Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wolz kritt eng nei Klinik

Projet „Schlasskéier“ zu Wolz

Wolz kritt eng nei Klinik

Den neien IRM gëtt an enger 1. Phas provisoresch an der haiteger Clinique Saint-Joseph installéiert. Wann alles riicht leeft schonn dësen Hierscht. An e puer Joer - ugepeilt gëtt 2026 - kënnt deen IRM dann an eng nei Klinik mam Numm "Schlasskéier", déi zu Wolz gebaut gëtt, bei der och e Centre médical mat Doktesch-Praxissen entstoe wäert. Aus der Clinique Saint-Joseph gëtt à terme eng reng Geriatri.





auto_stories

2 min

Zu Wolz wäert an Zukunft eng nei Klinik entstoen. (Symbolbild: Miguel Ausejo / unsplash)

Den Dr. Paul Wirtgen iwwer déi nei Klinikplay_arrow


Wolz kritt eng nei Klinik. De Projet "Schlasskéier" ass e Mëttwoch vun de Responsabele vun der Gemeng Wolz an dem Centre hospitalier du Nord virgestallt ginn, a Presenz vun de Ministeren Paulette Lenert a Claude Haagen. Et gëtt eng Klinik ouni Better, just fir ambulant Behandlungen an der Poliklinik a fir kleng Operatiounen ouni stationären Openthalt.

Neien IRM kënnt schonn éischter

Da kënnt och e komplette Service d'imagerie médicale dohinn, mat Röntgen, Scanner, Ultraschall - an engem neien IRM. Dee kënnt iwweregens schonn op Wolz ier d'Schlasskéier opmécht. An enger éischter Phas gëtt e provisoresch an der haiteger Clinique Saint-Joseph installéiert. Dozou den Dr. Paul Wirtgen, medizineschen Direkter vum Centre Hospitalier du Nord (CHdN):

"Mir wëllen a wäerten net waarden op d'Schlasskéier. Well mir hunn den Dossier elo eraginn, fir datt mer deen Apparat kënne provisoresch am Saint-Joseph installéieren. Do ass am -1 - also net am haitege Radiologie-Service, mee e Stack drënner - e Raum, dee mer kënnen dofir huelen. Ouni Ëmbauten. Deen Apparat soll dëst Joer kënnen a Funktioun geholl ginn, wa mer den Accord vun der CPH a vum Ministère hunn. Deen Apparat géif dann duerno an d'Schlasskéier plënneren, fir do e komplette Service no neisten Normen ze maachen."

An dëst soll vun 2026 un de Fall sinn. Dat ass jiddefalls mol den Datum, dee fir d'Ouverture vun der Schlasskéier ugepeilt gëtt.

Och ee Centre médical ass geplangt

Doriwwer eraus kënnt iwwer déi nei Klinik och e Centre médical mat Doktesch-Praxissen fir Generalisten, déi permanent Consultatioune wäerten ubidden. Dobäi komme Praxisse fir Spezialisten, déi punktuell Consultatioune wäerten offréieren.

Dat Ganzt ass e gemeinsame Projet vun der Gemeng Wolz an dem Centre Hospitalier du Nord, deem säi Generaldirekter Paul Wirtgen um Mëttwoch Moien Invité vum Dag hei op der Antenn wäert sinn. Aus der Clinique Saint-Joseph zu Wolz gëtt, wann déi nei Klinik bis op ass, iwweregens eng reng Geriatrie.