Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

SOT EMOL

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

D'Yvette Gastauer-Claire huet ugangs d'Skulptur als Konschtform weider net kannt. Mee hire Papp war Schräiner, een, ewéi d'Yvette Gastauer-Claire seet, ganz schéine Metier. An als Kand war si dacks an deem Atelier an huet och ugefaangen do ze hëllefen.

auto_stories

3 min

Si huet als Kand selwer geschnëtzt, wat hire Papp och encouragéiert huet. An am Atelier huet si och ëmmer de Léierbouwen nogekuckt an dann huet et da bei hir gekribbelt.

"An do war eng Kéier ee Léierbouf deen net dat gréissten Talent hat, an de Schräiner sot, d'Yvette kéint dat do bestëmmt besser wéi s du maachen. Do hunn Jo gesot. Jo, ech géif dat gäre probéieren.(...) An do war et iergendwann fir mech am Kapp, du gëss Schräiner."

"Do souz ech op enger Dactylosklass"

D'Yvette Gastauer-Claire ass dunn och op 7ième an d'Handwierkerschoul komm, mam Wëllen a mam Zil Schräiner ze ginn. Mee beim Passage op 8ième koum dat d'Deceptioun.

"Ech kommen 8ième an d'Schoul, do souz ech op enger Dactylosklass. D'Meedercher däerfen net an e Männerberuff goen. Do ass eng Welt fir mech zesummegebrach. A méi en dommt Fach konnte se mer wierklech net ginn, wéi dat wou se mech gesat hunn."

An och wann hir Elteren nach intervenéiert hunn, et war näischt dorun ze änneren. Mee hir Mamm huet erausfonnt, datt et an der Stad eng Dekoratiounsklass ginn ass, mat der Optioun op Innenarchitektur ze goen.

"Du gehéiers net heihinner"

Mee well et awer net genuch Schüler fir eng Dekoratiounsklass gouf, ass d'Yvette Gastauer-Claire dunn an d'Klass vun den Typographe komm, wat awer och ganz intressant war. Si hat deemools en Zeecheproff deen awer séier gemierkt huet wéi en Talent d'Yvette Gastauer-Claire hat an huet

"Deen scho vun der zweeter Stonn u gesot huet, so wat méchs du hei? Du gehéiers net heihinner. Ech war awer eigentlech richteg zefridden.(...) An do huet de Proff eng Kéier gesot, dat ass jo alles schéin a gutt, mee do gëtt et eng Schoul, déi heescht Beaux-Arts, an do muss du hin."

A mam Wiessel an d'Sektioun Beaux-Arts am Lycée technique des Arts et Métiers huet d'Yvette Gastauer-Claire dunn, wéi si et nennt, d'Paradäis op Äerde fonnt.

Séier vun der Skulptur ugezunn

D'Yvette Gastauer-Claire ass e Proff, vun deem ëmmer gesot gouf datt een e fäerte muss an e wär esou streng. E Proff deen ni gesot huet, datt ee gutt geschafft huet an och ëmmer streng Punkte ginn huet. Mee scho ganz fréi huet dee Proff d'Yvette Gastauer-Claire am Cour komplett ignoréiert, well normalerweis huet en ganz vill korrigéiert.

"A wou d'Stonn fäerdeg war, do sot hien, du bleifs heibannen. An du sot en déi Aarbecht do ass formidabel, dofir sinn ech net dru gaangen. Ech wollt kucke bis wou s de kéims. Looss mer se stoen, ech maachen zwou Korrekturen drun, an dat war déi éischt Aarbecht déi do versuergt ginn ass. An dat war esou e richtegen Highlight."

An aus dem Kontakt mat deem strenge Proff ass dono och eng gutt Frëndschaft ginn, an d'Yvette Gastauer-Claire huet hire Wee als Sculptrice gemaach.

Aktuell ass der Yvette Gastauer-Claire hir Ausstellung "Les Traces de mes Emotions" am Schëfflenger Konschthaus nach bis de 25. Februar ze gesinn.