Der Weltgesondheetsorganisatioun no ginn et weltwäit iwwer 160 Impfstoff-Projeten un deenen aktuell gefuerscht gëtt. E puer vun dëse befanne sech mëttlerweil an enger klinescher Préifphas, wat bedeit, datt d'Impfstoff-Kandidaten an dräi ënnerschiddleche Phasen, op d'Verdroen, méiglech Doséierung a schlussendlech op d'Wierksamkeet um Mënsch getest ginn.
Dem däitsche Verband vun de fuerschende Pharma-Entreprisen (VFA) no dauert eng Impfstoff-Entwécklung an der Reegel bis zu 20 Joer. Duerch d'Kris hätt sech dëse Prozess staark acceleréiert, esou de Rudi Balling. Déi Impfstoffer déi elo an der Entwécklung sinn, hätten ënner normale Konditiounen op mannst fënnef Joer gebraucht fir an déi Phas ze kommen, wou se elo grad sinn. Datt dat bannent fënnef Méint méiglech war, wat gewéinlech wéinstens fënnef Joer brauch, wier dorop zréck ze féieren, datt weltwäit all d'Ressourcen heirop konzentréiert goufen.
Op den internationalen Drock bei der Entwécklung negativ Auswierkungen op d'Qualitéit vun engem Impfstoff-Kandidat kéint hunn, wier schwéier ze soen. Dat Ganzt wier ëmmer eng Fro vun der Risiko-Ofschätzung. Senger Aschätzung no wieren d'Autoritéiten, déi d'Produiten zouloossen, sech hirer Verantwortung awer bewosst a wéissten och, datt si verantwortlech kënne gemaach ginn, wann eppes schif geet.
Dräi bis véier Pharma-Entreprisen hätten den Ament d'Nues vir. Wien d'Renne mécht, wier awer nach net virauszegesinn. Warscheinlech géife bis zum Enn vun dësem Joer eng "ganz Rei" vu Kandidate prett stoe fir an déi final Tester ze goen. Nieft de Fuerschunge géifen zum Deel och scho Produktiouns-Capacitéite bereetgestallt ginn, fir wann Impfstoff-Kandidaten zougelooss ginn, esou de Rudi Balling.