Haiti Zousätzlech Hürde bei Hëllef no Äerdbiewen
No dem schwéieren Äerdbiewen op Haiti gëtt déi humanitär Hëllef duerch politesch Instabilitéit erschwéiert. Dat betoune Médecins Sans Frontières, déi op der Plaz bei de Rettungsaarbechten hëllefen.
D'Naturkatastroph trëfft Haiti an engem besonnesch prekärem Moment: nieft der Covid-Kris stécht d'Land an enger politescher Kris, nodeems de President Jovenel Moïse de leschte Mount ëmbruecht gouf. D'Ëmstänn vun dësem Mord mussen nach gekläert ginn.
Limitéierten Accès
Déi politesch Instabilitéit am Land géif d'Rettungsekippe virun zousätzlech Hürde stellen, seet d'Christina Fernandez vun MSF Lëtzebuerg. Virun allem kéint een net esou séier agéieren - fir an de Südoste vum Land ze kommen, hätt MSF missten duerch eng Zon, déi vu bewaffente Gruppe kontrolléiert gëtt. Heifir hätt een awer missten eng Autorisatioun kréien, op déi een huet misste waarden.
Wéinst der politescher Instabilitéit hätt d'ONG hir Presenz op Haiti missen zeréckschrauwen, esou d'Christina Fernandez. Déi éischt Prioritéit wier am Moment fir Blesséierter medezinesch ze versuergen a fir d'Spideeler un d'Goen ze kréien. Et géif eng Penurie u Medikamenter an u Bluttspende ginn, esou MSF.
Millioune vu Leit sinn op humanitär Hëllef ugewisen
Mëttlerweil gëtt geschat, datt bal 1.300 Leit virgëscht beim schwéieren Äerdbiewe gestuerwen an eng 6.000 Leit blesséiert goufen. Fir si ze ënnerstëtzen, wëllt MSF dës Woch zwee Cargofligere mat medezineschem an humanitärem Ekipement vu Bréissel op d'Karibikinsel schécken.
MSF schätzt, datt virum Äerdbiewe scho 4,4 vun den 11 Milliounen Haitianer op humanitär Hëllef ugewise waren. Eng Zuel. déi elo warscheinlech nach weider wäert klammen.