Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yves Mersch: Wirtschaftswuesstem an der Eurozon robust

Ekonomie

Yves Mersch: Wirtschaftswuesstem an der Eurozon robust

D'Wirtschaft an der Eurozon wiisst méi wéi erwaart. D'Europäesch Zentralbank geet elo vun 2,2% Wuesstem fir dëst Joer aus - déi héchst Croissance zanter 2007. Ma d'Inflatioun bleift ënnert der EZB hirem Zil. Dofir wier et ze fréi, fir d'Geld-Politik vun der EZB an déi niddereg Zënsen elo schonn ze änneren, seet den Exekutiv-Direkter bei der EZB.

auto_stories

4 min

Den Yves Mersch schätzt d'Wirtschaftsrelance an der Eurozon als robust an. De Wuesstem wier op verschidden Eurozon-Länner verdeelt. Fir d'Europäesch Zentralbank wier dat e gutt Zeechen. D'Bank hätt dofir och ëmmer méi Vertrauen, datt d'Zil vun engem Inflatiouns-Niveau vu knapp ënner zwee Prozent erreecht gëtt.

Zënse bleiwen niddreg

Trotz gudde Wuesstemsprevisiounen ännert d'EZB elo awer mol näischt un hirer Geldpolitik. D'Zëns-Tauxe ginn net eropgesat, de Leetzëns bleift bei null Prozent. An d'EZB keeft weider all Mount Emprunten a Wäertpabeiere fir 60 Milliarden Euro op.

Den Yves Mersch betount: Strukturell Reformen bei der Währungspolitik kéinten derzou bäidroen, datt d'EZB déi Politik ännert. Eng Ännerung kéint awer schonn am Hierscht kommen. Den EZB President Mario Draghi huet "Decisiounen" iwwert der EZB hire Opkafprogramm vu Wertpabéieren ugedeit. D'Zënsen, par konter, wäerten nach méi laang niddreg bleiwen. Fir d'éischt misst d'EZB déi onkonventionell Moossname wéi d'Opkafe vu Wäertpabeiere fäerdegmaachen.

"Et ass richteg, datt d'Erwaardunge sinn, datt déi nächst Zënserhéijungen eréischt méi spéit kommen"

Risk vun enger Immobilieblos zu Lëtzebuerg?

Den Europäesche Comité fir System-Risiken (ESRB) huet Enn 2016 eng Lëscht vun aacht Länner, dorënner och Lëtzebuerg, identifizéiert, wou et de Risiko vun enger Immobilieblos géif ginn. De Finanzminister Pierre Gramegna huet kee Risiko zu Lëtzebuerg gesinn. A wéi wäit deelt den Yves Mersch Aschätzung vum Lëtzebuerger Finanzminister?

Hie kéint sech net mat eenzele Situatiounen an all Land beschäftegen. Et wier him awer bewosst, datt Lëtzebuerg vum ESRB wéinst dem Risiko vun enger Immobillieblos als rout Zon géif ugesi ginn.

Dobäi betount den Yves Mersch: D'Politik vun der Finanzstabilitéit wier gréisstendeels eng Politik vun den National-Staaten. Et wier deemno och un den National-Staaten, fir bei Stabilitéitsrisiken um nationale Plang entgéintzesteieren. Wann Immobiliepräisser klammen, wier dat net onbedéngt eng Blos.

"De Problem entsteet eréischt (...) wa Leit Sue geléint kréien a se net erëmzebezuele kënnen. Dann huet een ee soziale Problem oder e Banke-Problem. Well d'Banken d'Kreditter fir Immobilien net erëmkréien, an da riskéieren, an eng Schiflag ze kommen. Zu Lëtzebuerg ass dat besonnesch geféierlech, well den Immobiliemaart nëmme vun enger klenger Hand voll Banken getätegt gëtt."

An de strukturellen Elementer vum Immobiliemaart zu Lëtzebuerg géif et deemno effektiv ee Risiko ginn, seet den Exekutiv-Direkter vun der Europäescher Zentralbank. Dee Risiko wier och vun der Lëtzebuerger Zentralbank zanter ville Joren ugemahnt ginn. Et misst ee sech d'Mesure ginn, fir dat ze verfollegen an dogéint ze steieren.

"Dat sinn déi makro-prudentiell Mesuren, déi ee Land sech soll ginn, a wou et muss kloer sinn - wien huet se, wien exerzéiert se, a wéi wäit kann ee goen. Dat ass nach net esou kloer, do hunn ech nach net verstan, wéi et zu Lëtzebuerg ass."

Méi Avoiren ewéi Scholden zu Lëtzebuerg

Am Kontext vun der geplangter Iwwernam vu 90 Prozent vun de Parte vun der BIL duerch déi chinesesch Holding Legend Corporation, huet de Lëtzebuerger Staat jo decidéiert, seng 10 Prozent bei der BIL den Ament net ze verkafen. De Lëtzebuerger Staat ass net just bei der BIL Aktionär, ma och bei der Spuerkeess, der BGL BNP Parisbas an, duerch d'Post, bei der Raiffeisen. Kann oder muss een déi staatlech Participatiounen bei Banken als problematesch ugesinn?

Fir den Yves Mersch ass d'Participatioun vum Lëtzebuerger Staat bei Banke scho ganz héich am Verglach mat anere Länner. Lëtzebuerg hätt do awer ëmmer eng ganz pragmatesch Approche gehat, a wier ni en "aktivisteschen Aktionär" a senge Bedeelegunge gewiescht.

"Et sinn awer ganz vill Suen, déi dodra stiechen. Esouvill, datt d'Netto-Verscholdung vu Lëtzebuerg am Fong net besteet. Sou datt Lëtzebuerg méi Avoiren ewéi Scholden als Staat huet. Doriwwer eraus, wann een Avoiren huet, misst een och eng Politik oder eng Strategie dozou hunn, an déi ass net ëmmer sou erkenntlech."

Dacks wier de Staat an Noutsituatiounen an d'Kapital vu Lëtzebuerger Entreprisen eragerutscht. Ma, an enger kapitalistescher Wirtschaft wier et ëmmer méi einfach an eppes "eranzegeroden" wéi aus eppes "erauszegeroden."