Radioen

On air

De Moien  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zoue Grenzen: Gëtt et eng Spargelzäit ouni Spargelen?

Mäin Europa

Zoue Grenzen: Gëtt et eng Spargelzäit ouni Spargelen?

Geschwënn ass Spargelzäit, mee et ass nach net kloer, ob et dëst Joer vill Spargele wäert ginn. Mam schlechte Wieder huet dat näischt ze dinn: Nee, et huet politesch Ursaachen. Den Zesummenhalt an der Europäescher Unioun gëtt an der Corona-Kris nämlech zolidd op d'Prouf gestallt. Wat dat mat eise Spargelen ze dinn huet, där Fro geet de Rick Mertens an eiser Serie Mäin Europa op d'Spuer.

auto_stories

8 min

Dem Rick säi Reportage fänkt op der däitscher Grenz un.

"Mir stinn hei op der Bréck iwwer d'Musel hei zu Wuermer. Normalerweis kënnt een hei ganz einfach eriwwer an eist Nopeschland. Am Moment ass awer e klenge Stau op der Bréck. Do sti sechs Autoen hannereneen. Déi mussen nämlech waarde fir kontrolléiert ze gi vun der däitscher Police. Et gëtt net jiddwereen eriwwer gelooss am Moment. Just wann een e gudde Grond huet. An dat huet och wirtschaftlech Auswierkungen, well et sinn am Moment net déi eenzeg Grenzkontrollen an Europa ..."

D'Tschechesch Republik war viru gutt zwou Wochen dat éischt EU-Land, dat am Kampf géint de Coronavirus nees Grenzkontrollen ageféiert huet. An et huet net laang gedauert bis anerer nogezu sinn. Ënner anerem Polen, Dänemark an och Däitschland. Wat zanter 25 Joer normal ass, steet domat op der Kipp: Déi fräi Zirkulatioun vun EU-Bierger bannent dem Schenge-Raum.

Wéi vill Geschäftsleit ass och de Georges Eischen op dës fräi Zirkulatioun (an der EU) ugewisen. Hien ass Gerant an Associé vun der Provençale. Beim Grossist zu Leideleng kommen all Dag frësch Liewensmëttel aus villen europäesche Länner un a ginn da weiderverkaf, u Restaurateuren, Geschäfter a Privatleit. D'Wueren ze kréie wier och weiderhi kee Problem, seet de Georges Eischen.

"D'Grenzen si fir de Wuerentransport - jiddefalls vum Süden an den Norden - net wierklech zougaangen. Déi Grenzen sinn haut nach alleguer op. An och haut fueren nach Camionen do doduerch."

Keng akut Liwwerengpäss fir de Moment

Akut Liwwerengpäss wieren an de leschte Woche net entstanen, betount de Georges Eischen, och wann emol den een oder anere Camion en Dag méi spéit ukomm wier.

An awer sinn déi grouss Lagerhalen zu Leideleng am Moment gréisstendeels eidel. Net well et u Wuere feelt, mee well manner Wuere gebraucht ginn. A ganz Europa wiere momentan manner Leit, et wiere keng Touriste méi do an "hei am Land sinn d'Frontalieren net do".

"Et si keng Leit an den Hotellen, an et gëtt jo och näischt ze féieren. Sou datt do einfach komplett Secteuren net méi um Marché sinn. Esou datt d'Demande dann och fält."

Bei verschiddene frësche Produiten sinn, mat der Demande, och d'Präisser däitlech agebrach. Zum Beispill beim Fësch. Dees gëtt vill manner verkaaft, zanter d'Restauranten zou sinn. Aner Produite gi guer net méi ugebueden, well d'Demande ganz fort ass. "Ech huelen elo hei: Pigeon, do ass elo keen, deen dat keeft. Dat ass en typesche spezialiséierte Restauratiouns-Artikel. Et keeft elo keen eng Dauf - fir doheem", sou de Georges Eischen.

