Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Arkmauser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Schanz wäerten abordabel Wunnengen entstoen

Baugeneemegung gouf accordéiert

Op der Schanz wäerten abordabel Wunnengen entstoen

De Projet vun abordabele Wunnengen um Site vun der fréierer Schoul op der Schanz ka realiséiert ginn: Abitatio - de soziale Promoteur, deen zu därselwechter Fondatioun gehéiert wéi d'Agence immobilière sociale (AIS) - krut d'Autorisatioun fir hire Projet ze realiséieren.

auto_stories

2 min

De roude Punkt weist, datt d'Constructioun vum Buergermeeschter autoriséiert ginn ass. (Foto: Maurice Molitor)

Lauschterenplay_arrow


D'Ënnerschrëft ënnert déi Baugeneemegung war eng vun de leschten Amtshandlunge vum Buergermeeschter Camille Kohn. Hie geet den 11. Juni net méi mat an d'Walen. Dat hätt awer näischt mam Projet Schanz ze dinn.

"Nee, ganz kloer nee! Et ass net deen dote Projet, dee mech dozou geféiert huet."

Et war éischter déi perséinlech Liewesplanung an e Gefill vu "J'ai donné" no 18 Joer Schäfferot, dovun zwielef als Buergermeeschter, esou de Camille Kohn.

"D'Schanz war sécher keen einfachen Dossier, absolut net. Mee et ass net de Grond firwat ech ophalen."

Enn 2019 haten déi Responsabel vun der Gemeng Bech de Projet virgestallt. Ugangs war rieds vun zéng abordabele Wunnengen, déi um Site vun der aler Schoul op der Schanz sollten amenagéiert ginn. Direkt gouf et Protest dogéint, an dofir sinn d'Pläng och relativ séier op sechs Unitéite reduzéiert ginn.

D'Duerf wäert net "op d'Kopp" geheit ginn

Mee och dat war de Géigner vum Projet, déi mat Ënnerschrëftelëschten duerch d'Duerf gezunn an all Tëschendécisioun vun der Gemeng viru Geriicht kontestéiert hunn, nach ze vill.

"Zesumme mat der AIS ass du gekuckt ginn, fir de Projet esou akzeptabel fir d'Schanzer Leit ze maache wéi méiglech, ass elo op véier erofgaangen. Sou datt mir vu véier Wunnengen, dat heescht aacht Erwuessener plus sechs bis aacht Kanner schwätzen."

Dat dierft esou een Duerf wéi d'Schanz awer net op d'Kopp geheien, mengt de Camille Kohn.

Theoretesch kéint elo direkt mat de Bauaarbechten ugefaang ginn, och wann nach dräi Méint Zäit ass, fir d'Geneemegung unzefechten. Mee sou gutt wéi dësen Dossier gepréift gi wier virun der Ënnerschrëft, hätt ee Recours wuel nëmme wéineg Aussicht op Erfolleg, mengt de Camille Kohn.

Ka säin Nofollger d'Autorisatioun dann net nees réckgängeg maachen? Da misst en awer e Verstouss géint dat kommunaalt Bautereglement noweisen. An datt et esou e Verstouss gëtt, schléisst den Nach-Buergermeeschter am Fong aus.