Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Ice In My Eyes - Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Xavier Bettel: Nieft den aktuelle Krisen, dierf een d'Klimakris net vergiessen

COP27

Xavier Bettel: Nieft den aktuelle Krisen, dierf een d'Klimakris net vergiessen

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel war den Dënschdeg Owend an Ägypten ee vun Dosende Staats- a Regierungscheffen, déi hir Rieden op der Weltklimakonferenz gehalen hunn. Hien huet d'Aarbecht vum Klimabiergerrot gelueft a gesot, datt deem seng Recommandatiounen nach méi ambitiéis si wéi, déi déi ee soss op der COP27 héiert.

auto_stories

3 min

De Generalsekretär vun der UNO Antonio Guterres an déi ägyptesch Presidence vun dëser Weltklimakonferenz hunn et kloer gesot: Dës COP27 zu Sharm El-Sheisch kënnt an engem Kontext wou fir vill Länner de Klimawandel net méi d'Prioritéit ass.

E puer Länner hunn hir Staatscheffe guer net op der Plaz gehat, Indien zum Beispill oder Russland. Mee de russesche President Wladimir Putin hätt op dëser internationaler Bün den Ament och net vill Frënn fonnt. Den ukrainesche President Wolodymyr Zelenskyj huet sech per Video gemellt. Et ka keng gutt Klimapolitik ouni Fridden an eiser Welt ginn, sot hien.

X. Bettel: De Klimawandel ass déi gréisste Kris

Déi russesch Invasioun vun der Ukrain ass eleng responsabel fir d'Energiekris an d'Hongerkris, esou de Xavier Bettel op der Bün hei an Ägypten. Besonnesch optimistesch schéngt de Lëtzebuerger Premier net ze sinn, wat de kollektive Wëlle fir eng méi staark Klimapolitik ugeet.

"Eng Kris verdreift déi aner, huet een heiansdo d'Gefill. Déi Klimakris ass awer nach ëmmer do an et ass weder de Covid, nach déi russesch Aggressioun, nach d'Energie, nach d'Inflatioun, déi mat sech solle bréngen, datt mer d'Klimakris op d'Säit stellen. An et dierf och keng Excuse sinn."

Verschidde Länner géifen déi aktuell Krisen awer notzen, fir zum Beispill erëm verstäerkt op Kuel- oder Nuklearenergie ze setzen.

Lëtzebuerg géif déi néideg Efforte maachen

Op deene meeschte Weltklimakonferenze gi wärend zwou Woche vu ville Länner, oder Gruppe vu Länner, nei Mesurë presentéiert. Zu Glasgow goufen der jo besonnesch vill presentéiert fir d'Ofholzung vum Reebësch ze limitéieren, oder Methan-Emissiounen. Lëtzebuerg huet dëst Joer näischt Neies matbruecht. Et géif elo drëms goen, fir déi gemaachen Annoncen ëmzesetzen.

Zäregas-Emissioune mussen erofgeschrauft ginn, dat ass eent vun den Ziler vum Paräisser Klimaofkommes fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren. Lëtzebuerg steet do net esou gutt um internationalen Niveau, mat engem héije CO2-Ausstouss pro Kapp. De Xavier Bettel verdeedegt d'Lëtzebuerger Klimapolitik.

"Et soll ee mol wësse vu wou ee kënnt a wat ee gemaach huet. An dowéinst mengen ech, brauch Lëtzebuerg sech guer net ze schummen. [...] Mir maache genuch Efforten."

Nach net decidéiert, wéi eng Mesurë vum Klimabiergerrot ëmgesat ginn

Op der Bün op dëser COP27 huet de Premier och iwwer de Klimabiergerrot geschwat, deen hie jo an d'Liewe geruff hat an deem seng 56 Recommandatiounen elo entweder ëmgesat ginn oder net. Vill vun deene sinn immens ambitiéis, sot de Xavier Bettel de versammelten Delegéierten. Wéi eng der Regierung besonnesch gefale gouf een hei net gewuer.

Hie wéilt fir d'éischt mat de Chamberdeputéierten a mat de Membere vum Klimabiergerrot schwätzen an et misst een d'Recommandatiounen am europäesche Kontext gesinn. "Et ass also nach ze fréi fir elo ze soen, wéi eng Mesuren ëmgesat ginn a wéi eng net."

Lëtzebuerg bleift wärend dëser ganzer COP27 vun Delegéierten a Negociateure representéiert. D'nächst Woch stéisst dann d'Ëmweltministesch Joelle Welfring dozou.