Radioen

On air

De Moien  |  Plomm, deen neie Kannermusée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou bleift d'Recht op Wunnen zu Lëtzebuerg?

Fräie Mikro

Wou bleift d'Recht op Wunnen zu Lëtzebuerg?

Fir zu enger Gesellschaft ze gehéieren, ass et wichteg, eng Aarbecht ze hunn, mä och en Dach iwwert dem Kapp. Vill Awunner zu Lëtzebuerg kenne sech kaum eng Wunneng finanzéieren, besonnesch, wann si e schwaacht Akommes hunn.

auto_stories

3 min

Laura Zuccoli

Eise Wunnengsmaart bitt wéineg erschwéngleche Wunnraum! Ech froe mech dacks, wou dann all déi Leit liewen, déi sech all Joer an eisem Land nidderloossen. D'Awunnerzuel klëmmt jo all Joer ëm Ronn 10.000 Leit!

A wéi enge Konditioune fanne si eng Wunneng? Déi 936 Flüchtlingen, déi de Protectiouns-Statut dëst Joer kruten, komme kaum aus de Flüchtlingsstrukturen eraus. Si hausen weider an engem Foyer - als Famill a maximal zwee Zëmmeren.

Staatlech Hëllef

Beim Schafe vun neiem Wunnraum spillen d'Gemengen eng wichteg Roll. Am Artikel 29 vum Gesetz iwwert d'Aide au Logement steet, datt de Staat ëffentlech Promoteure wéi d'Gemenge beim Bauen oder Kafe vu Wunnenge bis zu 100 Prozent finanzéiere kann, wann et ëm Wunnkomplexer fir Aarbechter oder Asylante geet. De Staat kann d'Gemenge bis zu 75 Prozent beim Bauen vu Sozialwunnengen ënnerstëtzen.

Wou sinn all déi Gemengen, déi dovunner Gebrauch maachen? De Wunnengsbau stoung ganz uewen an de Wahlprogrammer vun de Gemengewahlen ... da si mir jo awer gespaant, wat kënnt!

Mëttel verschwannen am Tirang

D'Gemenge sinn am Gaangen, hir Komissiounen zesummenzesetzen. D'Loyers-Kommissioun ass gesetzlech virgesinn, mä gëtt kaum aberuff. Si soll Proprietairen a Locataire mat der Mediatioun vun de Gemengeverantwortlechen dozou bréngen, e gerechte Loyer festzeleeën.

Leider ass dat keng Realitéit um Terrain. Dofir ginn et vill Ursaachen: D'Awunner kennen d'Existenz an d'Roll vun esou enger Komissioun net, d'Gemenge si mam Sujet iwwerfuerdert. De SYVICOL hat an deem Zesummenhang eng national Mietkomissioun proposéiert, wou Professioneller d'Standpunkter vum Proprietaire, wéi vum Locataire, kéinte besser erfaassen an aktiv no enger Solutioun sichen. Alles gesetzlech Mëttelen, déi an den Tiräng verschwannen, obwuel vill Leit dovunner kéinte betraff sinn.

Eidel Wunnenge fräi ginn

Baue kascht Zäit. Mir sinn an engem Wunnengsnoutstand! Do mussen esou séier wéi méiglech déi eidel Wunnengen erausgeréckelt ginn.

Verschidde sozial Organisatioune verloune Wunnengen un manner bemëttelt Leit. Do wier et un der Zäit, eng proaktiv Kommunikatiounscampagne ze féieren, fir datt Proprietairë motivéiert ginn, hir eidel Wunnengen esou Strukturen zur Verfügung ze setzen.

Sozialen Encadrement

D'Steierreform erméiglecht elo 50 Prozent vum Akommes aus Locatiounen u sozial Organisatioune vun de Steieren ofzesetzen. Locatairë vun dëse Strukture gi sozial encadréiert, de Proprietaire huet d'Sécherheet, seng Wunneng an engem gudden Zoustand erëmzekréien, an zwar an deem Moment, wou hie se braucht.

Do wonnert ee sech, datt eng Struktur, wéi zum Beispill d'Agence Immobilière Sociale (AIS) zéckt, vill Reklamm ze maachen, well si soss ze vill Wunnenge vu Privatleit ugebuede kritt, well si dann net genuch Sozialaarbechter hunn, fir de Suivi vun de Locatairen ze sécheren.

Ënnerstëtzung vun de Gemengen

Gemenge kéinten dach do en Deel vun de Käschte vum sozialen Encadrement iwwerhuelen. Déi sozial schwaach Leit aus der Gemeng hätten dann e Virrecht op esou eng Wunneng, an d'Gemengen hätten dann Interêt, eidel Wunnengen u sozial Strukture weiderzevermëttelen. Bal 50 Prozent vun de Gemengen ënnerstëtzen am Moment d'AIS, mä dat ass net genuch.

Et ass un der Zäit, datt all déi sozial an institutionell Acteure sech ofschwätzen, an eng national Campagne starten, fir datt mir op d'mannst déi eidel Wunnengen op de Wunnengsmaart kréien.

Et feelt de politesche Courage

Zousätzlech misste steierlech ofschreckend Mesurë gestemmt gi géint eidel Wunnengen oder net bebauten Terrain am Bauperimeter. Mä do feelt de politesche Courage, déi nächst Wahle sti jo schon virun der Dier am Oktober 2018.

Et geet hei ëm eis Sozialkohesioun. Wann en Deel vun eiser Gesellschaft, wéi unerkannte Flüchtlingen, Migranten oder manner bemëttelt Awunner keng Wunneng fannen, da steet den Zesummenhalt vun eiser ganzer Gesellschaft op wackelege Been. Do gi Sonndesrieden net duer!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.