Méi komplizéiert ass et dogéint beim Uebst a Geméis, wou verschidde Präisser zäitweis geklomme sinn. Hei kommen déi zoue Grenzen (nämlech) nees an d'Spill.

"Déi Leit, déi déi Recolte maachen, wat ganz dacks Leit sinn aus deenen ëstleche Länner, Polen, Rumänien an esou Länner. Déi hunn decidéiert Heem ze goen, well si net wossten op si soss nach géifen an hiert Land erakommen. Doduerch war du manner Main-d'oeuvre op de Felder."

Dat huet net nëmmen en Impakt op d'Präisser, mee et ka fir déi betraffe Baueren am Süden och bedeiten, datt se guer näischt an d'Kees kréien, well vill Produzenten am Moment guer net wéissten, wéi se hir Wuere solle recoltéieren, "déi riskéiert um Feld ze verfaulen".

Wie recoltéiert d'Spargelen zu Lëtzebuerg?

Betraff sinn dovun net just Baueren, an Italien an a Spuenien, mee och Produzenten zu Lëtzebuerg.

Zu Hënsdref bei Luerenzweiler steet den Yves Hoffmann a sengem Spargelfeld. Nach bléist e kale Wand iwwer déi laanggezunne Spargelskéip.

"Mir rechnen domat, datt mer an ongeféier annerhallwer Woch kënnen ufänken mat der Recolte. Momentan hu mer eng Duerchschnëttstemperatur vun aacht Grad am Buedem. Wa mer elo nach e puer sonneger Deeg kréien, dann hu mer gläich déi 12 Grad areecht, an da rechne mer domatt, datt mer a plus ou moins annerhallwer Woch kéinten ufänken."

Soubal déi Temperatur erreecht ass, sinn déi éischt Spargelen ënner der schwaarzer Plastiksbaatsch ze fannen, déi d'Kéip waarm hält. All Spargel muss eenzel mat der Hand gestach ginn - eng schwéier kierperlech Aarbecht, mee den Yves Hoffmann weess nach net, wien déi dëst Joer op senge Felder wäert maachen.

"Mir hunn normalerweis fir eng normal Recolte, wa mer déi néng Hektar Produktioun hunn, hu mer eng 15 bis 20 polnesch Mataarbechter. Mee wéi dat mat de polnesche Mataarbechter virugeet, dat weess nach keen esou richteg."

Polnesch Grenzen sinn zou: Mataarbechter aus Polen kënnen net op Lëtzebuerg schaffe kommen

Déi däitsch Regierung huet nämlech d'lescht Woch decidéiert, datt d'Grenzen déi nächst zwee Méint sollen zoubleiwen. Domat mussen net just däitsch Bauere bei der Recolte ouni Saisonsaarbechter aus dem Osten eens ginn. Och fir dem Yves Hoffmann seng polnesch Mataarbechter ass de Wee op Lëtzebuerg verspaart.

"Mir sinn a Kontakt, mee dat lescht wat mer elo gëschter Moien nach héieren hunn, dat ass datt si am Moment nach ëmmer net aus Polen erauskommen. Mir schaffen haaptsächlech mat polnesche Mataarbechter, a si maachen d'Grenze bis elo nach ëmmer net op. Mir sinn am Moment elo op dem Punkt, wou mer kucke fir mat Privatleit kënnen zesummenzeschaffen, déi déi momentan elo doheem setzen, déi keng Aarbecht hunn. Et ass och do en Opruff u Privatleit, déi sech da wierklech géife bereet stellen fir kennen ze hëllefen. Déi kënne sech da mellen. Mir kucken, datt mer esou e bësse virugehollef kréien."

Zwee bis dräi Studenten hätte sech och scho gemellt, esou den Yves Hoffmann. Hie betount awer, datt d'Recolte all Dag misst gemaach ginn, och bei schlechtem Wieder an och de Weekend.

