Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zäit fir d'Schoulrentrée

Fräie Mikro

Zäit fir d'Schoulrentrée

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet annoncéiert, datt all Premières-Schüler op de Covid-19 ka getest ginn. Hie wëllt domadder all déi Léit berouegen, déi géint d'Schoulrentrée am Mee protestéieren a sech fir e weideren Homeschooling asetzen. Mee d'Schoulflicht ass kee Lifestyle-Theema, fënnt am Fräie Mikro d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin, a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

4 min

D'Judith Reicherzer ass fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch. Foto: Archiv

Et gëtt keng honnert Prozent Sécherheet, net elo, an och net am Summer, vläicht nächst Joer, vläicht och net. Mir, déi gemengt hunn, mir kéinte mat vill Sport a gesondem Iessen 100 Joer ginn, mussen elo agesinn, datt mir awer grad esou verletzbar si wéi eis Urgrousseltere bei der spuenescher Gripp. A mir mussen eis decidéieren: isoléiere mir eis op eng laang Zäit, oder liewen a schaffe mir zesummen an huelen e Risk.

D'Leit am Bausecteur huelen de Risk elo, wéi scho virdrun hir Kolleeginnen a Kolleegen an de Klinicken an am Cactus. Si all musse fir d'Gesellschaft schaffen, do si sech vill Leit eens.

Educatioun ass kee Lifestyle

Mee iwwer d'Schoulrentrée gëtt diskutéiert, wéi wann d'Educatioun am Klassesall e Lifestyle-Problem wier, wou all Mënsch sech kéint eraussichen, wat e gären hätt. Et gëtt vill Elteren, déi elo grad mat Freed déi Zäit mat hire Kanner genéissen, mat hinne liesen, Kuch baken an am Gaart Blumme planzen. Si poste flott Fotoen aus dem Lockdown op Instagram. Homeschooling ass den neie Yoga.

A wann een déi Commentairen liest an all déi Petitiounen a Mailen gesäit, déi elo zirkuléieren, mengt ee bal, all Mënsch wier elo fir en éiwegen Homeschooling. Kee Premièresexamen an der Schoul, keng Schoul viru September, keng Schoulflicht fir déi Kleng.

Et kéint ee bal mengen, den Unterrecht an der Schoul wier just eng Noutmesure fir déi Schwaach. Fir déi Schüler, déi doheem keng eege Kummer hunn, fir déi, déi doheem kee Lëtzebuergesch schwätzen, fir Kanner mat Besoins spécifiques an nach zur Nout fir déi, wou d'Elteren awer musse schaffe goen.

D'Recht, an d'Schoul ze goen

Mee et gi ganz vill Léit, déi dës Petitiounen net wëllen ënnerschreiwen. Vill Elteren a Schüler, déi sech op d'Rentrée freeën. Vill Enseignantë a Schoulpersonal, déi zanter Ouschteren un der Rentrée schaffen. D'Schoulgebaier gi gebotzt, wéi wann de Virus kéint vun de Mauere sprangen, d'Bänke ginn desinfizéiert, d'Sportshal gëtt zum Examenssall ëmgebaut a fir déi vulnerabel Schüler ginn extra Raim ageriicht, fir datt si awer hir Première kënne schreiwen, awer kënnen an d'Schoul kommen. Nei Stonnepläng, nei Buspläng, nei Toilettëreegelen ... ee giganteschen Opwand. Fir wat?

Fir d'Recht an d'Schoul ze goen. Zanter 140 Joer steet dat zu Lëtzebuerg am Gesetz, et ass eng Schoulflicht fir ALL Schüler. Dat ass vill méi wéi e Recht op Léieren, dat heescht och Coursë mat professionellen Enseignanten, Schaffen a Peer Groups, Educatioun och ausserhalb vun der Famill. Fir all Schüler.

D'Schüler aus der Isolatioun huelen

D'Krisesituatioun zu Lëtzebuerg huet sech fir de Moment entspaant, mir sinn Distanz-trainéiert, de Virus verbreet sech vill méi lues an den Educatiounsministère huet decidéiert, d'Schüler erëm an d'Schoul kommen ze loossen. Net just fir datt si live hirem Proff nokucken. Mee fir si all aus der Isolatioun ze huelen.

Och e perfekt Doheem mat léiwen Elteren an engem Gaart gëtt no enger Zäit e Prisong. An och de beschten Digital Learning, e Livestream, Zoom a Meet kënnen de perséinleche Kontakt mam de Enseignanten a mat de Klassekomeroden op Dauer net ersetzen.

Jo, Homeschooling ass méiglech, dat huet sech elo gewisen. An et sollt och weiderhi méiglech sinn, fir all Leit, déi zu enger vulnerabeler Persounegrupp gehéieren. Mee all déi aner dierfen a musse erëm an d'Schoul.

Jo, och e Buff, e Covid-Test an eng Frupstut bidde keng honnert Prozent Sécherheet. Awer déi vill Mesuren zesumme reduzéieren de Risk weider. Null Risiko gëtt et net am Liewen. Et ass Zäit fir d'Rentrée.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.