Radioen

On air

Notturno  |  Hamid El Shaeri - Reet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou geet et dann hei op Canossa?

Affär Monica Semedo

Wou geet et dann hei op Canossa?

D'Monica Semedo gouf vum Europaparlament sanktionéiert, well si hir fréier Mataarbechter gemobbt huet. Hir Partei DP ass gestrooft andeems se hire Setz verléiert. Mee d'Monica Semedo misst elo awer emol op Canossa goen, mengt d'Michèle Sinner an engem Kommentar.

auto_stories

4 min

Am Fong konnt ee jo nëmmen impressionéiert si vun der Monica Semedo. D'Duechter vun Awanderer vum Cap vert huet als Kand e puer Joer am Foyer gelieft. Si huet als kléngt Meedchen geschafft a Suen verdéngt, deemools, wéi ee just hire Virnumm kannt huet. Si huet geschafft nieft der Schoul an nieft der Uni. Si krut als éischt an hirer Famill en Unisdiplom an huet hir Ofschlossaarbecht iwwert d'Bankgeheimnis an d'Ophiewen dovun geschriwwen. Si ass mat engem super Score Europa-Deputéiert ginn an huet der CSV fir d'DP ee Sëtz ofgeholl. Wat en Opstig! A wat fir eng Confirmatioun, datt dem Xavier Bettel a senge Frënn - et war hien perséinlech, deen d'Monica Semedo gefrot hat, fir bei de Walen unzetrieden - datt hinnen d'Zukunft vun der DP géing gehéieren. Net engem Charles Goerens, mat deem d'Relatiounen kill waren, zënter hien 2013 mat der CSV an d'Regierung wollt.

Datt d'Monica Semedo eng jonk, Schwaarz Fra mat Succès ass, mécht d'Situatioun lo ëmsou méi schwiereg. Wéinst de Leit, déi hir de Succès net gegënnt hunn. Wéinst deenen, déi soen, si soll zréck op de Cap Vert - dobäi ass si hei gebuer. Wéinst deenen, déi ruckelzeg rassistesch Witzer driwwer maachen, datt se kéint botzen goen.

A well ee sech dowéinst och muss froen, ob se d'selwecht streng bestrooft gi wier, fir dat, wat se gemaacht huet, wa se wäiss an e Mann gewiescht wier. Bis elo gouf et am Europaparlament mol kee Grapp voll Sanktiounen wéinst Harcèlement moral. Wéinst Harcèlement sexuel nach keng. Wat komesch ass, vu datt et - Hashtag metoo - nu wierklech net u Virwërf géint wäiss Männer gefeelt huet. Dofir begréisse verschidde Leit d'Sanktioun vum Monica Semedo als Revirement an der Politik vum Parlament. Ob et och wierklech een ass, kann een awer eréischt aschätzen, wann no hir nach aner Leit sanktionéiert ginn.

Revirement an der Kommunikatioun vun der Parteispëtzt

D'Monica Semedo huet mat Hiwäis op den Revirement an der Partei en Dënschden den Owend hir Memberskaart ofginn, ier d'Partei hier se konnt ofhuelen. Wéi de Wand sech gedréint huet, konnt ee gutt um DP-Generalsekretär Claude Lamberty beobachten. Deen hat als éischt gemengt, mat den Excusë vum Monica Semedo an de Sanktioune vum Parlament wier den Dossier zou. Mee du gouf et och fir der Monica Semedo hire Mentor Xavier Bettel brenzeleg, well eraus koum, datt den Instruktiounsdossier vum Parlament 100 Säiten déck, also substanziell wier. Dunn huet sech de Claude Lamberty mat der Presidentin Corinne Cahen virun d'Kamera gestallt, fir Mobbing schaarf ze verurteelen. An - ëmmerhin och - de Rassismus, deen d'Affär mat sech bruecht huet. Do virdrun war keng Rieds dovun, datt d'Parteigremien mat der Saach befaasst géifen, fir eventuell aner Suitten ze decidéieren.

D'Affär wërft kee gutt Liicht op d'Parteispëtzt an op de Charel Goerens

Ware se sech ieren der Gravitéit vun der Situatioun wierklech net bewosst? Et ass wuel richteg, datt kee weess, wat an deenen 100 Säite Rapport steet. Mee spéitstens zënter Dezember, wéi d'Monica Semedo selwer Bescheed gesot huet, datt Sanktioune kéimen, hätt ee sech kënnen iwwerleeën, wat dat bedeit a wéi een domat ëmgeet. Woubäi - et ass schonn net fir sech ze bretzen, datt et no der Demissioun vun den dräi Mataarbechter bal e Joer gedauert huet, bis d'Parteispëtzt vum Probleem héieren huet - schliisslech setzt de Charles Goerens, mat deem d'Relatioune sou kill sinn, awer am Büro niewendrun. Hien ass lo erëm deen eenzegen DP-Europa-Deputéierten a mam Verloscht vum zweete Setz ass d'DP gutt gestrooft.

D'Monica Semedo muss sech richteg entschëllegen an hir Feeler verstoen

Dobäi däerf een awer net vergiessen, wien héi d'Täter an wien d'Affer sinn. D'Monica Semedo gouf bestrooft, well si hir fréier Mataarbechter gemobbt huet. A si well, wéi d'Corinne Cahen no stonnelaange Gespréicher mat hir seet, net agesinn huet, wat se falsch gemaach huet. Ween der Corinne Cahen net wëllt gleewen, sollt nach emol der Monica Semedo hir soi-disant Excuse liesen, an där si d'Schold hire Mataarbechter gëtt, déi net op der Héischt vun den Erwaardungen gewiescht wieren.

Wann si net ganz geschwënn op Canossa geet, ganz haart mea maxima culpa seet an e puer Mobbing-Formatiounen enchaînéiert, da ka si sech zwar vläicht nach bis zum Ënn vun der Legislatur un hirem Setz zu Stroossbuerg festhalen. Mee dono geet et awer mat grousser Warscheinlechkeet d'Karriärsleeder éischter erof, wéi erop.