Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Eng Systematik vun der Péng

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ziler net erreecht

Taxireformen I & II

Ziler net erreecht

Am Taxisecteur solle weider Reformschrëtt kommen. D'Zieler vun der leschter Reform vum September 2016 wieren net alleguerten erreecht ginn, huet de François Bausch rezent bilanzéiert. Ugeduecht ass, datt et nëmmen nach eng eenzeg Taxizon hei am Land soll ginn, d'Offer am Secteur soll vergréissert ginn an d'Rechter vun de Cliente solle viru gestäerkt ginn. De Lëtzebuerger Konsumenteschutz ass der Meenung, datt d'Taxispräisser hei am Land nach ëmmer ze héich sinn. Der ULC no misst et der Branche an éischter Linn dorëm goen, fir weider Clienten ze gewannen.

auto_stories

4 min

Iwwer d'Hallschent vun de Leit, déi hei am Land wunnen, huelen ni de Taxi. Dat ass d'Resultat vun enger TNS-Ilres-Ëmfro vu virun engem Joer. Taxisentreprisë solle sech esou opstellen, datt si eng Offer zu engem raisonnabelen Tarif ubidden, recommandéiert de Guy Goedert, Chargé de Direction vum Konsumenteschutz. Et wier net am Interêt vun den Taxisentreprisen, fir Leit duerch ze héich Tariffer oder ze mann Taxien an de Spëtzestonnen ze verschrecken. D'Taxisentreprisë misste "sech eben eng afale loossen", fir eng attraktiv Offer ze gestalten.

"Weider Offer stimuléieren"

Den Transportminister seet, de Bierger wier säi wichtegsten Interlocuteur. D'Leit missten e Service ugebuede kréien, mat deem si zefridde sinn an dee si dofir och méi notzen. Et wier e "komplizéierte Secteur". Och de François Bausch wëllt an éischter Linn d'Offer stimuléieren. An déi Richtung wier deen éischten Deel vun der Reform gaangen. Dem François Bausch no sollt och weider an déi Richtung diskutéiert ginn. Fir déi zweet Reform géif hie sech "en oppene Geescht vum Secteur" erwaarden.

Fir Ufank Mee ass eng Entrevue tëschent dem grénge Minister an der Taxisfederatioun geplangt, fir iwwer dem François Bausch seng Reformvirschléi ze diskutéieren. Bis de Summer soll eng gemeinsam Linn fonnt ginn, fir weider Upassungen am Secteur, wënscht sech de François Bausch. Geschitt dat net, da wéilt hie seng Responsabilitéit iwwerhuelen.

De Ministère hätt seng Aarbecht gemaach, bis de Summer sollen all d'Fakten um Dësch leien, fir opzeweisen, wat een a weideren Etappe misst maachen. Et wäert een och probéiere fir een Text ze finaliséieren, deen eventuell nach an de Regierungsrot soll kommen. Dat géif awer och vum Verlaf vun den Diskussiounen ofhänken. Bis déi nächst Legislaturperiod géif jiddefalls "ee Pabeier am Tirang leien", sou de François Bausch. Zum Minister senge Virschléi a Conclusioune wëllt Taxisfederatioun fir de Moment näischt soen. Et wier een am gaangen eng Analyse dovun ze maachen, heescht et op eis Nofro hin.

Präisentwécklung briechen

Bis elo wier den Taxismarché nach ëmmer ze vill zou, huet de Minister bei sengem Tëschebilan festgestallt. Dowéinst géif dru geduecht ginn, fir aus de momentan sechs Taxiszonen eng eenzeg ze maachen an Taxislizenze jee no Demande eraus ze ginn, dat heescht jee no Besoin vum Marché. D'Bereetschaft vum Marché, fir sech a punkto Zonen ze beweegen, schätzt de François Bausch als niddereg an. Hie rechent mat vill Widderstand an Diskussiounen. Et wiere sécher e puer Entreprisen, déi "hir Chasse gardéen" géife verléieren, mee d'Präisentwécklung kéint doduerch wahrscheinlech opgebrach ginn, sou de Minister.

Duerch nëmmen nach eng eenzeg geographesch Taxiszon hei am Land géifen et Vir- an Nodeeler ginn, stellt de Guy Goedert vun der ULC fest. Wann déi aktuell sechs Zonen duerch eng Zon remplacéiert géife ginn, dann dierft d'Konkurrenz sech op verschiddene Ballungspunkten, zu verschiddenen Zäiten ofspillen. Dat wier ëmmer do de Fall, wou grouss Transportrouten zesumme lafen, zum Beispill op der Gare an der Stad, dem Findel, generell am Zentrum oder ronderëm den Zentrum. De Guy Goedert mengt, datt een dee Moment "eng concurrence acharnée" géif kréien, déi wahrscheinlech dozou géif féieren, datt verschidde méi kléng Taxisentreprisen eventuell op der Streck bléiwen.

Taxispräisser klamme weider

Bei sengem Bilan no annerhallwem Joer "déifgräiffender Taxisreform" huet de Minister gesot, datt Taxispräisser vun 2013 bis 2017 ëm an der Moyenne eelef Prozent geklomme sinn. Dat ass däitlech méi staark, wéi d'Käschten an deem Zäitraum an d'Luucht gaange sinn.

Dës Entwécklung duerch d'Liberaliséierung am Taxissecteur géif hien net iwwerraschen, erkläert de Guy Goedert. Genee virun dëser Gefor hätt d'ULC jorelaang gewarnt. D'Erfarung mat der Liberaliséierung vun anere Marchéen iwwer déi lescht Joerzéngten zu Lëtzebuerg hätt gewisen, datt d'Resultat ëmmer eng Hausse vun de Präisser war.

De Minister sengersäits huet d'lescht Woch och oppen zou ginn, datt d'Ziler bei de Präisser net erreecht goufen. Et hätt een eng méi diversifizéiert Präis-Offer geschaaft. Mat enger grousser Campagne sollen d'Clienten elo nach besser informéiert ginn, datt d'Präisser fräi sinn, datt et also Ënnerscheeder tëscht de Präisser gëtt.

Wëll Taxie gréisstendeels verschwonnen

De Ruff vun der Taxisbranche schéngt besser ze sinn, wéi nach virun e puer Joer, stellt de Guy Goedert vum Konsumenteschutz fest. Déi "wëll Taxien", wiere gréisstendeels vum Maart verschwonnen. Och de Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister huet ënnerstrach, datt dës Ziel vun der Taxisreform vun 2016 ganz sécher erreecht gi wier. Duerch déi repressiv Moyene wier ass de Secteur "gebotzt ginn".

Taxislizenzen hei am Land goufen et der Enn 2017 521. Maximal autoriséiert wieren der 610. Reklamatioune beim "Taxi-Service" am Ministère goufen et der d'lescht Joer 273. Déi meescht dovu wéinst dem Behuele vum Chauffeur, well den Taxi net de kierzte Wee gefuer ass, respektiv wéinst iwwerdriwwene Präisser.