Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wuesstem anescht strukturéieren"

Wuesstemsdebatt

"Wuesstem anescht strukturéieren"

350 Bierger, Gemengevertrieder an Experten hunn a regionale Laboratoiren iwwert déi zukünfteg Entwécklung vum Land diskutéiert. Fënnef thematesch Aarbechtsgruppen hu sech mat de Grondfunktioune Wunnen, Schaffen, Transport, der Liewensqualitéit, der sozialer Kohäsioun oder nach der Resilienz befaasst. D'Zil ass et de Programme directeur de l'amenagement du territoire aus ze schaffen. Et ass een Orientéierungsdokument, an deem beschriwwe gëtt wéi d'Land sech soll entwéckelen a wou.

auto_stories

2 min

D'Pascale Junker, Coordinatrice génerale adjointe vum Departement Landesplanung am Nohaltegkeetsministère schwätzt vun engem Dilemma. Eng Augmentatioun vun der Populatioun géif Besoine vun neien Infrastrukture mat sech bréngen, wéi Schoulen, Spideeler, Maisons médicalen. Generell misst een eng besser Distributioun fäerdeg bréngen, op där Fläch, déi Lëtzebuerg ze bidden huet.

Aus de regionale Laboratoiren hätt de Ministère awer och kënnen erausliesen, "datt et elo un eis ass, fir eng Solutioun ze bréngen, wéi een de Flächeverbrauch besser geréiert an enger Zäit vu verschiddenen Transitiounen". Vill Sujete géifen net méi traitéiert gi wéi virdrun: Ekologesch, energetesch, digital, gesellschaftlech Defie missten opgeholl ginn, an "d'Fläch muss déi kënnen hierginn", seet d'Pascale Junker.

Wuesstem anescht strukturéieren

Et wéilt ee Lëtzebuerg duerch eng aner Zort vu Wuesstem weiderentwéckelen, seet den Emile Grandgenet, ee vun de Bierger, déi sech an deene regionale Laboratoiren abruecht haten.

D'Alternativ wier, fir ze versiche qualitativ ze wuessen andeems een Industrien unzitt, déi eng grouss Plus-Value géife bidden an "net nëmmen d'Main d'oeuvre an d'Land erafueren. Well wa mir Main d'oeuvre brauchen, da kënnt se aus dem Ausland."

Et misst een et fäerdeg bréngen, datt d'Lëtzebuerger Industrie sech esou entwéckelt, datt d'Land Wuesstem mat beschränkte Ressourcë ka garantéieren. Woubäi Wuesstem "e grousst Wuert" wier. Dofir schwätzt den Emile Grandgenet léiwer vu "méi Sue generéieren, oder méi Wäerter generéieren". Et géif aner Wäerter am Liewen, wéi nëmmen d'Suen. D'Liewensqualitéit wier wichteg. "D'Suen, déi ee spéider eventuell huet sinn och näischt méi wäert, well d'Terraine jo sou deier sinn." Zu Lëtzebuerg géif alles vum Wuesstem gezunn an dofir misst ee versichen de Wuesstem anescht ze strukturéieren.