Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuchverbindung tëscht Lëtzebuerg a Bréissel soll manner laang daueren

Mobilitéit

Zuchverbindung tëscht Lëtzebuerg a Bréissel soll manner laang daueren

Fréistens 2028 sollen d'Zich tëschent der Stad a Bréissel däitlech manner wéi déi aktuell ronn dräi Stonne laang brauchen. Dat Zil hunn de lëtzebuergeschen an de belsche Mobilitéitsminister haut um Bord vum EU-Ministerconseil um Kierchbierg genannt.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Fir d'Fuerzäit vun den Zich tëschent de béiden Haaptstied ze verkierzen, an d'Effikassitéit vun der Eisebunn ze vergréisseren, mussen ënner anerem eng Partie Kéieren op der belscher Säit vun der Streck korrigéiert ginn, an eng Partie Infrastrukturen erneiert ginn, huet de grénge belsche Vize-Premier a Mobilitéitsminister Georges Gilkinet erkläert. Eng éischt Etapp wier et elo fir d'Faartzäit ëm 30 Minutten ze reduzéieren. "Mais on a l'ambition d'aller plus loin."

De Mobilitéits-Minister François Bausch huet schonn elo méi een ambitiéist Ziel fir d'Joer 2028 genannt, fir d'Zuchverbindung mat Bréissel.

"Wann et mir no geet, zwou Stonnen, ganz kloer. Et muss een natierlech och kucken, et hänkt e bësse vum Material of, wat um Marché ze kréien ass. Mee dat modernt Material, wann ech kucke wat mir elo kaaft hunn zum Beispill vun Alstom, dat ass Super-Material. An der technescher Innovatioun ass grad um Schinnereseau keng Limitte gesat."

De Minister huet kritiséiert, datt d'EU-Kommissioun net méi géif ënnerhuele fir der Belsch beim Finanzement vun der Moderniséierung vun der Zuchstreck ze hëllefen.

2016 war ugekënnegt ginn, datt Lëtzebuerg - Bréissel mam Zuch schonn am Joer 2023 nëmmen nach gutt zwou Stonnen hätt sollen daueren.