Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zesummeliewe kënnt net vum selwen

Fräie Mikro

Zesummeliewe kënnt net vum selwen

Muer, 21. Mee, ass de Weltdag vun der kultureller Diversitéit, dem interkulturellen Dialog fir de Fridden an der Welt a vun der nohalteger Entwécklung. Dësen Dag misst fir Lëtzebuerg mat senge ville verschiddene Kulturen eng ganz besonnesch Bedeitung hunn. Eng gutt Geleeënheet, sech e puer Gedanken ze maachen iwwer d'Zougehéiregkeetsgefill vun den Awunner zu eiser multikultureller Gesellschaft an iwwer d'Bewosstsinn vun der Politik, datt e friddlecht a solidarescht Zesummeliewe keng Selbstverständlechkeet ass.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

2020 louch de Prozentsaz vun Auslänner an eisem Land bei 47,4 Prozent. All Dag kommen 200.000 Frontalieren aus de Nopeschlänner bei eis schaffen a mat der Explosioun vun de Wunnengspräisser ginn dat der mat der Zäit sécher nach méi. Eleng an der Stad liewen 155 verschidden Nationalitéiten an nëmmen 28 Prozent vun den Awunner si Lëtzebuerger.

Zesummeliewe gëtt nach oft als selbstverständlech ugesinn, Schwieregkeeten an Tensiounen an der Gestioun vun eiser enormer Diversitéit gi kaum berécksiichtegt. Alles leeft jo vum selwen. D'Wichtegkeet vun enger politescher Kultur vum Zesummeliewe gëtt awer elo lues a lues op nationalem a lokalem Plang erkannt. Dem Familljen- an Integratiounsministère seng Initiativ fir lokal Pakte vum Zesummeliewen ze initiéieren, gëtt an ëmmer méi Gemengen ëmgesat.

Net just Schlofgemengen

Wéi eng Erwaardunge stiechen do derhannert? D'Awunner sollen an de Gemengen net just schlofen, mee sech aktiv mat abréngen, um Veräinsliewen, un der Politik an un enger solidarescher Noperschaft deelhuelen. Als responsabel Bierger solle si sech un der Gestaltung vun der Gemeinschaft bedeelegen. Alldeeglechen Austausch soll net nëmme méi innerhalb vun de Communautéiten an de soziale Milieue bestoen, mee interkulturell tëschent allen Awunner gefërdert ginn, sou datt jiddwer Awunner d'Gefill kritt, Deel vun der Gemeinschaft ze sinn.

D'Covid-Kris huet eis däitlech spiere gelooss, wéi schnell d'Isoléierung fir eis all zu engem Problem ka ginn. Fir d'Kontakter tëscht den Awunner an der Strooss, am Quartier, am Duerf oder an der Gemeng ze dynamiséiere, kann eng NopperschaftsApp en éischte flotte Schrëtt an déi richteg Richtung sinn. Am Géigendeel zu Facebook ginn hei net weltwäit Interessegemeinschaften oder Frëndeskreesser verbonnen, mee hondsfriem Leit aus der Noperschaft, Neier ewéi laang Agesiessener, Lëtzebuerger an Auslänner, mam Zil fir Informatiounen, Hëllefsdéngschter oder Saachen auszetauschen a gemeinsam Aktivitéiten ze organiséieren. Eng NoperschaftsApp notzt déi digital Vernetzung fir d'Leit an der Realitéit zesummen ze bréngen a bitt de Gemengenautoritéiten eng Plattform, fir d'Bierger un der Organisatioun vum gemeinschaftleche Liewen ze bedeelegen.

Den zivillen Ëmgang ënnerenee kënnt net vum selwen

En nohaltegt Zesummeliewen am Sënn vum internationalen Dag vun der Diversitéit setzt awer virun allem eng politesch Determinatioun viraus. Wéi vill Gemenge berécksiichtege bei der Besetzung vun de konsultative Kommissiounen d'Zesummesetzung vun hirer Populatioun? Mee wéi oft gëtt d'Meenung vum Bierger tatsächlech gefrot? A wéi wäit notze mer eis Villsproochegkeet, fir der Diversitéit och am politeschen Alldag gerecht ze ginn? Wéi gesäit et aus mat der alldeeglecher Wëllkommskultur an eisen Administratiounen?

Den zivillen Ëmgang ënnerenee kënnt net vum selwen. Eraus aus der Anonymitéit an dem Egoismus, eran an eng nohalteg solidaresch Gesellschaft, déi Brécke baut tëscht de Mënschen! Dobäi geet et net nëmmen ëm Lëtzebuerger an Auslänner, mee och ëm d'Solidaritéit tëscht de Generatiounen, de Geschlechter an de soziale Schichten, ëm e verantwortlechen Ëmgang mat der Ëmwelt oder ëm ekonomesch Gerechtegkeet.

D'Erausfuerderunge vun enger nohalteger Gesellschaft kënne mer nëmmen zesummen ugoen.Leider privilegiéiert eisen ekonomesche Modell awer den Individualismus. Do musse mer dogéint steieren. Net mat grousse Wieder, mee mat konkreten Handlungen am Alldag. Nëmmen zesummen - Lëtzebuerger an Auslänner - kënne mer eng nohalteg a gerecht Gesellschaft am interkulturellen Dialog ëmsetzen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.