Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou ass d'Grenz tëscht Flucht virun Aarmut a Flucht viru Verfollegung?

Fräie Mikro

Wou ass d'Grenz tëscht Flucht virun Aarmut a Flucht viru Verfollegung?

Firwat huele Mënsche liewensgeféierlech Reesen op sech, fir an Europa schaffen ze kommen? D'Hürde fir d'Erakommen an d'Unioun sinn d'Ursaach fir dës Zoustänn an ënnerstëtzen de Mënschenhandel an déi illegal Migratioun, mengt d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

auto_stories

4 min

Laura Zuccoli

Vill Europäer verstinn net, firwat Mënschen, besonnesch aus Afrika, onwürdeg Strapazen op sech huelen, jo souguer hiert Liewe riskéieren, nëmme fir bei eis an Europa kënnen ze liewen an ze schaffen.

Ursaache si bekannt: Fortlafe viru Kricher an Aarmut, korrupt Gesellschaften an allgemeng Perspektivlosegkeet. Wann een et packt, sech legal an Europa nidderzeloossen, bedeit dat fir seng Famill, säin Duerf, eng regelméisseg finanziell Ënnerstëtzung, déi et erlaabt, dohannen eenegermoossen normal ze liewen.

Dëst ass wahrscheinlech déi effikasste Form vun Entwécklungshëllef, déi et gëtt.

D'Sue kommen direkt bei de Leit un, déi se brauchen. Si erlabe ganze Géigenden, trotz der Aarmut an der Korruptioun, z'iwwerliewen. Esou versteet een d'Beweeggrënn, fir an Europa ze kommen. Dës gi wäit iwwert d'Schicksal vun dem eenzele Mënsch eraus, dee sech op de Wee mécht. D'Communautéit oder d'Famill hëlt dobäi a Kaf, datt deen dee fortgeet, schwéier physesch a psychesch leide muss oder eventuell souguer dobäi ëmkënnt. Wann et net klappt, da sammele si erëm Suen, verkafen dobäi vläicht hir lescht Terrainen oder Déieren, léine Geld bei skrupellose Kriminellen a schécken erëm e jonke Mënsch, dacks Männer, op déi geféierlech Weeër vun der Emigratioun.

Zoue Baussegrenze léisen de Problem net

Sou laang mir eis Baussegrenzen fest zoumaachen an nëmmen deene Mënsche erlabe bei eis ze bleiwen, déi an hirem Land verfollegt sinn, wäerte mir och weiderhin de Mënschenhandel, an domat dat kalbliddegt Ausnotze vun der Nout vun de Leit an hirem Striewen no engem bessere Liewen an Europa duerch Krimineller ënnerstëtzen.

Sécher, vill muss an deene Länner gemaacht ginn, fir datt dës jonk Leit net méi brauche fort ze goen. Mä ausser dichtege Parolen an deem Sënn, mierkt een an der Realitéit just, datt EU-Handelsofkomme mat betraffene Länner aus Afrika oder aneren Deeler vun der Welt éischter d'Aarmut fërderen, wéi se ze bekämpfen. D'EU ënnerstëtzt de fräien Handel an enger globaliséierter Welt, an där déi kleng Baueren, déi kleng Leit aus dëse Länner, kaum eng Chance hunn.

Administrativ Hürden ze héich

Zu Lëtzebuerg, wéi och an anere Länner an Europa, kann een e legalen Openthalt als Net-EU-Bierger entweder als Flüchtling kréien oder als Migrant. Wann een als Net-EU-Bierger, als Migrant legal a Lëtzebuerg awandere wëllt, muss ee seng Demande vu sengem Heemechtsland aus areechen, virun deem een hei ukënnt! Et muss ee vun doheem aus e Patron fannen, dee bereet ass, een anzestellen. Dofir muss awer de Patron dës Plaz am Virfeld op der ADEM ausschreiwen an noweisen, datt hie keng adequat Aarbechtskraaft um ganzen europäeschen Aarbechtsmaart fanne konnt. Fir héichqualifizéiert Migrante gëtt et natierlech Ausnahmen.

All dës Demarchë sinn also quasi onméiglech vu sengem Heemechtsland aus. Dofir versiche verschidden Net-EU-Bierger illegal anzereesen an hunn et schwéier, hiren Openthalt duerno ze legaliséieren, obwuel si schaffen.

Krimineller verspriechen de Leit e liichten Zougang zu den Openthaltspabeieren, si drécken si ënnert anerem an d'Asylprozedur, woubäi kaum Chancen dofir bestinn. Well den Asyl kann een nëmme kréien, wann een noweise kann, datt ee perséinlech verfollegt gëtt wéinst senger Rass, senger Relioun, senger Nationalitéit, senge politesche Meenungen oder senger Zougehéieregkeet zu enger sozialer Grupp.

Ech froe mech awer, wou ass d'Grenz tëscht Flucht virun Aarmut a Flucht viru Verfolgung? A korrupte Länner, déi vu Gewalt an Ausbeutung gepräägt sinn, wëlle jonk Leit fort, fir sech an hirer Famill e bessert Liewen z'erlaben.

Et brauch eng koordinéiert EU-Immigratiounspolitik

Migrante kréien um Wee heihinner dacks mat Gewalt hiert Geld ofgeholl, hunn héich Scholde fir hir Rees heihinner gemaacht a liewe mam Drock, regelméisseg Geld an hiert Heemechtsland mussen ze schécken. Si sinn da bereet bei eis ënnert mënschenonwierdegen Ëmstänn ze schaffen. Do bréngt et net vill, Programmer op d'Been ze stelle géint de Mënschenhandel, well jo de System selwer dës Leit an d'Illegalitéit dreift.

Et misst endlech eng kloer a koordinéiert Immigratiounspolitik bestoen, an dat op europäeschem Niveau. Mä dofir brauche mir Courage an en Discours, deen d'Virdeeler vun der Migratioun ënnersträicht, amplaz de Leit Angscht virun der Awanderung ze maachen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.