Radioen

On air

Notturno  |  Tobias Jesso Jr. - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zanter der Reouverture: 800 Gebuerten an der Ettelbrécker Maternité

Santé

Zanter der Reouverture: 800 Gebuerten an der Ettelbrécker Maternité

An der Ettelbrécker Maternité sinn zanter der Reouverture zejoert am Juni eng 800 Gebuerten assuréiert ginn. Dat wieren der esou vill wéi virun der Fermeture, esou den Direkter vum Centre Hospitalier du Nord, deen no engem Joer ee positive Bilan zitt. D'Ettelbrécker Maternité hat zejoert am Abrëll provisoresch hir Dieren zougemaach. Dat wéinst engem Manktem u spezialiséierten Dokteren am Fall vun enger Urgence bei enger Gebuert. Zwee Méint drop ass se mat engem iwwerschaffte Konzept nees opgaangen.

auto_stories

2 min

Den Dokter Paul Wirtgen ass Direkter vum CHdN. (Foto: Archiv)

Lauschterenplay_arrow


Déi nei Organisatioun géing gutt fonctionéieren, fënnt den Direkter vum CHdN, den Dokter Paul Wirtgen.

"Déi ass nämlech déi selwecht bliwwen elo d'ganzt Joer iwwer, wou mir Ekippen op der Plaz hunn an der Salle d'accouchement, an déi kapabel sinn, d'Reanimatioun vum Puppelchen ze maachen."

Dat wieren d'Hiewan, de Gynekolog an den Anästhesist, déi forméiert si fir d'Reanimatioun ze maachen.

A wa méi Expertise néideg wier, da kéint d'Equipe op der Plaz op d'Télé-Expertise vun den Neonatologen am CHL zeréckgräifen. Dat kéim ongeféier zwee mol de Mount vir, erkläert den Direkter vum CHdN.

Bei der Hallschent dovunner wier en Transfert an d'Stater Neonatologie néideg, déi an Zukunft och soll vergréissert ginn.

"An dofir kréien si eng architektonesch Vergréisserung a wäerten och méi Dokteren hunn. Mee och do, mengen ech weess ech, datt et net ganz einfach ass, fir eben d'Neonatologen op Lëtzebuerg unzezéien."

Eng méi jonk Ekipp

Anescht wier et bei de Gynekologen. An der Ettelbrécker Maternité wieren an deem leschten annerhallwe Joer dräi nei Gynekologen agestallt ginn, esou den Dokter Paul Wirtgen. Domat hätt den CHdN elo alles an allem zéng Gynekologe fir d'Obstetrik, also d' Gebuertshëllef.

"D'Ekipp huet sech ëm en Drëttel verjéngt, wat eng ganz gutt a flott Evolutioun ass. Doduercher si mer och wierklech sécher, dat mer fir d'Zukunft geriicht sinn, dat mer jonk Dokteren hunn, déi weiderhin d 'Maternité wierklech kënnen esou droe wéi et bis elo ëmmer de Fall war."

An Tëschenzäit wier och eng Indemnisatioun virgesi fir d'Garden, déi vun de Gynekologen an Anästhesisten assuréiert ginn.