De Luc Frieden ass op der Sich no engem neie Chefredakter fir d'Lëtzebuerger Wort. De President vum Verwaltungsrot vum Grupp Saint-Paul huet gëschter Owend ugefaangen, d'Chefequipe vum Wort eenzel bei sech ze ruffe fir erauszefannen, ob een um Posten interesséiert ass.
Frieden wëll nei politesch Positionéierung
Den aktuelle Chefredakter Jean-Lou Siweck verléisst déi gréisst Lëtzebuerger Dageszeitung Enn des Mounts. Hien ass net averstane mat der neier Linn vum Luc Frieden a vum Bistum, dem Proprietär vum Wort.
De Luc Frieden huet der Redaktioun gëscht matgedeelt, datt d'Zeitung sech politesch nees misst Mëtt-Riets positionéieren. De Verwaltungsrot an den Aktionär wieren der Meenung, datt d'Wort ënnert dem Jean-Lou Siweck eng "Jedermannszeitung" gi wier.
Reaktioun vun der Redaktioun
D'Journaliste si majoritär anerer Meenung. Si hunn de Moien decidéiert déi scho méi laang geplangte Grënnung vun enger "Société des journalistes" z'acceleréieren. Donieft wëll d'Redaktioun an der Editioun vum Lëtzebuerger Wort vu muer Stellung huelen an ënnersträichen, datt si fir onofhängegen a kredibele Journalismus stoe wëll.