Radioen

On air

Notturno  |  Franco Battiato - Centro Di Gravità Permanente - Remastered 2021

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zäit, datt mir dat doten an de Grëff kréien"

Educatioun

"Zäit, datt mir dat doten an de Grëff kréien"

D'Schoulen huelen all Joers eng 2.000 Schülerinnen a Schüler op, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg plënneren. D'Orientatioun an de Suivi vun dëse Kanner soll elo reforméiert ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigtock / smolaw

Eng strukturéiert Demarche fir den Accueil feelt nämlech, heescht et am Gesetzprojet. Obwuel Lëtzebuerg zanter 100 Joer een Awanderungsland ass:

"Et gëtt sou lues Zäit, datt mir dat doten an de Grëff kréien," seet dozou de Pierre Reding, Chef vun der Generaldirektioun fir Integratioun am Educatiounsministère.

D'Stäerkten an d'Schwächte kucken

An Zukunft soll deemno all Kand am schoulflichtegen Alter no senger Arrivée hei am Land als éischt vun deem neie Service fir schoulesch Integratioun an Accueil evaluéiert ginn.

Dobäi sollen net just d'Sproochekompetenze gekuckt ginn, mee de ganze Parcours scolaire, d'Stäerkten an den anere Fächer, wéi och d'Schwächten.

"Wann et vläicht Deficiencen huet, datt mir dat net eréischt entdecken, wa mir d'Kand an der Schoul sëtzen hunn. An dann awer och de Projet de vie vun der Famill. Wëllt déi Famill länger hei bleiwen, ganz hei bleiwen, oder si se just de Passage?"

Schüler:innen an déi regulär Klass integréieren

No der Evaluatioun gesäit de Gesetzprojet vir, datt deen neie Service eng Propos mécht, wéi eng Schoul am Beschte géif passen. Ëmmerhi ginn et mëttlerweil och ëffentlech international Schoulen a vill verschidde Programmer am Secondaire.

D'Zil bleift, datt d'Schülerinnen a Schüler sou séier wéi méiglech solle capabel sinn, fir an eng regulär Klass integréiert ze ginn - och wärend dem Schouljoer, esou de Pierre Reding:

"Wann elo festgestallt gëtt, hei et ass elo prett, et kann elo déi éischt Sprooch a sou vill wéi méiglech an der Reegelklass matmaachen, da soll d'Kand wiesselen."

De Gesetzprojet gesäit ee Suivi wärend bis zu maximal véier Joer vir, fir ze kucken ob den Accueil vun de Schülerinnen a Schüler gutt verleeft, oder ob si anescht mussen ënnerstëtzt respektiv orientéiert solle ginn.

Personal soll net opgestockt ginn

Fir datt d'Schoulen dat néidegt Personal huet fir dës Aufgaben ze meeschteren, soll de Service fir schoulesch Integratioun an Accueil hei och Recommandatioune kënne maachen:

"An da kann de Service soen, mir hunn hei an der Gemeng X an där Primärschoul hu mir ganz vill där Kanner an dofir, léiwe Ministère, musse mir do méi Ressourcen era stiechen ewéi op enger anerer Plaz."

Trotz de villen neien Aufgaben ass net virgesi vill zousätzlecht Personal ze rekrutéieren. Dat wier, well déi lescht Jore scho massiv rekrutéiert gouf fir sech op d'Reform ze preparéieren, erkläert de Pierre Reding:

"Soss hätte mer zum Beispill et net fäerdeg bruecht fir déi 1.300 ukrainesch Kanner tëscht Februar an dem Dag no der Ouschtervakanz, do hate mer de Gros an der Schoul. Wa mir eis net virbereet gehat hätten op d'Gesetz, dann hätte mir déi nimools sou séier beschoult krut."

Conseil d'État wëllt Prezisiounen

De Staatsrot freet a sengem Avis zum Gesetzprojet eng ganz Rei Prezisiounen. Notamment misst méi genau definéiert ginn, wat "élève nouvellement arrivé" heescht.

Do géif nogebessert ginn, seet de Pierre Reding. Gemengt wieren all Schülerinnen a Schüler, déi nei an d'Land plënneren a virdrun och net hei am Schoulsystem waren.