Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Yemen (feat. Tom Trabandt)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dee Storytelling ass nach ëmmer richteg"

Regierung Bettel II

"Dee Storytelling ass nach ëmmer richteg"

Esou laang et dem Land géif gutt goen, sollt et de Bierger gutt goen. Eréischt wann dat net méi de Fall wier, misst ee kucke wou ee misst kierzen, mengt de Premier Xavier Bettel.

auto_stories

3 min

D'Oppositioun werft der Regierung vir, fir net nohalteg ze wirtschaften a mat der Géisskan ze verdeelen. De Xavier Bettel mengt awer, datt ee sollt an d'Nopeschlänner wéi an der Belsch oder Frankräich kucken, wat geschitt, wann de soziale Frust immens grouss ass. "Mäi belsche Kolleeg huet gëschter demissionéiert, a Frankräich hu se Manifestatioune gehat, si hu Bien publice futti gemaach [...] an Däitschland hu mir eng AfD, déi an de Sondagë Resultater maachen."

Et misst ee sech bewosst sinn, datt ee Chance huet zu Lëtzebuerg zesummen ze liewen, an datt een dee Wuelstand hätt. Mee: "déi Schéier dierf net méi grouss ginn", seet de Xavier Bettel.

"De PIB kënnt net vun näischt"

Datt et dem Land momentan sou gutt géif goen, géif och mat engem héije PIB zesummenhänken, mee "dee PIB kënnt net vun näischt", mengt de Xavier Bettel. Ee Grond heivir wier och den "Zukunftspak", deen déi viregt Regierung ëmgesat huet.

"Wann ech deen Zukunftspak net presentéiert hätt, hätt ech haut dee PIB net, deen ech hunn." Dëse Storytelling wier nach ëmmer richteg. "Dee war richteg, an deen ass och nach ëmmer richteg", esou de Premier Xavier Bettel.

"Depensë kënne gestreckt ginn"

Eng aner Kritik vun der Oppositioun un der Regierung ass, datt ee géif Automatismen an de Finanzausgabe schafen. De Xavier Bettel seet dozou, datt e Budget annuell wier, an net e Budget op fënnef Joer. Wann et dem Land net méi gutt géif goen, géifen et eng Rëtsch Saache ginn, déi ee kéint strecken, an dat wier budgetär och guer kee Problem. "Ob een elo e Contournement op een oder zwee Joer mécht, et sinn alles Saachen, déi ouni Problem gemaach kënne ginn."

Op d'Remark hin, datt dat just eemoleg Ausgabe wieren, Chèque servicë awer géife bleiwen, och no engem Joer, mengt de Xavier Bettel: "Dat si Sachleeschtungen a keng Geldleeschtungen. Geldleeschtungen hätte mir verdeelt, an dat wier vill méi deier ginn."

Kannerbetreiung: "Wichteg e Choix ze hunn"

Weider wier et fir de Xavier Bettel wichteg, datt de Choix, ob ee seng Kanner an eng Kannerbetreiung gëtt, net aus finanzielle Grënn geholl gëtt. "D'Kannerbetreiung ass déi Plaz, wou d'Kanner zesumme liewen, wou si sozial Kompetenze kréien, wou si déi Diversitéit vun der Gesellschaft kréien. Mir sinn der Meenung, datt et wichteg ass, datt een hautdesdaags eng Famill, och wa se d'Moyenen huet, incitéiert fir d'Kanner an eng Betreiung ze ginn."

Doduerch kéint een och Fraen, déi virdrun net geschafft hunn, dozou beweegen, vläicht awer schaffen ze goen, "well si da weess, datt si méi Zäit huet fir sech en eegent Liewen opzebauen."

"Vill positiv Ënnerstëtzung vun de Bierger"

Zum Wahlresultat sot de Xavier Bettel, hie selwer hätt net domat gerechent, datt et an de Chamberwahle géif duergoe fir eng Zweetoplag vu Blo-Rout-Gréng. Hien hätt och net ausgeschloss, fir als Deputéierten an d'Oppositioun ze goen. Anescht wéi 2013, wou vill Leit rose gewiescht wieren, well et zur Dräierkoalitioun koum, hätt hien dës Kéier ganz vill positiv Ënnerstëtzung vun de Bierger kritt.