Radioen

On air

De Moien  |  Foals - 2001

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Voodoo Economics?

Wirtschaft

Voodoo Economics?

An de groussen Ekonomië vun der Welt stinn d'wirtschaftlech Indicateuren op gréng. Dat huet awer näischt mat der Politik vum US-President Donald Trump oder vun anere Wirtschaftspopulisten ze doen. An dës Situatioun kann sech och ganz séier zum Schlechten änneren.

auto_stories

3 min

Et ass Fréijoers-Ufank. Zu Washington ass d'Presidence vum Donald Trump am Gaang an de Chaos ofzerutschen an d'USA ginn offenbar ëmmer méi wéi e Familljebetrib gefouert. Awer zumindest gëtt et gutt Nouvellen aus dem wirtschaftleche Beräich.

D'Federal Reserve Bank huet viru kuerzem de Leetzëns gehéicht, déi amerikanesch Ekonomie dréint gutt, et gi weider nei Aarbechtsplaze geschaf an d'Aktiecoursen op der Wall Street sinn op Rekord-Niveau.

Positiv wirtschaftlech Perspektive gëllen och an Europa, den OECD-Pronostic ass relativ favorabel. D'Europäesch Zentralbank huet wuel de Leetzëns nach net gehéicht, mä et kënnegt sech awer en Enn vum Liquiditéitsprogramm un an och an Europa fält de Chômage.

Wirtschaftlech Besserung net dank Trump

D'Bild ass also frëndlech an awer leider mëssverständlech. De Punkt vun dëser Chronik ass fir ze soen, dass een éischtens net sollt mengen elo wier jo alles um gudde Wee, an zweetens sollt ee virun allem net mengen, dass d'wirtschaftlech Besserung mat der Politik oder de politeschen Äusserunge vum Donald Trump oder anere Wirtschaftspopulisten eppes ze doen hätt.

D'Wirtschaft, sot de fréiere Minister Robert Goebbels dacks, behëlt sech wéi e Supertanker. Si hëlt d'Kéier net op engem Nuesschnappech a brauch eng Zäit bis Kurskorrekturen apparent ginn. Wat mir am Moment als wirtschaftlech Evolutioun gesinn ass net d'Resultat vun de Politike vun Trump an Theresa May, mä d'Resultat vun de politesche Weichen-Stellunge vun de Virgänger. An déi sonderbar Rezepter mat deene Washington am Moment hauséiere geet, fir Amerika nees grouss ze maachen, riskéieren ekonomesch relativ vill zum Onwee ze maachen.

Ofkoppelung tëscht reeller Ekonomie a Wall Street

Fir d'US-Wirtschaft gëtt am Moment eng Croissance vun ongeféier véier Prozent ugeholl. Croissance entsteet zum Beispill dann, wann d'Demande an d'Luucht geet well d'Populatioun wiisst oder méi Geld ausgëtt, oder wann d'Produktivitéit sech verbessert. Elo stinn awer munnech Aspekter vun der Trump-Politik genau dem entgéingt. Wann een eelef Millioune soi-disant illegal Immigrante wëllt ausweisen, mécht een net vill fir d'Demande ze stäipen.

A wann ee grouss Entreprisen zwéngt fir hir Produktiounschaînen esou ëmzebéien, dass e puer weider Aarbechtsplazen an den USA entstinn, hëlleft een domat der Produktivitéit net vill. An anere Länner géing ee sech vläicht froe wat dann déi Planwirtschaft do soll. Washington wëllt och par force "Obamacare" ofschafen, mat der Konsequenz dass 24 Millioune Leit net méi kranke-verséchert wieren. Dass esou eppes der Wirtschaft hëllefe géing, kann an Europa kee sech richteg virstellen.

Am Moment wuessen d'Aktiecoursen an den Himmel. Mä si reflektéieren net onbedéngt déi reell Ekonomie. Si weise virun allem, wéi vill Gewënnpotenzial d'Investoren an déi geplangte Steiererliichterunge vun der Trump-Regierung eran interpretéieren, an och an den ugekënnegten Infrastruktur-Stimulus-Programm. D’OECD warnt mëttlerweil virun enger Ofkoppelung tëscht reeller Ekonomie a Wall Street, vun där um Enn nëmme wéineg Leit profitéiere wäerten.

Och d'USA géife leiden

Déi gréissten Nervositéit ass awer do, wou et wéi deet wann effektiv d’Prinzipie vum fräien Handel aus der Fënster géinge gehäit ginn. De President Trump trickt un enger Rei vu protektionistesche Mesuren, vun Import-Taxe bis zum Ënnergruewe vun Handels-Accorden. Wann all déi Pläng géingen ëmgesat gi géinge vill Länner an Ekonomië leiden – inklusiv d’USA. Den oppene Welthandel war zanter de 50er Joren e Moteur vun der wirtschaftlecher Croissance weltwäit. Import-Taxen a Kompanie wäerten net nëmmen deene schueden déi se treffen, mä och deenen déi si applizéieren.

Wat bleift, am Moment? D'Hoffnung, dass endlech déi wichteg nach oppe Positiounen an der Trump-Administratioun emol besat ginn. An dass dobäi Kompetenz a Sachverstand esou gestäerkt gëtt, dass déi schlechtsten Iddien duerno emol direkt an de Schredder ginn.