Radioen

On air

De Moien  |  Choses Sauvages - Chambre d'Echo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "working yet poor"

Aarbechtswelt

"working yet poor"

Zu Lëtzebuerg waren d'lescht Joer 13,5 Prozent vun der aktiver Bevëlkerung vun Aarmutsrisiko betraff - den zweethéchsten Taux an der EU hanner Rumänien. Dat geet aus Donnéeë vun der europäescher Statistikverwaltung ervir. Ee pan-europäesche Fuerschungsprojet wëllt de Grënn vum Phänomen vun de sougenannte Working poor an enger Partie EU-Staaten op de Grond goen.

auto_stories

3 min

Als Working poor gëllt, wie manner wéi 60 Prozent vum Median-Akommes vum Land an deem e schafft, verdéngt. Et wier een enorme Problem vun all den industrialiséierte Staaten, seet de Luca Ratti. Hien ass Coordinateur vum Projet an Enseignant an europäeschem Aarbechtsrecht op der Uni Lëtzebuerg.

Virum Hannergrond vun dësem Phänomen géif sech senger Meenung no d'Fro vum Aarbechtsrecht stellen, dat op d'Besoine vun den Aarbechter misst agoen. "On a constaté que si beaucoup de travailleurs, beaucoup de salariés et même les indépendants n'arrivent pas à vivre une vie décente, ça signifie que le droit de travail a quelques défis qu'il faut réparer."

Donnéeën a siwe Staaten vergläichen

De Projet mam Titel "working and yet poor" wëllt dofir bannent den nächsten dräi Joer souwuel Donnéeën an d'legal Kaderen a siwen europäesche Staaten vun engem ekonomeschen a juristesche Point de vue analyséieren a vergläichen. Dat sinn nieft de Benelux-Staaten och Italien, Schweden, Däitschland a Polen.

D'Zil vum Projet ass et fir erauszefannen, firwat zum Beispill den Taux vu Working poor hei am Land méi wéi duebel sou héich ass wéi an der Belsch an an Holland. Den Taux, dee mat 13,5 Prozent immens héich wier, wier d'lescht Joer zwar e bëssen erofgaangen, mee wier nach ëmmer den zweethéchsten an der Europäescher Unioune.

Wou sinn d'Ongläichheeten am stäerksten?

Konkret hunn d'Fuerscher de Projet op dem Akronym vun de VUP - am Géigesaz zu VIP, opgebaut esou de Luca Ratti - net "very important people", mee "vulnerable and under-represented people". Et hätt een den Aarbechtsmarché opgedeelt a gekuckt, wou d'Ongläichheeten am stäerkste sinn.

Eraus koum, datt wéineg qualifizéiert Leit, Independanten, Leit mat flexibelen Aarbechtskontrakter - ënner anerem déi, déi onfräiwëlleg Deelzäit schaffen - an sougenannt Null-Stonnen-Aarbechter am vulnerabelste wieren.

D'Äntwert dorop kéint awer net sinn, esou de Luca Ratti, fir hinne méi Salaire ze ginn, mee virun allem fir juristesch Mechanismen ëmzesetzen mam Zil fir eng wirtschaftlech Sécherheet ze garantéieren.

Der Problematik entgéintwierken

De Fuerschungsprojet wäert virun allem Donnéeën, zum Beispill vun Eurostat, zu de genannten Deeler vun der aktiver Populatioun analyséieren, mee et wéilt ee betraffene Leit a Workshoppen invitéieren an et wéilt een iwwer Videoen d'Bevëlkerung sensibiliséieren.

Fir der Problematik vun de Working poor entgéint ze wierken, misst - an de betraffene Staaten - virun allem op europäeschen an op nationalem Plang agéiert ginn, esou nach de Luca Ratti. Hie verweist hei ënner anerem op de Socle européen fir sozial Rechter, dee virun zwee Joer ausgeruff gouf.

Déi generell Prinzippien, déi heiranner festgehale géife ginn, missten ëmgesat ginn: de Luca Ratti ënnersträicht hei besonnesch den "salaire juste et équitable", wéi och e Schutz fir all d'Beruffer.

E Label fir gutt Aarbecht

Um Schluss vum Fuerschungsprojet soll ënner anerem ee Certificat mam Numm "GoodJob!" geschaf ginn, fir d'Employeuren, déi gewëss Aarbechts a Liewensniveaue respektéiere géifen. An d'Fuerscher wëlle Recommandatiounen un d'europäesch an déi national Gesetzgeber maachen, esou nach de Luca Ratti.

Wann deene Rechnung gedroe géif ginn, géif et allerdéngs eng Zäitchen daueren, bis se méiglecherweis een Impakt op déi Betraffen hätten. Jiddweree misst sech heifir adaptéieren,

De Fuerschungsprojet "working and yet poor" gëtt am Kader vum EU-Programm fir Fuerschung an Innovatioun "Horizon 2020" mat 3,25 Milliounen Euro ënnerstëtzt.