Nei Gesiichter e Méindeg Nomëtteg zu Bréissel op der Reunioun vun de Finanzministeren vum Eurogrupp: Nieft dem däitsche Christian Lindner, der Hollännerin Sigrid Kaag war et och fir d'Yuriko Backes den éischten Optrëtt op der europapolitescher Tribün.
Op hirem 8. Schaffdag als Lëtzebuerger Finanzministesch huet si dobäi kee komplett Neiland betrueden. D'Yuriko Backes hat jorelaang de Jean-Claude Juncker als Beamtin begleet, wéi hie President vum Eurogrupp war.
Deemools hätt si et sech net kënnen dreeme loossen, eng Kéier selwer als Ministerin un deene Reuniounen deelzehuelen, sou d'Yuriko Backes zu Bréissel am 100,7-Interview.
Am Eurogrupp an am Ecofin, dem Ministerrot vun de Finanzministeren aus de 27 EU-Länner, géif et virun allem drëm goen, d'Kolleege kennenzeléieren an eng Vertrauensrelatioun opzebauen.
"Haut a muer wäert ech och den neien däitsche Finanzminister kenne léieren. Mat där hollännescher Kolleegin hunn ech schonn um Telefon geschwat. Bei mir ass et e bëssen anescht, well ech kommen net, wéi déi zwee, aus enger neier Regierung mat engem neien Koalitiounsaccord. Fir Lëtzebuerg kënne mer dovun ausgoen, datt et elo keng Revolutioun am Positionnement gëtt. De Pierre Gramegna huet eis wärend aacht Joer vertrueden an ech gesinn do schonn eng Kontinuitéit op deene groussen Dossieren."
Taxonomie: Lëtzebuerger Positioun kloer
Zu deenen Dossiere gehéiert och dee vun der ëmstriddener Taxonomie. An deem Klassement proposéiert d'Europäesch Kommissioun bekanntlech, Atomkraaft a Gas als "nohalteg" anzestufen. Lëtzebuerg ass do dogéint. Et wier onglécklech, datt d'Kommissioun déi Propos gemaach huet, sou d'Yuriko Backes.
D'Positioun vun der Regierung wier kloer, dorun hätt sech näischt geännert. D'Regierung wéilt sech och weider fir eng gréng Finanzplaz asetzen. Et misst een elo kucken, wéi d'Finanzplaz Lëtzebuerg mat där Propose, deenen zwou Energiequellen ee grénge Label ze ginn, géif ëmgoen.
Den Europa Aktuell
D'Europaparlament kritt eng nei Presidentin
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.