a sech als voll Membere vun eiser Gesellschaft ze bezeechnen. Well och wa mir munchmol wéinst onsen Nimm, onsem Ausgesinn oder onser Hautfaarf als friem gedeit ginn, si mir ee "Stéck Lëtzebuerg" an hei ass eist Doheem!

D'Verännerunge maachen bekanntlech Angscht. Et ass also gutt, déi Themen an de Schoulen ze behandelen, fir eisem Zil vun enger inklusiver Gesellschaft méi no ze kommen. Well eréischt wa mir akzeptéieren, datt eis Kultur sech stänneg weiderentwéckelt a verännert, kënne mir eng inklusiv Gesellschaft gestalten. D'Lëtzebuerger Natioun soll als dat valoriséiert an akzeptéiert ginn, wat si ass: Eng Communautéit vu Leit mat ënnerschiddlecher Hierkonft, déi zesummen an d'Zukunft ginn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.