Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien huet et an d'Chamber gepackt? Wien net méi?

Chamberwahlen 2018

Wien huet et an d'Chamber gepackt? Wien net méi?

60 Deputéiert goufe bei de Chamberwahle gëschter gewielt. Eng ganz Partie Deputéiert sinn net méi an der Chamber vertrueden, eng Rëtsch anerer wäerten eng éischte Kéier ee Mandat am Parlament untrieden. D'Pia Oppel an de Michel Delage maachen de Point.

auto_stories

3 min

CSV

D'CSV, déi mat 23 Deputéiert an dës Chamberwahlen eragaange war, huet zwee Mandater verluer. Net méi erëmgewielt goufe bei der gréisster Oppositiounspartei d'Sylvie Andrich-Duval, d'Martine Mergen, d'Claudine Konsbruck an den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet, déi alle béid am Laf vun der Legislatur an d'Chamber nogeréckelt waren. Nei dobäi sinn, fir déi stäerkste Fraktioun, de Paul Galles an den Escher Buergermeeschter Georges Mischo. D'Viviane Reding feiert no Joren an der EU-Kommissioun an dem EU-Parlament hire Retour an d'Chamber.

DP

Déi zweetstäerkste Fraktioun stellt d'Demokratesch Partei, déi zwielef vun hiren 13 Mandater behält. De Logementsminister Marc Hansen huet et net méi direkt an d'Chamber gepackt. Bei der DP packen et de Fraktiounschef Eugène Berger, de Generalsekretär Claude Lamberty, d'Joëlle Elvinger, den Edy Mertens, de Gusty Graas an de Frank Colabianchi net méi direkt an d'Chamber. Newcomer bei de Liberalen ass iwwregens de Finanzminister Pierre Gramegna, dee fir d'éischt iwwerhaapt bei Wahle matgemaach huet. De Finanzminister huet am Süde bal 3.000 Stëmme Virsprong op säi Parteikolleeg, den Educatiounsminister Claude Meisch.

LSAP

D'LSAP huet dräi vun hiren 13 Sëtz an der Chamber verluer. Grouss Verléierer bei de Sozialiste sinn d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch - déi op der Süd-Lëscht vun hirer Partei nëmmen op déi 8. Plaz komm ass - an och d'Staatssekretärin Francine Closener, déi op déi véiert Plaz vun hirer Lëscht am Zentrum komm ass. Och net direkt erëmgewielt goufe bei der LSAP de Parteipresident Claude Haagen, de Generalsekretär Yves Cruchten, d'Taina Bofferding, d'Claudia Dall'Agnol, d'Simone Asselborn-Bintz, déi um Enn vun der Legislatur nogeréckelt war, de Franz Fayot, d'Cecile Hemmen an d'Tess Burton.

déi gréng

déi gréng - de grousse Wahlgewënner - huet sech vu sechs op néng Deputéierte-Mandater verbessert. De Staatssekretär Claude Turmes ass eng éischte Kéier an d'Chamber gewielt ginn, no senge sëlleche Mandater am Europaparlament. Newcomer bei deene Grénge sinn de François Benoy, de Charel Margue. Net méi gewielt - op d'mannst net méi direkt - gouf bei déi gréng de Gérard Anzia, nëmmen Drëtten op der Lëscht vu senger Partei am Norden.

ADR

D'ADR huet et, trotz dem Gewënn vun engem Sëtz, just net op Fraktiounsstäerkt bruecht. Déi dräi Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser am Süden, an de Roy Reding am Zentrum goufe confirméiert. Nei dobäi ass de Jeff Engelen, deen am Norde gewielt gouf. Kee vun den aacht Membere vum Wee2050, déi op de Lëschte vun der ADR kandidéiert haten, huet et also an d'Chamber gepackt. De Fred Keup gouf op der ADR-Südlëscht deen Drëtten, eng 1.500 hanner dem Fernand Kartheiser.

déi Lénk

Bei déi Lénk bleift alles beim alen. De Marc Baum an den David Wagner goufen erëmgewielt. Dem Rotatiounsprinzip vun der Partei no dierften d'Nathalie Oberweis an d'Myriam Cecchetti déi zweet Hallschecht vun der Legislatur noréckelen.

Piratepartei

Eng éischte Kéier ass dann d'Piratepartei an der Chamber vertrueden. De Parteipresident Sven Clement gouf am Zentrum gewielt an de Marc Goergen am Bezierk Süden.

Vun de 60 Deputéierte goufen zwielef Fraen direkt gewielt, fënnef Frae manner wéi déi 17, déi d'Legislatur an der Chamber ofgeschloss hunn.