"Eng Spargel, déi bleift net stoen, och wann et Weekends ass. Déi wiisst all Dag. An d'Recolte, déi muss all Dag gemaach ginn. Och samschdes a sonndes. Op et elo reent, op et 30 Grad sinn, déi Recolte, déi muss virugoen. Mir kënnen net einfach stoe bleiwen. Et ass dat, wat dono e bëssen e Problem mécht: Wann et reent, an du muss am Schloreen do stoen, da mécht et mir keng Freed fir ze schaffen, an deenen anere Leit och net. An trotzdeem muss d'Produktioun virugoen."

D'Wënzer sinn och op auslännesch Saisonieren ugewisen

Virukomme muss och d'Aarbecht am Pol Funck senge Wéngerten op der Musel. Am Moment hunn d'Drauwesteck hanner der Poll Fabaires Kellerei nach keng Blieder. Mee soubal déi an engem Mount ausschéissen, gëtt et och nees méi Aarbecht.

"Wann d'Laafaarbecht ugeet, wou mer am Fong d'Qualitéitsaarbecht fir den Hierscht maachen, wou d'Drauwe solle gutt sinn, da gëtt ganz vill am Laf geschafft, d'Blieder mussen erausgeholl ginn, d'Enner mussen eropgebonne ginn. Do brauche mir Leit aus dem Ausland. Do komme ganz vill Polen eran awer och Rumänen. Déi eis dann hëllefe fir déi Aarbechtsspëtzt, déi mer dann hu vun zwee, dräi Méint, fir déi ze briechen. Well déi packe mer da mat eisem Stammpersonal normalerweis net."

De Wäibau ass zu Lëtzebuerg, dee landwirtschaftleche Beräich, wou am meeschten auslännesch Saisonsaarbechter gebraucht ginn - och wann d'Envergure net mat Länner wéi Däitschland ze vergläichen ass.

"Et ass eben esou, datt déi Betriber op Grond vun der Entwécklung all méi grouss gi sinn. Wou ee soss esou eppes nach selwer konnt mat der Famill maachen, brauch een elo Saisonieren, déi déi Spëtzte kënne briechen. Et ass am Wanter ëmmer, wou een der eng Kéier brauch, zwee Méint, an am Summer dräi Méint."

De Pol Funck, dee Vizepresident am Comité vun de Vinsmoselle ass, schätzt datt an de Summerméint bis zu 300 auslännesch Saisonieren am Lëtzebuerger Wäibau gebraucht ginn. Well net kloer ass, ob d'Situatioun un de Grenze sech bis dohinner geännert huet, sicht d'Landwirtschaftskammer am Moment zesumme mam Ministère no anere Léisungen.

Mat de Gedanke schonn am Hierscht

Eng Méiglechkeet wier fir Leit aus anere Secteuren eriwwer ze huelen, déi de Moment am Chômage partiel sinn. Deementspriechend Gespréicher géife momentan scho lafen. "Fënnt ee Leit do? Dat ass jo nach déi aner Fro, op d'Leit och bereet sinn, dat ze man", freet sech de Pol Funck, deen och ënnersträicht, datt et eng immens ustrengend kierperlech Aarbecht wier, déi an de Réck geet. Owes wéisst een "wat ee gemaach huet".

Am Hierscht ginn an de Miseler Wéngerte souguer ëm déi dausend Leit gebraucht, déi bereet si sech der Aarbecht ze stellen. Da mussen déi zeideg Drauwen nämlech bannent nëmmen e puer Woche gelies ginn. De Pol Funck huet dofir d'Hoffnung:

"Datt mer vläicht nees, wéi se alleguer, erëm en normale Summer hikréien, wou mer och dobaussen op der Terrass nees zesummen e Patt kënnen drénken."

Zu dem Ament ass et dann och vläicht nees méi einfach, fir iwwer d'Wuermer Bréck eriwwer an Däitschland ze fueren.