Radioen

On air

Tockcity  |  Divorce - Gears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wunnengsnout zu Lëtzebuerg

Logement

Wunnengsnout zu Lëtzebuerg

Eng "laangfristeg, couragéiert a kohärent Politik", eng "richteg Wunnengsbauoffensiv", "Wunnraum fir jiddwereen" respektiv "bezuelbart Wunne fir jiddweree": dat fuerdere Parteien an hire Wahlprogrammer, ob se an der Oppositioun sinn oder an der Regierung. D'Wunnengsnout ass ee vun de groussen Themen am Wahlkampf. D'Präisser missten erofgoen, eidel Wunnenge mobiliséiert ginn, an et misst ee vill méi bauen, virun allem Sozialwunnenge fir ze verlounen, heescht et queesch duerch d'Parteielandschaft. Wéi gesäit d'Situatioun aus?

auto_stories

7 min

Foto: Bigstock/Successphoto

D'Populatioun wiisst konstant, d'Zuel un neie Wunnenge klëmmt awer bei wäitem net an deem selwechte Mooss. Dem STATEC no missten eng 5.000 Wunnenge pro Joer nei op de Marché kommen. "Aktuell, wa mir eis Statistike kucken, kënne mir soen, datt ronn 3.000 nei Wunnengen dobäi kommen. Dat heescht, et ass e Manque do vu Wunnengen, fir de Besoin ze decken", seet STATEC-Mataarbechter Jérôme Hury.

Et muss also massiv gebaut ginn. Mee wou? Eng 2.700 Hektar Terrain sti potentiell an den dofir ausgewisene Bauperimeteren zur Verfügung, eng Zuel, déi bannent dem leschte Joerzéngt konstant bliwwen ass, erkläert de Julien Licheron, Fuerscher beim LISER. "Dat entsprécht ongeféier 50.000 bis 80.000 Logementer, deemno wéi dicht een op dësen Terraine wëllt bauen."

Wiem gehéieren d'Terrainen?

Entscheedend ass dann och, wiem dës Terrainen iwwerhaapt gehéieren. Anescht wéi ee géif mengen, wieren et net an der Haaptsaach Promoteuren an Entreprisen. "D'Terraine sinn zu 92 Prozent an den Hänn vu Privatleit, dacks schonn zanter Generatiounen", sou de Julien Licheron. Allerdéngs géif et wéineg Ureizer ginn, fir dës Terrainen op de Marché ze bréngen.

Zu Lëtzebuerg wier et awer kee Phenomen vu Spekulatioun. "Mir sinn éischter an enger Retentiouns-Thematik: d'Leit, well si d'Terraine schonn zanter Generatioune besëtzen, di sech schwéier, wann et drëms geet se ofzetrieden."

"Do si mir wäit, wäit iwwer de Präisser vun haut"

D'Präisser am Immobiliësecteur da sinn hei am Land ee ganz wichtege Facteur. Zanter Jore klammen se, souwuel bei der Vente, wéi och bei der Locatioun. Dem STATEC no ass en Appartement, dat no 2010 gelount ginn ass, ongeféier 44 Prozent méi deier wéi e Vertrag, dee virum Joer 2000 ënnerschriwwe gouf. An der Vente klammen d'Präisser vun Appartementer am Duerchschnëtt ëm 5-6 Prozent pro Joer.

Well sech ëmmer nach genuch Keefer fannen, dierft dëse Rhythmus soubal net gebrach ginn. Den Escher Immobilien-Agent Tom Ernzer weess, wouvun hie schwätzt. Um Belval hätt hien ee Projet erakritt. "Dee gëtt eréischt 2020 ugefaange mat bauen, an do huet de Promoteur awer scho Präisser ausgerechent. Also do si mir wäit, wäit iwwer de Präisser vun haut."

"Vill och d'Schold vun den Agencen"

Den Tom Ernzer ass schonn zanter 15 Joer am Metier. Eng global Léisung fir d'Wunnengsnout hätt hien net. Allerdéngs weess hien, wou ee scho mol kéint usetzen: bei der Regulatioun vu sengem eegene Beruff. "Fir mech ass einfach och vill den Agencen hir Schold. Ech gesinn dat all Dag, wa mir Estimatioune maache gi vun Haiser." Eng Agence, déi d'Vente vun engem Objet wëllt uvertraut kréien, misst iwwerdriwwe Präisser virschloen:

"Soe mir, Dir géift Äert Haus verkafen, ech géif et estiméieren op 700.000 Euro. An da kënnt eng zweet Agence X a seet: "Äert Haus ass 850.000 Euro wäert". Da sot Dir: "Här Ernzer, Dir kritt et net an d'Vente, ech ginn där anerer Agence et, well déi seet, mäi Bien wier méi wäert". An ech denken, do läit e bëssen de Problem: datt einfach déi Präisser aus dem Himmel gegraff ginn."

Eng weider Erklärung fir dës Entwécklung no uewe vun den Immobiliëpräisser wier - dem Tom Ernzer no -, datt de Präis pro Meter Carré als Kritär an den Hannergrond geroden ass. Keefer géifen d'Wunnengen als ee Ganzt ugesinn: wa se hinne gefält a si se sech kënne leeschten, da géifen si eben de Präis dofir bezuelen.

"D'Hallschent vun den Zëmmere sinn illegal"

Eng Méiglechkeet, fir den ze héije Präisser ze entkommen, ass et, an d'Grenzregioun wunnen ze goen. Schonn an de Joren 2001 bis 2007 haten eng 7.700 Residenten dee Choix getraff.

Eng aner Optioun um private Marché ass dann déi ënnescht Präiskategorie. "Dat Bëllegst, wat ee wierklech ka fannen, dat sinn déi Zëmmeren, déi vill ugebuede ginn - fréier hu mir gesot: iwwer de Caféen", sou den Immobilienagent. "Mee et sinn haut scho Gebaier, déi opkaf ginn, fir eben Zëmmeren doraus ze maachen." An Tëschenzäit misst een dofir och scho 700 Euro ausginn, fir eng Persoun eleng.

"Also ech denken, datt d'Hallschent am Fong illegal ass. Op der Gemeng géifen déi net zougelooss ginn, wann do eng Kontroll wier. Ech mengen, do gëtt am Moment e bëssen nach duerch d'Hand gekuckt, well de Problem bekannt ass, datt verschidde Leit keng aner Wunneng kënne fannen."

Tom Ernzer

Sozialwunneng: fir vill Leit en Tabu

Fir vill Mënschen hei am Land bleift eng staatlech Sozialwunneng déi eenzeg Optioun. Géif den Tom Ernzer senge Clienten de Wee bei d'Maison sociale uroden, 100 Meter méi wäit op där anerer Säit vun der Escher Brillplaz?

"Dat ass ëmmer delikat. Ech denken, ech däerf net eng Persoun jugéieren a soen: "Du muss elo bei den Office social goen, fir eng Wunneng ze kréien. Ech froen hir Dokumenter. Wann ech gesinn, datt et enk gëtt, ginn ech och Saache mat hinne kucken. Mee et ass ëmmer de Proprietär, deen decidéiert. A wann de Proprietär dräi, véier Mol Nee seet, kann ech der Persoun leider net méi hëllefen ... Obschonns et heiansdo déck deet, wann Dir eng Fra gesitt mat engem Kand ..."

Zwar kéint een emol den Tuyau ginn. Mee vill Leit géife sech schummen, an d'Maison sociale ze goen. "Déi probéieren dann, op hiren eegene Féiss ze stoen an et dann iergendwéi hinzekréien."

Vill elengerzéiend Eltere mat Kanner

An der Maison sociale sinn zanter kuerzem all déi sozial Déngschter vun der Gemeng Esch regroupéiert, ënner anerem de Service Logement. "Wärend der Vakanz war hei net manner Betrib, wéi de Rescht vum Joer", seet de Mataarbechter Samuel Baum. Wien do eng Demande fir eng Wunneng mécht, kéint et sech an der Regel net leeschten, fortzegoen. Dorënner vill elengerzéiend Elteren:

"Elengerzéiend Eltere mat engem, zwee oder méi Kanner. Dat ass d'Tendenz, wou ech soen: déi brauchen et am meeschten. Well si eben och just ee Revenu hunn, logescherweis, oder heiansdo och iwwerhaapt kee Revenu oder ee klengen. An da wunne si natierlech och ënner Konditiounen, déi net adaptéiert sinn un d'Besoine vun de Kanner."

"Datt déi hei liewen ass schonn e Wonner!"

Heiansdo wier d'Wunneng da grouss genuch, mee - wann um private Marché gelount - eleng net méi ze bezuelen, sou de Samuel Baum. Déi finanziell Situatioun ass allerdéngs nëmmen ee Volet, deen de Service Logement vun der Gemeng a betruecht zitt. Gesondheetlech Problemer kënnen ee Grond sinn, firwat een eng aner Wunneng sicht. Oder d'Appartement ass vum Schimmel befall a mécht krank:

"Mir hunn elo e puer Enquêtes socialë gemaach, wou mir och bei d'Leit heem ginn. An do fält op, datt d'Leit a Wunnenge liewen, wou d'Konditiounen am Fong net gutt sinn, wou s de sees: Wow! Datt déi hei liewen ass schonn e Wonner!"

Aner Leit wieren an duerchaus gudde Logementer ënnerbruecht. Hei géif et dann drëms goen, méi bëlleg ewech ze kommen.

"Eng Kéier Nee ass net fir ëmmer Nee"

De Service Logement vun der Gemeng Esch géif esou fonctionnéieren, wéi ähnlech Déngschter am Land: Fonds du Logement, Agence immobilière sociale, asw. Et géif elo keng Lëscht vu Kritäre ginn, déi een alleguerte muss erfëllen, fir automatesch eng Wunneng ze kréien. "All Fall gëtt individuell gekuckt", seet de Samuel Baum. "Mee wann een als Famill eng Demande mécht, dann huet ee méi Chancen, fir relativ schnell eng Wunneng ze kréie par rapport zu deenen aneren. Well mir eben net esou vill Famillen hunn, déi eng Demande maachen. Also Famille mat véier Kanner, zum Beispill."

Bis eng Demande zu enger neier sozialer Wunneng féiert, vergeet gär emol e Joer. Op enger Lëscht sinn, dat bedeit waarden. Mee och wien net direkt ee Logement zougesprach kritt sollt sech net decouragéiere loossen, mengt de Samuel Baum. Vun der Lëscht wier een net gestrach. "Wa mir elo eng fräi kréien, ass en ëmmer nach dobäi. An dat kann och relativ schnell da goen. Et wëllt net heeschen, wann een eng Kéier Nee seet, datt et da fir ëmmer Nee ass."

Samuel Baum