Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien huet Angscht virum Glyphosat?

Fräie Mikro

Wien huet Angscht virum Glyphosat?

D'Ëmweltschützer bedreiwen Angschtmaacherei am Dossier ronderëm de Verbuet vu Gylphosat. Déi minimal Quantitéiten, déi sech an eisen Iesssaachen erëmfannen, stelle kee Risiko fir eis Gesondheet duer.

auto_stories

3 min

'T ass Halloween an d'Geeschter si lass. Sief et am Grujelfilm op der Tëlee oder op den Halloween-Partyen den Owend: Iwwerall versiche mir eis géigesäiteg souvill Angscht wéi méiglech ze maachen. Ier et ugeet, hu mir fir dëst Joer allerdéngs schonn eis éischt Gewënner: D'Ëmweltschützer an hir erfollegräich Lobbyaarbecht géint de Glyphosat; den Herbizid deen och als "Roundup" bekannt ass. Jorelaang Campagnë vun Angschtmaacherei hu sech schlussendlech zu Bréissel duerchgesat. Zu Onrecht.

A genee enger Woch wëllt d'Europäesch Unioun hir Decisioun zu der Verlängerung vum Glyphosat fällen. Déi Lëtzebuergesch Regierung huet sech der Iddi vun engem Verbuet ugeschloss, wahrscheinlech als Zeeche vun Unerkennung un déi Gréng, déi mat hirem Resultat bei de Gemengewahle gewisen hunn, datt et ëmmer manner ouni si geet.

Geféierlecht Hallefwëssen?

Wat heescht esou ee Verbuet fir eisen Akerbau?

Glyphosat gëtt op 45 Prozent vun den europäesche Biedem verwennt. Dëst Verbuet wäert wäitreechend Konsequenzen op den Akerbau um Kontinent hunn, wat och erkläert, wisou vill Baueren absolut net mat dëser Decisioun d'Accord sinn. Däitsch Bauere weisen drop hin, datt e Verbuet vum Roundup zu 57 Prozent manner Weessproduktioun a 40 Prozent manner Grompere féiere wäert.

Wat seet d'Wëssenschaft da genee zum Thema Glyphosat?

Am Joer 2015 huet d'Europäesch Agence fir Iessensécherheet (EFSA) ganz kloer dorop higewisen, datt sech vun all de Kritiken um Glyphosat keng eenzeg materialiséiert huet. D'Konklusioun vun der Agence war eendeiteg: Glyphosat ass net kriibserreegend. Dës Analys gouf confirméiert vum "Risk Assessment Committee" vun der Europäescher Agence fir Chemikalien, vun nationalen Autoritéiten ausserhalb vun der Europäescher Unioun (dorënner Kanada, Japan, Australien an Neiséiland), a schlussendlech och vum Comité fir Akerbau an Iesswuere vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO.

Wann d'Diskussioun iwwert "wat ass kriibserreegend a wat net" gefouert gëtt, da muss ee virun allem froen, vu wéi enge Quantitéite mir Rieds hunn. Wann Dir effektiv déi ganz Fläsch Roundup usetzt, da kritt Dir seriö gesondheetlech Problemer. Déi minimal Quantitéiten, déi sech an eisen Iesssaachen erëmfanne stellen allerdéngs kee Risiko fir eis Gesondheet duer. Wëssenschaftler beschäftege sech scho laang mat deem Sujet, an hir Äntwert ass kloer.

Déi béis Ëmweltschützer

Déi Ëmweltschützer, déi de Lëtzebuerger op Basis vun der Wëssenschaft am Sekonnentakt Moralpriedegen halen, datt si ze vill Auto fueren, net genuch recycléieren oder express Äisbieren ersaufen, sinn elo déi selwecht Ëmweltschützer, déi iwwerhaapt net der Wëssenschaft nolauschteren a knallhaart, mat der Hand vum Staat, eise Bauere virschreiwen, wéi si ze schaffen hunn. D'Ideologie vum Ëmweltschutz huet mat hirem Numm näischt méi ze dinn: Si ass just nach een Outil vu Kontroll, duerch dee sech grouss Organisatiounen un de Sue vun hiren ängschtlechen Donateure beräicheren.

Wat dës Organisatioune méi Afloss kréien, wat si sech es méi huelen, bis si iergendwann all verbleiwend Industrie an d'Knéie gezwongen hunn. Wann d'Politiker zu Bréissel sech net bis d'nächst Woch besënnen, da ginn eis Baueren déi nächst Affer vun dëser destruktiver Angschtmaacherei.

Sief et Greenpeace, Mouvement Ecologique oder anerer: Iergendwann muss de Spuk een Enn kréien.