NATO-G7-EU-Sommet Xavier Bettel ass fir eng Graduatioun bei de Sanktiounen

Eng Partie EU-Länner si weiderhin dofir, een Import vu russeschem Gas a Pëtrol ze stoppen. Anerer wéi Däitschland, Éisträich oder Ungarn sinn dogéint. Lëtzebuerg wëllt sech net festleeën, ass awer éischter skeptesch.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Xavier Bettel virum EU-Sommet
De Xavier Bettek virum EU-Sommet haut zu Bréissel. Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Lëtzebuerg blockéiert keng Sanktiounen, mee wëllt konstruktiv matschaffen, sou de Premier Xavier Bettel virum EU-Sommet zu Bréissel. Et misst een no engem Equiliber sichen.

Um EU-Sommet soll elo weider iwwer Sanktiounen diskutéiert ginn. D'Aussoe vu verschiddene Vertrieder virun der Reunioun huet gewisen, datt d'Meenungen do deels wäit ausernee ginn.

Et sti sech, wéi och schonn an de Woche virdrun, zwee Campe géintiwwer: déi, déi direkt all d'Sanktiounen op den Dësch leeë wëllen an déi, déi schrëttweis wëlle virgoen.

"Mir sinn den Ament beim véierte Pak vu Sanktiounen, ee Pak mat enger Envergure, wéi en nach ni do war", betounen EU-Vertrieder ëmmer nees. Dat geet net duer, fannen awer d'Vertrieder vun enger Partie Länner, dorënner déi baltesch Staaten.

Lettesche Premier: Et si just Suen

De lettesche Premier Arturs Krišjānis Kariņš fënnt, datt d'EU kee Gas a kee Pëtrol méi aus Russland soll akafen. Esou kéint een d'Krichsmaschinn stoppen. Hie géif dat soen, obscho säi Land staark vum Import vu russeschem Gas ofhänkt:

"Et si just Suen, wann d'Infrastruktur OK ass, kann een déi Suen nees verdéngen."

Soulaang een Energie aus Russland keeft, finanzéiert een de Krich, sot och déi finnesch Premierministerin Sanna Marin.

Dee Reproche misst ee sech gefale loossen, gëtt de Lëtzebuerger Premier zou. Een Importstopp géif awer och den EU-Länner wéi dinn. De Xavier Bettel ass iwwerdeems iwwerzeegt dovun, datt ee sech nach eng Augmentatioun bei de Sanktioune behale muss, zum Beispill fir de Fall wou Russland chemesch Waffen asetze wëllt:

"Wann de Risiko do ass, musse mer och eng adequat Äntwert hunn. Wa mer elo scho soen: lo maache mer dat doten, dat doten an dat doten, da gëtt et schwéier nach Kartuschen ze fannen. Well mir wëssen, datt dat Russland ganz vill wéi deet, mee eis och."

Nom däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz an dem ungaresche Premier Viktor Orbán huet iwwerdeems den éisträichesche Kanzler zu Bréissel Kloertext geschwat. Mat him géif et kee Gas- oder Pëtrolsembargo ginn, sou den Karl Nehammer.

Xavier Bettel: Lëtzebuerg setzt Militärbudget massiv erop

De Westen huet iwwerdeems Wëlles, massiv opzerëschten als Reaktioun op déi aggressiv Politik vu Russland. Dee ganze Spektrum vu Asaz-Truppen a Kompetenze géif weider entwéckelt ginn, heescht et an enger Deklaratioun vun de Staats- a Regierungscheffe vun der NATO, déi haut zu Bréissel adoptéiert gouf.

D'Länner hätte sech engagéiert, méi an d'Defense ze investéieren, sou de Generalsekretär Jens Stoltenberg.

Lëtzebuerg géif säi Budget fir d'Joren tëscht 2014 an 2024 ëm 230 Prozent erhéijen, sot zu Bréissel de Premier Xavier Bettel. De Budget wier zwar nach net op deene gefroten zwee Prozent vum PIB, mee et géife wéineg NATO-Länner ginn, déi esou eng Croissance opweise kënnen.

Méi zum Thema

Yuriko Backes
Konsequenze vum Ukrain-Krich

D'EU kéint hir Ofhängegkeet vu russeschem Gas net vun haut op muer iwwerwannen, seet d'Finanzministerin Yuriko Backes. Dat géif och erklären, firwat d'Gazprombank net sanktionéiert gëtt.

De Xavier Bettel um informellen EU-Sommet zu Versailles
Informellen EU-Sommet

Um informellen EU-Sommet hätt ee kënnen e positive Message un d'Ukrain schécken, seet de Xavier Bettel am 100,7-Interview. D'Reegele fir een EU-Bäitrëtt géifen awer net iwwer Bord geheit ginn.

Däitsch Bundeswehr
Verdeedegungspolitik

Däitschland wëllt an Zukunft 2 Prozent vum PIB an d'Verdeedegung stiechen. An der SPD a bei de grénge Regierungspartner ass d'Theema Oprëschtung net onëmstridden, an awer gëtt et hei Konsens.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen