Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ypres: De Krich ass nach präsent

Commémoratioun 1. Weltkrich

Ypres: De Krich ass nach präsent

Véier Joer laang gouf a sëllechen Zeremonien uechter Europa un den Éischte Weltkrich erënnert, an deem tëscht 1914 an 1918 iwwer néng Millioune Leit ëm d'Liewe koumen. Eleng an der Belsch waren iwwer 600.000 Doudeger ze bekloen. A wann och elo am Hierscht déi lescht Gedenkfeiere gelaf sinn, heescht dat net, datt dee Krich aus dem Alldag vun de Leit verschwënnt. Well och honnert Joer dono ginn nach all Joer op de fréiere Schluechtfelder ronderëm Ypres an Ostflanderen e puer Honnert Tonne Munitioun fonnt. Dee Volume huet an de leschte Joren net ofgeholl.

auto_stories

4 min

E puer Honnert Leit hu sech op engem Samschdeg Owend, kuerz virun aacht Auer virum an ënner dem Meenen Poort zu Ypres versammelt. Verschiddener hu Kränz mat Klatschmohn aus Plastik matbruecht, an der Mëtt véier Pompjeeën an Uniform mat enger Trompett an der Hand.

Si spillen "The Last Post", zu Éiere vun deenen Zaldoten aus dem Commonwealth, déi am Éischte Weltkrich an dëser Géigend ëm d'Liewe koumen an déi kee Graf hunn. Un de Mauere vum Mémorial sinn iwwer 50.000 Nimm aggravéiert.

"We will remember them"

"We will remember them", ruffen e puer uniforméiert britesch Polizisten, d'Leit widderhuelen dee Saz: "Mir wäerten eis u si erënneren".

Den Evenement ass kee Folklor, seet ee vun den Trompettisten, den Tonny Desodt. Vill Leit komme vu wäit hier fir hei derbäi ze sinn. "Verschiddener spueren laang, fir d'Rees ze bezuelen. Déi meescht kommen aus Groussbritannien, awer och aus Australien, Neiséiland, den USA oder Kanada.

D'Belsch vun Ypres géife sech net ëmmer freeën, well d'Police all Owend den Trafic während der Zeremonie späert. Den Tonny Desodt awer huet der Saach schonn als Kand mat Bewonnerung aus der Fënster vum Appartement just vis-à-vis vum Portal nogekuckt, wou hien opgewuess ass. Mat aacht Joer huet hien ugefaangen Trompett ze spillen, mat 16 Joer ass de Flamänner du Member vun der Trupp vun aacht Mann ginn, déi eng Woch iwwer déi aner zu véier all owes, Punkt aacht Auer hei spillen. Dat mécht hien elo 23 Joer laang an huet net wëlles geschwënn domat opzehalen.

All Dag gëtt Munitioun fonnt

Wéi den Tonny Desodt viru Jore selwer zu Ypres een Haus gebaut huet, sinn all méiglech Saachen aus dem Éischte Weltkrich zum Virschäi komm. Eng Normalitéit hei an der Géigend, virun allem Bauere fannen och haut nach, 100 Joer nom Krich, all Dag Granaten a Bomme bei hirer Aarbecht um Feld.

Wéi vill genee, dat wëssen d'Zaldote vun enger Spezialunitéit zu Poelkapelle, enger Basis vun der belscher Arméi, an engem Bësch ronn 15 Kilometer vun Ypres ewech. Si sammelen d'Munitioun an triéieren an neutraliséiere se.

Spezialunitéit zu Poelkapelle: 60 Demande pro Dag

"Et gouf fënnef grouss Schluechten zu Ypres. An enger eenzeger hunn d'Brite véier Millioune Projektiler bannent zwou Woche verschoss". De Kommandant Maarten Verburg erkläert, firwat grad hei déi Spezialunitéit geschaf gouf. Wat Zaldoten elo hei maachen, nennen d'Spezialisten "iron harvest" - d'Stol-Recolte. An déi huet et a sech.

Een Drëttel vun de Projektiller, déi am Éischte Weltkrich duerch d'Géigend geschoss goufen, sinn net explodéiert. Deels well se am schwéieren, dofir bekannten Ypere-Leem ganz einfach stieche bliwwe sinn ouni lasszegoen.

En Deel vun der Munitioun, déi reegelméisseg bei Ypres fonnt gëtt.

Am Fréijoer an am Summer ass Héichsaison hei op der Basis, wou d'Munitioun, déi fonnt gëtt, minutiéis triéiert gëtt. "Heiansdo schécke mir dann dräi bis véier Equippen eraus, et gëtt Deeg, op deene kréie mir iwwer 60 Demanden."

Keen Enn en vue

All Joers ginn hei an der Géigend 20.000 Projektiller fonnt, vun deenen d'Halschent nach schaarf ass, a vun deenen der ronn 1.000 mat Gëftgas gefëllt sinn. Erauszefannen, ob dat de Fall ass, ass eng Haaptaufgab vun den Zaldoten hei zu Poelkapelle. Déi mat Gëftgas dra ginn an enger zouener Detonatiounskummer gesprengt.

All Joers geschéien Accidenter, well d'Leit sech net bewosst sinn, wéi geféierlech déi honnert Joer al Munitioun ass, seet de Maarten Verburg.

Och de Beruff an der Spezialunitéit ass a bleift geféierlech an et bleift nach genuch ze dinn, méiglecherweis nach eng Kéier fir 100 Joer. "Bis elo hu mir all Joers iwwer 200 Tonne Munitioun agesammelt. An dee Chiffer huet an der Lescht net ofgeholl. Et sinn einfach ze vill Projektiller ënner dem Buedem begruewen."

Wéi den Trompettist vun Ypres ass och de Maarten Verburg ganz zefridde mat deem, wat hien hei mécht. "Eis Aarbecht dréit dozou bäi, d'Géigend méi sécher ze maachen".

100 Joer dono: Den Éischte Weltkrich bleift nach ëmmer aktuell an enger Géigend, déi schwéierst dovu betraff war.