Dieselgate Zivilrechtlech oder strofrechtlech géint Autosconstructeuren?

D'Plattform Dieselgate.lu wëllt eng Sammelklo géint Autosconstructeuren erareechen. De Lëtzebuerger Konsumenteschutz wëllt dat net méi. D'ULC erwaart sech éischter eng Prinzipien-Entscheedung.

Betty Gillen / ys

Deckel vum Tank
Foto: Bigstock / Eugeene Sergeev

De Konsumenteschutz (ULC) wëllt keng Sammelklo méi maachen. Zwee bis dräi Fäll sollen zesummen traitéiert ginn, fir ee Präzedenzfall ze schafen.

Et wieren déi selwecht Tatsaachen an dee selwechte juristesche Problem. No enger "Décision de principe dierft et méi einfach sinn, datt herno aner Leit, déi wëllen hir Rechter geltend maachen, kënne viru Geriicht goen an dovunner profitéieren", seet de Bob Schmitz, Affekot vun der ULC. D'Riichter wieren allerdéngs net gezwongen, fir an engem weidere Jugement deem éischten ze follegen.

Dieselgate.lu hält u Sammelklo fest

D'online-Plattform Dieselgate.lu hält un der geplangter Sammelklo fest. D'Touring Association Luxembourg (TAL) wëllt 1.000 Leit zesummekréien, fir eng Sammelklo géint VW ze maachen. Aktuell si ronn 1.300 Persoune Member vum Grupp op Facebook. Fir d'Plainte ageschriwwen hu sech bis elo ëm déi 80 Leit, sou de Pascal Berchem, President vun der TAL.

Et hätte sech och Spezialisten un der Initiativ interesséiert gewisen. "Dat si Leit, déi fir Bréissel, also op der Communautéit, aktiv waren. Just am Thema Emissiounen." D'Sammelklo géif offiziell net esou bezeechent ginn, seet de Pascal Berchem. Iwwer d'Chamber wéilt een zousätzlech och nach eng Petitioun maachen, well d'Lëtzebuerger Gesetz keng Sammelklo géif virgesinn.

Verschidde juristesch Pisten

Iwwer d'Piste vun der TAL seet de Bob Schmitz vum Konsumenteschutz, d'Charge de la preuve wier vill méi schwéier. "An do kann ee wierklech op d'Nues falen." TAL géif strofrechtlech virgoen, d'Demarche vun der ULC wier zivilrechtlech, erkläert den Affekot.

D'ULC an d'TAL stinn zwar a Kontakt mateneen, mä si wäerte juristesch net an déi selwecht Richtung goen, seet och de Pascal Berchem.

Virun zwee Joer war bekannt ginn, datt verschidde Konstrukteuren d'Ofgaswäerter vun Autosmoteure verfälscht haten.

Méi zum Thema

Auspuff.jpg
Automobil-Branche

De Verband vun den däitschen Auto-Constructeuren hat Ufank August no enger Reunioun mat der däitscher Regierung matgedeelt, mat den Ännerunge bei der Software vu fënnef Milliounen Autoe kéint een d'NOX-Emissiounen ëm 25 bis 30 Prozent erofsetzen.

Ofgaser
Dieselgate

Virun engem Joer gouf de VW-Ofgasskandal opgedeckt, mee och aner Hiersteller hu gefuddelt. D'EU-Kommissioun géif d'Enquêtë bewosst blockéieren, seet den EU-Deputéierte Claude Turmes.

Auspuff
Dieselgate

Bei Emissiounstester gouf gefuddelt. Dat ass zanter dem September kloer. Intern Dokumenter aus der EU-Kommissioun weisen, datt et scho virum VW-Skandal Verdachter gouf. Gehandelt gouf awer net.

Auspuffen
Ëmwelt an Transport

Net just VW, mee och eng 30 Diesel-Autoe vun anere Marquen hunn ze héich Stéckoxidwäerter, seet eng Bréissler ONG. Zwee vun de concernéierten Autostype kruten hir Autorisatioun zu Lëtzebuerg.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen