Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wien net hikuckt, dee gesäit näischt"

Mënschenhandel

"Wien net hikuckt, dee gesäit näischt"

Lëtzebuerg ignoréiert de Problem vum Mënschenhandel, seet de Gilbert Pregno. De President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun fuerdert méi Mëttel fir ONGen, Aarbechtsinspektioun a Police.

auto_stories

2 min

Gilbert Pregno

Den 20. September war d'EU-Coordinatrice fir de Kampf géint Mënschenhandel zu Lëtzebuerg. No Entrevuë mat Vertrieder vu Politik, Justiz a Police hat d'Myria Vassiliadou vun den Acteuren hei am Land eng méi proaktiv Approche gefuerdert.

Konkret Kritikpunkte wollt déi Beoptraagt vun der EU-Kommissioun net formuléieren. Si huet méi grondsätzlech gewarnt, datt Mënschenhandel net visibel ass, wann d'Autoritéiten net hikucken. Konkret Zousoe wieren an dëse Gespréicher net gemaach ginn, esou de Gilbert Pregno.

Wie sicht, dee fënnt

Zu Lëtzebuerg goufen tëscht 2010 an 2016 79 Affer vu Mënschenhandel detektéiert. Déi meescht ware Fraen, déi Affer vu sexueller Exploitatioun gi sinn. D'Donkelziffer wier méi héich, mengt de Gilbert Pregno.

Zum Beispill misst een an der Aarbechtswelt an am Beräich vun der Immigratioun méi op dës Problematik oppassen. Déi consultativ Mënschrechtskommissioun hat an engem rezente Rapport gefuerdert, datt d'Aarbechtsinspektioun (ITM) déi entspriechend Missioun a Mëttel kritt.

Risikogrupp: Mannerjäreg Flüchtlingen

De Gilbert Pregno betount, datt vill mannerjäreg Flüchtlingen, déi ouni eng erwuesse Bezuchspersoun an Europa kommen, zu Prostitutioun gezwonge ginn. Zu Lëtzebuerg wieren zwar bis ewell keng esou Fäll bekannt, mee:

"Ech hunn ze vill oft erlieft an anere Beräicher, datt mer gesot hunn: 'Do ass näischt'. An da war et just, well mer net gutt gekuckt hunn".

"Follow the money"

Eng Prioritéit am Kampf géint de Mënschenhandel misst sinn, fir d'Suen ze retracéieren, déi Krimineller domadder maachen. Zu Lëtzebuerg, wéi an anere Länner, géifen d'Autoritéiten zwar géint Geldwäsch enquêtéieren, d'Thema Mënschenhandel wier dobäi awer seelen am Fokus.

Et géif hei ëm Milliarden-Zomme goen, sot dozou de Gilbert Pregno. An hei géif et och Verbindungen zu aneren Zorte vu Kriminalitéit ewéi Drogenhandel, Waffegeschäfter an Terrorismus ginn.