Radioen

On air

Resonanzen  |  Niccolo Paganini - 'Cantabile e Valzer' Mi Majeur fir Gei a Piano - Natasha Korsakova (Gei), Ira Maria Witoschynskyj (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ WM a Russland: Net nëmme Fussballfreed

LGBT

WM a Russland: Net nëmme Fussballfreed

D'ganzt Welt kuckt op Russland, wou vun haut un 32 Fussball-Equippen ëm ee Pokal kämpfen. Et war vun Ufank un net onëmstridden, datt d'WM ausgerechent an dësem Land ofgehale gëtt. Ee Land, an deem Honnerte vu Leit aus politesche Grënn am Prisong setzen, ee Land, an deem Grondwäerter wéi Demokratie a Pressefräiheet nach laang net ëmmer respektéiert ginn.

auto_stories

3 min

Wat huet dat mat Fussball ze dinn? Sport a Politik trennen, dat geet net, soen dës Woch Europadeputéiert zu Stroossbuerg. Dowéinst sollt déi problematesch Situatioun a Russland net vu lauter Fussballfreed vergiess ginn.

An der bronger DIN A4 Enveloppe si kleng Titercher mat Schongstréckelen a Reeboufaarwen, an ee Bréif. Adresséiert ass en un all d'Fussballverbänn vun den Equippen, déi vun haut un op der Weltmeeschterschaft derbäi sinn.

Ënner dem Vladimir Putin sengem Regimm huet Russland ee Réckschlag erlieft, heescht et an deem Schreiwes: a Saachen Demokratie, Mënscherechter a Pressefräiheet.

Faarf bekennen, och als Fan

Deenen, déi dës Woch am Europaparlament esou eng Tiitche mat de faarwege Schongstréckelen an d'Luucht gehalen a se demonstrativ an esou eng Enveloppe gestach hunn, geet et ganz speziell ëm d'Rechter vun Homo-, Bi - an Trans-Sexuellen, kuerz LGTB.

"Mir hoffen, datt Fussballspiller déi Schongstréckelen bei Matcher undinn an doduerch hir Solidaritéit weisen", seet den Daniele Viotti, Europadeputéierten vum italieneschen Partito Democratico.

D'Aktioun am Parlament ass parteiiwwergräifend. Dobäi sinn Deputéiert vun de Liberale, der Gauche, de Sozialisten an deene Gréngen. "D'Situatioun a verschiddenen Deeler vu Russland ass dramatesch fir LGTBI-Leit. Et ass net strofbar, esou faarweg Stréckelen ze droen, mee et weist een domat, datt ee si ënnerstëtzt", seet Terry Reintke vun deene Gréngen, si ass selwer Fussballspillerin.

A Russland verbitt zanter 2013 ee Gesetz et, iwwer Homosexualitéit opzeklären. Bestrooft ka ginn, wie sech positiv op Homosexualitéit bezitt.

"Putin benotzt Homosexueller als Sündenbock"

Déi liberal Europadeputéiert Sophie n'tVeld war 2007 op der Gaypride zu Moskau derbäi, wou Neonazien, Leit an der Parade attackéiert hunn an d'Police dono aplaz vun hinnen Demonstrante festgeholl huet. "Schonn deemools war d'Situatioun schwiereg - elo ass se zimlech onméiglech, de Vladimir Putin benotzt Homosexueller als Zilscheif, als Sënnebock fir alles, et ass eng Oflenkung vu senger net ganz reusséierter Politik".

Fir déi hollännesch Liberal geet bei der Aktioun vum Parlament net nëmmen ëm d'LGTBI-Communautéit a Russland - mee am Sport iwwerhaapt: "Mir wëssen, datt et schwéier ass fir Sportler sech ze outen, ganz speziell ass dat am Fussball esou."

Duerch d'Stréckele Faarf bekennen - sou also den Opruff - net nëmmen un d'Futtballspiller, mee och un d'Fändelen op der Tribün a virun den Ecranen.

"Keen iwwerdriwwenen Tourismus"

Et geet net drëm, d'WM ze boykottéieren. Dofir ass et ze spéit, seet den däitschen CDUler Elmar Brok. Et sollt een dem Vladimir Putin awer net ze vill Geleeënheete ginn, aus deem Evenement politescht Kapital ze schloen. Et sollt keen Tourismus vu bekannte Leit a Russland ginn an dem Vladimir Putin d'Zopp esou e bësse versalzen.

Op déi schwiereg Situatioun a punkto Mënscherechter méi allgemeng mécht d'Europaparlament iwwerdeems an enger Resolutioun opmierksam, iwwer déi haut ofgestëmmt gëtt.

Déi Gréng hunn zesumme mat der russescher Mënscherechtsorganisatioun Memorial extra fir d'WM eng Kaart gemaach. Si ass interaktiv, wann een de Button Fairplay op Foul ëmstellt, gesäit een net d'Fussballstadionen, mee Prisongen, an deene politesch Prisonéier sëtzen.