Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zéng Joer "ass ze laang"

Glyphosat

Zéng Joer "ass ze laang"

De Gebrauch vum Planzeschutzmëttel Glyphosat soll méiglech bleiwen. Et läit aktuell eng Propos an deem Sënn um Dësch - Lëtzebuerg plädéiert dogéint an ass op enger Linn mam Europaparlament.

auto_stories

1 min

"Et ass e komplexe Sujet", seet den Agrarminister Fernand Etgen zum Thema Glyphosat. Et gëtt an der EU scho laang iwwer déi weider Zouloossung vum Planzeschutzmëttel gestridden. D'Wëssenschaftler géife soen, et géif kee Problem ginn, "d'Ëmweltverbänn awer lafe Stuerm", esou de Fernand Etgen. Lëtzebuerg wier géint d'Propos déi virgesäit, datt d'Zouloossung ëm zéng Joer verlängert gëtt. Dat ass dem Fernand Etgen no ze vill eng grouss Zäitspan. De Landwirtschaftsminister betount, d'Fuerschung géif an deem Beräich rasant Fortschrëtter maachen a géif no Alternative sichen.

Decisioun eréischt, wann nei däitsch Regierung steet

"Däitschland a Frankräich di sech schwéier mat der Decisioun ëm d'Verlängerung", esou nach de Fernand Etgen. Aktuell wéisst een nach net richteg, ob et eng Majoritéit dofir oder dogéint wäert ginn. Et wier awer net dovun auszegoen, datt eng Decisioun fält, éier eng nei däitsch Regierung steet.

De Fernand Etgen weist fir Lëtzebuerg op en Aktiounsplang fir d'Reduktioun vun de Pestiziden hin, dee geschwë presentéiert wäert ginn. Deemno sollen de Glyphosat an aner Planzeschutzmëttel fir de privaten an och den ëffentleche Gebrauch verbuede ginn. Si solle nach just ënner bestëmmte Konditiounen dierfen agesat ginn. Allerdéngs misst een no Alternative virun allem fir d'Bauere sichen, ënnersträicht den Agrarminister.