Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Dumbo Tracks - Slow Despair Feat. Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zënserhéijung: wéi eng Bedeitung fir d'Konsumenten?

EZB

Zënserhéijung: wéi eng Bedeitung fir d'Konsumenten?

Déi Europäesch Zentralbank huet rezent ugekënnegt, den nächste Mount d'Leetzënsen ëm 0,25 Prozentpunkte wëllen erop ze setzen: dëst wier déi éischt Erhéijung zënter eelef Joer. D'EZB-Presidentin Christine Lagarde huet dat e Méindeg esou confirméiert. Am September dierft et eng weider Zënserhéijung ginn.

auto_stories

2 min

Wat wäert dëst Enn vun der Null-Zëns-Politik an der Euro-Zone fir d'Konsumente bedeiten? A wat erwaart de Lëtzebuerger Konsumenteschutz sech dobäi vun de Lëtzebuerger Banken?

Et ass néirens festgeschriwwen, a wéi engem Zäitraum d'Banken d'Erhéijung vum Leetzëns un déi Leit viru ginn, déi e Spuerkont hunn: dorun erënnert an dësem Kontext de Guy Goedert:

"Dat wäert geschéien, mee dat geschitt mat Sécherheet net du jour au lendemain. D'Erfarung weist eis, datt éischter wéi elo déi Créditeurs-Zënsen erop ginn, virdrun nach d'Debiteurs-Zënsen - notamment op den Emprunte wäerten erop goen."

Fir déi Leit, déi Sue léinen, wäert d'Leetzëns-Erhéijung deemno een negativen Impakt hunn, erkläert den ULC-Direkter: "Notamment wat Prêts à long terme ugeet, dat heescht d'Hypothéikeprête fir Immobilien, déi lafe jo 20, 30, 35 Joer - do wäert natierlech dann och den Zënssaz à moyen terme däitlech an d'Luucht goen. Dat heescht, Geld léinen notamment à long terme gëtt méi deier."

Wann d'Zënsen erëm klammen, dann ass dat op där anerer Säit positiv fir Leit, déi Suen op hirem Spuerkont hunn: "Fir déi Leit, déi spueren, bedeit et, datt deemnächst och deen Negativzëns op hire Konten, ab gewësse Montante wuel verstanen, wäert verschwannen."

Banke solle Spuerer Zënserhéijung esou séier wéi méiglech weider ginn

Vun de Banken erwaart de Lëtzebuerger Konsumenteschutz sech, datt si de Spuerer esou séier wéi méiglech d'Zënserhéijung weider ginn, ënnersträicht den Direkter vum Konsumenteschutz:

"Do muss d'Bank kucken - si hu jo och vill Emprunte gemaach - fir eng Balance ze fannen tëschent deenen engen an deenen aneren - net datt se op eemol Leit, deenen se Geld geléint hunn, datt se déi an eng Situatioun era manövréieren, wou se mam Bezuelen net méi no kommen. Esouwuel d'EZB wéi och déi eenzel Banken - an hirer Balance vu Spuereinlagen an den Auslagen, déi se hunn iwwer Prêten, musse se eng Balance fannen. Eng Bank huet keen Interêt fir datt Kreditter platze well se ze brüsk d'Zënsen erop setzen."

Trotzdeem géif et ee Risiko duerch d'Zënserhéijunge ginn, fir déi Leit mat engem Immobiliëprêt mat variabelem Taux: "Wann dat elo natierlech nach weider geet... Ech kann net ausschléissen, datt deen een oder deen anere Verbraucher, dee laangfristeg Kreditter lafen huet, datt deen awer villäicht a Schwieregkeete kënnt."